Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Guide fir een Dag: Lëtzebuerg authentesch erliewen
Kultur Neiegkeeten

Guide fir een Dag: Lëtzebuerg authentesch erliewen

Dir gitt gäre wanderen, mä eleng mécht et nëmmen hallef esou

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden
Kultur Neiegkeeten

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden

De „Conseil Supérieur de la Jeunesse“ (CSJ) hat rezent dem

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…

Et wierkt wéi eng Ironie vum Schicksal, datt direkt zwee

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?

Déi grouss Vakanz ass geschwënn eriwwer, d’Schoul geet nees un. Mir, d’Elteren an d’Kanner, wëssen wat dat heescht – et gëtt nees méi geléiert an d’Hausaufgabe musse gemaach ginn. Deeg gi méi kuerz, d’Wieder méi kal …

Dowéinst gëtt de Spaass ganz gäre vernoléissegt – Smartphones, Internet an Playstatioun suergen fir Oflénkung, allerdéngs kënnt hei déi eege Fantasi a Kreativitéit ze kuerz.

Dowéinst sti meng Virwëtztuten am September ënnert dem Motto Kanner. An dëse Virwëtztuten ass niewt dem Kannerbuch och nach ee klengt Heft, Bläistëft a Bick – villäischt kréien jo Är Kanner nom Liesen selwer Loscht eng Geschicht ze schreiwen. Oder ze molen.

A wa mir ganz éierlech sinn – och eis Elteren géif et gutt doen emol e Kannerbuch ze liesen. An deem ganzen Alldagsstress, vergiesse mir nämlech eppes ganz Wichteges… Eis selwer, oder villméi d’Kand an eis.

Dat muss regelméisseg gefiddert ginn, fir dass den Erwuessenen an eis, glécklech an zefridde bleift. Eng flott Kannergeschicht ass gutt fir Häerz a Séil – an heiansdo déi beschte Medizin, fir d’Moral e bëssen ze hiewen.

Loosst Iech op dëst Experiment an – probéiert et aus. Ech si mir sécher, dass et Iech gefale wäert.

Hei kënnt Dir d’Tut direkt bestellen:

https://facebook.com/commerce/products/2621525594539743

Äre Bichergeck

Ähnlech Sujeten de Bichergeck, Kannerbicher, Virwëtztuten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel