Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO
Neiegkeeten

Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO

Den héijen UN-Kommissär fir Mënscherechter huet sech um Mëttwoch iwwert

Editorial: Wann de Flavio op héijem Niveau jéimert…
Neiegkeeten

Editorial: Wann de Flavio op héijem Niveau jéimert…

Et gëtt Mënschen, deene kanns alles vir an hannen erastiechen,

Den Oktober gëtt Rosa – Lafe géint Broschtkriibs
Neiegkeeten

Den Oktober gëtt Rosa – Lafe géint Broschtkriibs

Am Kader vum rosa Oktober, internationale Mount vum Broschtkriibs, proposéiert

Eng Warn-App fir Lëtzebuerg a (bal) ganz Europa?

Un a fir sech hält d‘Regierung um analogen Tracing fest, d‘CSV wëll den digitalen Tracing nach emol debattéieren – Aus Däitschland kéinten der gréisser Oppositiounspartei am Land elo, quasi duerch déi „hënnescht Dier“ eng Rei Argumenter zougeschoustert kréien.

Eng Warn-App fir Lëtzebuerg a (bal) ganz Europa?

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler, deen an de leschte Woche widderholl gefuerdert huet, datt mir eis nees sollten iwwert den Asaz vun enger Tracing-App ënnerhalen, dierft sech iwwert den Tweet vum Robert-Koch Institut (RKI) gefreet hunn. Eis däitsch Noperen hunn sech jo eng APP geleescht, déi och vum Computer Chaos Club (CCC) als onbedenklech agestuuft gëtt.

Et ass wuel net esou, datt de Computer Chaos Club zur Installatioun réit, mee si bescheinegen den Entwéckler (SAP & Telekom) hutt geschafft a fir Transparenz gesuergt ze hunn. Et hätt Virschléi vun der Communautéit ginn, déi dann och an dëser App ëmgesat goufen. Fir de Linus Neumann, Spriecher vum CCC, dee vun der Politik éischter als Nervesee verkläert gëtt, ass dat gutt a richteg.

Aus grondsätzlechen Erwägungen huet den CCC nach ni e Produkt oder eng Déngschtleeschtung recommandéiert, a wäert dat och fir dës App net maachen. De Linus Neumann stellt awer fest: „D‘App ass deen éischte groussen ëffentlech finanzéiert Open Source Projet an Däitschland. Do kann sech d‘Bundesregierung dach och emol op d‘Schëller klappen“. Dann ass alles gutt?

App„Jaein“ heescht et do säitens der Oppositioun am Bundestag a besonnesch déi „dir Grünen“ hunn do bedenken. Manner mat Technologie u sech, well och si vertrauen der Expertise vum CCC. Mee si hunn Zweiwel ob et beim „Fräiwëlleg“ bleift. Si stellen d‘Fro: „Wat ass wann Entreprise, Butteker oder Veranstalter nëmmen nach Leit eraloossen, déi dës App installéiert hunn?“

Aner Stëmmen erhiewen sech, a wëlle wësse wéi ee mat Entreprisen ëmgeet, déi hiren Aarbechter dës App wëllen opzwéngen, oder déi zur Viraussetzung maache fir eng Aarbechtsplaz ze kréien? Hei gëtt ganz däitlech virun engem „Belounungssystem“ gewarnt. Datt hätt ee per Gesetz kënne verbidden, mee d‘Bundesregierung huet dat däitlech zréckgewisen. D‘Bedenke sinn also berechtegt.

Pro a Kontra

Fir d‘App schwätzt, datt si den Dateschutz respektéiert a fräiwëlleg ass. All Notzer kann se zu all Ament läschen an et dierf kee bestrooft ginn, deen se net installéiere wëll. Si verbrauch – am direkte Verglach mat aneren Appen – kaum Stroum, huet also kaum Afloss op d‘Benotzung vum Handy. Alles war een zur App wësse muss, gëtt zudeem gutt an explizit op der Säit vum RKI erkläert.

Fir dës APP gëtt dann och masseg Reklamm a bal alle verfügbare Medie gemaach. Bedenklech hei: et si grouss Patronen an deels „Prominenter“ déi sech heifir asetzen. Vill vun hinne sinn éischter ëmstridde Personnagen déi „gewësse“ politesch Ideologie vertrieden an ënnerstëtzen. An da léist sech d‘App och net op eelere Smartphonen installéieren. Dorops huet och d‘Fraktiounspresidentin vun déi gréng, Josée Lorsché, an der Chamber kloer higewisen.

Besonnesch an de Menage mat klengem Akommes, mee och esou Leit, déi hirem Telefon esou laang Trei sinn, wéi dësen säin Déngscht mécht, gëtt den Handy net – obwuel d‘Operateuren sech dat genau esou wënschen – all gudden Dag géint de neiste Modell ausgetosch. Bei eisen Noperen, géif dat op ronn 27 Millioune Smartphonen zoutreffen, also engem Drëttel vun allen Handyen…

AppElo ass dann dës „Wonner-App“ international verfügbar an och Lëtzebuerger sollen se sech kënnen op den Handy lueden. Wéi dann elo awer den Tracing fir de Lëtzebuerger funktionéiert, a wéi d‘Daten am Fall vun engem positiven Test dann och vun den hei zoustännegen Autoritéite kënne genotzt ginn, dozou konnt sech den RKI net äusseren, dat géif net an hirer Zoustännegkeet leien.

Wien dann elo awer och, wéi d‘CSV, dovunner iwwerzeegt ass, datt esou eng App déi besser Léisung ass, kann sech dësen Tool op säin Handy installéieren. Fir komplett ze sinn, muss awer och drun erënnert ginn, datt esou eng App nëmmen dann och wierklech en Notzen huet, wa mindestens zweedrëttel vun der Populatioun se hunn, an d‘Date vun eisen Autoritéite kënne genotzt ginn.

Ähnlech Sujeten Claude Wiseler, Contact-Tracing, Corona Warn-App, CSV, Däitschland, RKI, Robert Koch Institut
Nächsten Artikel Virrechten Artikel