Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit
Crazy Meenung

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit

Dee laangen a beschwéierleche Wee vun enger säit 2010 gefuerderter

OGBL: D‘Wahlprogrammer am direkte Verglach
Crazy Meenung

OGBL: D‘Wahlprogrammer am direkte Verglach

No der Reunioun vum OGBL-Nationalcomité huet de Gewerkschaftspresident André Roeltgen

coollaughing
Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul
Crazy Meenung

Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul

Obschonns déi nei Zentralschoul a Clausen zanter der Rentrée vum

tongue

Eng Visioun, wéi (k)eng aner?

E Kommentar

Eng Visioun, wéi (k)eng aner?

Mat engem séieren Tram bis 2035 bis op Belval – dat ass dat, wat een eng Visioun nennt! Et ass dat, wat mer bis elo e bësschen am Wahlkampf gefeelt huet. Et kann ee sech freeën, well et zwar nach ëmmer ëm de Wuesstem geet, mee et op mannst eng konkret Iddi ass, wéi een domat kann ëmgoen. Dat ass e gudde Krack besser, wéi dat blousst lamentéieren, datt mer en net oder méi oder manner bräichten.

De Wuesstem kënnt, egal wéi. Während déi eng nach probéieren mat den 1,1 Milliounen Awunner Panik ze maachen, wier et besser, dat ganzt pragmatesch unzegoen. Dat heescht: Realiséieren, datt eis Populatioun an d’Grenzgänger éischter zou- wéi ofhuele wäerten. Dat bréngt Erausfuerderunge mat sech. Jo, Erausfuerderungen an net Problemer, wéi verschiddener gäre bezeechne wëll. A fir dës unzegoen, braucht ee konkret Iddien.

Den ëffentlechen Transport muss ënnerstëtzt ginn, wa mer laangfristeg denke wëllen

Am Verkéier heescht dat, datt een ewech vun engem konstanten Ausbau vun den Autobunne a Stroossen ewech kënnt. A Plaz sollten d’Schinne weider ausgebaut ginn, souwuel beim Zuch, wéi och beim Tram. Déi ugeduechte Strecken an der Stad, sou wéi op Mamer an eventuell och op Jonglënster, sinn do eng exzellent Iddi. Wat méi Offer, wat méi Attraktivitéit. Eng zweet Streck op Beetebuerg, déi am Bau ass, ass do och e weidere positive Schrëtt.

Well mir mussen eis virun An halen, datt déi aktuell Kapassitéite limitéiert sinn. Et brauch een nëmmen ze kucken, wéi vill Zich ze spéit kommen oder ausfalen, fir dat ze begräifen. Zu de Stousszäite feelt et un allen Ecken an Enner. Eng Reorganisatioun vum RGTR-Réseau hëlleft do, e grousst, gemeinsamt Konzept och, mee nei Schinne braucht d’Land. Wann en Express-Tram et riichte ka fir de Süde vum Land, dann ass dat ëmsou besser. En Tram huet de Virdeel, eenzel Quartiere direkt unzefueren.

Wat mer am Moment nach feelt – a wie meng Artikelen hei reegelméisseg liest, weess wat kënnt – ass eng Visioun fir d’Nordstad. Zwar gëtt d’Ettelbrécker Gare elo ausgebaut, mee soss feelt mer beim sougenannten drëtten Entwécklungspol vum Land e bësschen e Konzept. Op mannst gëtt op Schinne gesat, wat gutt ass, mee hanner Ettelbréck – esou hunn ech mol héieren – geet d’Land anscheinend nach weider. Mee hei loossen d’Visiounen nach op sech waarden…

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg, Süd-Tram, Tram
Nächsten Artikel Virrechten Artikel