Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Basic-Check: Einfach emol weisen, wat ee kann
closing line for dating profile

Basic-Check: Einfach emol weisen, wat ee kann

Um Méindeg hunn d‘Presidente vun der Salariatskummer an der Handwierkerkummer,

free dating applications for iphone
closing line for dating profile

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?

Am Kader vun der Konferenz, déi am Kampf géint sexuell

Lëtzebuerg zielt iwwert 96.000 Portugisen
closing line for dating profile

Lëtzebuerg zielt iwwert 96.000 Portugisen

Eis portugisesch Matbierger maachen haut insgesamt 16% vun eiser Populatioun

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt

En Juli ass um Krautmaart de Gesetzprojet 7311 gestëmmt ginn, mat deem den Zäitraum vun der „Krankmeldung“ vun 52 op 78 Woche verlängert gëtt. Am Gesetz enthalen, eng progressiv Reprise vun der berufflecher Aktivitéit aus therapeutesche Grënn. D‘Gesetz amendéiert och d‘Reform vun der Fleegeversécherung.

Fir den LCGB gëtt mat dësem Gesetzprojet d‘Geleeënheet verpasst, fir eng reell Verbesserung vum rechtméissege Schutz vu kranke Salariéeën, an d‘Interesse vu ofhängege Persounen, ze erreechen. De LCGB werft dem Sozialminister vir, am Kontext vun de Chamberwahlen am Oktober, grouss Fortschrëtter am Sozialberäich ze „verkafen“. D‘Realitéit wier awer eng ganz aner:

„D‘Dispositiounen am Bezuch op de Krankheetsfall bedeite fir de Patron e klore finanziellen Avantage, während et fir de Salarié e scheie Schratt no vir ass. Wat d‘Assurance Dependance betrëfft, esou ass de Schued hei schonn den 1. Januar 2018 ugeriicht ginn. De Minister huet hei missen nobesseren, wat awer nëmme partiell gelongen ass“.

Beim LCGB ass een dann och erstaunt iwwert déi onbekëmmert Approche, déi vill Froen opwerft wat d‘Finalitéit vum Gesetzprojet 7311 betrëfft.

Verlängerung vum Krankeschäin zum 1. Januar 2019

Well déi automatesch Kënnegung vum Aarbechtsvertrag vun de Salariéeën am Privatsecteur ëm 26 Woche verlängert gëtt, muss een awer eng Verbesserung unerkennen. Fir den LCGB bleift awer de grondleeënde Problem ongeléist, well e Salarié dee schwéier Krank ass, nach ëmmer automatesch Entlooss gëtt, firwat hien an eng Prekär Lag „gedriwwe“ gëtt.

Esou ee legale Mechanissem definéiert den LCGB als „sozial Guillotinn“. Dofir hält den LCGB u senger Revendicatioun fest, all Kënnegung wéinst Krankheet fir de Privatsecteur ofzeschafen, a fuerdert d‘Schafung vun engem Schutzmechanissem wéi en am ëffentlechen Déngscht besteet.

Progressiv Reprise vun de berufflecher Aktivitéit

An dësem Dossier stéiert sech den LCGB och dorunner, datt all Dag vun der „progressiver Reprise“ als vollen Dag an der Berechnung vun der Limitte vun den 78 Woche berécksiichtegt gëtt. Dat ouni datt den Undeel vun der reeller Aarbechtsleeschtung géif an d‘Berechnung afléissen. Dat steet am Géigesaz zum therapeutesche „mi-temps“, deen nëmmen als hallwen Dag comptabiliséiert gëtt.

Den LCGB huet dann och monéiert, datt de finanziellen Impakt vum Gesetzprojet, sech bei der Gesondheetskeess (CNS) mat 34 Milliounen Euro zugonschte vum Patronat, beziffere léisst.

Dobäi bréngt d‘Verlängerung vum Krankheetsfall op 78 Wochen, e Käschtenopwand a Faveur vun den Assuréierten an Héicht vun 5 Milliounen Euro. Kee Wuert awer zu de Käschten déi mat de Certificate vun Aarbechtsonfäegkeet, déi integral, während dem Zäitraim vun der progressiver Reprise vun der berufflecher Aktivitéit, zu Laaschte vun der CNS ginn.

An den LCGB weist drop hin, datt esouguer de Staatsrot ähnlech Kritiken, an sengem Avis vum 17 Juli, formuléiert huet. Deen huet ënnerstrach, datt déi progressiv Reprise vun der berufflecher Aktivitéit, eigentlech dorops erausleeft, datt d‘Patronat „Subventionéiert“ gëtt, well déi „krank“ Mataarbechter eng Aarbechtsleeschtung erbréngen, déi vun der Kollektivitéit bezuelt gëtt.

Hei misst och ersiichtlech sinn, datt bei der Berechnung vun der gesamten Zäitraum wou de Salarié krank gemellt ass, an den Undeel vun der progressiver Reprise vun der berufflecher Aktivitéit afléisst, den eigentlechen Avantage vun der Verlängerung vun 52 op 78 Woche fleete geet.

Mee déi parlamentaresch Kommissioun huet sech dovunner net stéiere gelooss, a constatéiert just, datt e Salarié dee seng Aarbecht nees „progressiv“ ophëlt, net am vollen Ëmfang dem Patron zur Verfügung steet. An esou sinn si der Opfaassung, datt déi progressiv Reprise vun der berufflecher Aktivitéit, sech aus therapeutesche Grënn ergëtt.

Amendementer am Kader vun der Fleegeversécherung

De LCGB hält fest, datt de Staatsrot schonn d‘Kritik vun der COPAS opgegraff hat, wat den Echange vun de Garden, zu 50% vun de maximaler Zäit déi fir ee Joer virgesi sinn, betrëfft. Dat géif derzou féieren, datt d‘Flexibilitéit verluer geet, an souwisou an der Praxis net ëmzesetzen ass. Och erstaunlech, datt déi parlamentaresch Kommissioun a sengem Rapport, d‘Recommandatioune vum Staatsrot mam Argument ignoréiert, datt eng Berechnung op d‘Joer fir déi Betraffe besser wier.

A schliisslech ass et de Rapport vun der Kommissioun fir Aarbecht a Soziales, an deem näischt enthalen ass, wat sech mam begleeten Ausgang beschäftegt. Net mat der Ofschafung an och net datt se angeblech nees agefouert géifen. De LCGB hat gefuerdert, datt een hei nees op de Stand vu virum 1. Januar 2018 misst zréckkommen.

D‘Léisung déi vum Minister zréckbehale ginn ass, schléisst eng ganz Rei ofhängeg- Leit aus, well d‘Recht op begleeten Ausgang, mat der Gruppe-Gard konditionéiert ass. Ee vun de Kritäre fir d‘Attributioun ass d‘Presenz vun enger informeller Persoun déi hëlleft. Dorausser ergëtt sech, datt de LCGB déi agereechten Amendementer nëmmen zum Deel matdroe kann. D‘Gewerkschaft huet och beschloss en A op déi konkret Ëmsetzung vun den Amendementer ze halen.

Ähnlech Sujeten Fleegeversécherung, Gesetzprojet 7311, Krankeversécherung, LCGB, Soziales
Nächsten Artikel Virrechten Artikel