Search

You may also like

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi
Meenung Neiegkeeten

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi

Déi sëllechen Opriff, d‘Verantwortung vum saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane,

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou
Meenung Neiegkeeten

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou

Laut engem Rapport vun UN-Experten, hëlt de Mënschenhandel a Libyen

Teheran stéchelt, Washington beschwichtegt
Meenung Neiegkeeten

Teheran stéchelt, Washington beschwichtegt

Datt sech d‘Lag an der Golfregioun duerch d‘Ermordung vum iranesche

Editorial: Eng Welt voller Mësstrauen

Editorial: Eng Welt voller Mësstrauen

75 Joer no de bis haut eenzegen Atomwaffenasätz (Hiroshima & Nagasaki) musse mir eis bewosst ginn, datt eng Welt ouni Atomwaffe beschtefalls en utopesche Gedanken ass. Wuel gëtt et haut vill manner Atomsprengkäpp wéi nach an den 80er Joer, mee déi ronn 14.000 déi et haut op der Welt gëtt – an vun deenen der ee puer ganz no bei Lëtzebuerg „stationéiert“ sinn – bleiwen eng Gefor.

D‘Haaptacteuren op der Bühn si sécherlech nach ëmmer d‘USA a Russland, mee China, Frankräich, Groussbritannien, wéi och Indien, Israel, Nordkorea oder Pakistan, hunn sech en nukleaart Arsenal zougeluecht, a nennen esou eppes „hir Liewensversécherung“. Dem Iran wéi och Saudiarabien gëtt ënnerstallt, datt och si Atomwaffe wëllen, wat d‘Welt net wierklech méi Sécher maache géif.

Elo soll dann och nach alles vill méi modern ginn: méi kleng, méi treffsécher an endlech och seriéis asazfäeg. Jo dir liest richteg „asazfäeg“. Am Pentagon ass een mëttlerweil iwwerzeegt, datt een haut Atomwaffe geziilt géint strategesch Ziler asetze kann, ouni déi laang negativ Folgen erdroen ze mussen, wéi dat fréier mat den onprezise monstréise Massevernichtungswaffen de Fall war.

Sécher… et geet den Atomwaffespärvertrag vun 1968. Deen ass allerdéngs beschtefalls e Witz a leider net eescht ze huelen. Ënnerschriwwen hunn den Accord 122 vun 193 Natiounen, ratifizéiert gouf en awer vu grad emol 40, firwat net ee Wuert aus dësem Text verflichtend ass. D‘Amerikaner an d‘Russen, mee och China hu guer net d‘Absicht den Atomwaffespärvertrag ëmzesetzen.

Indien, Israel a Pakistan hunn sech den Text net emol ugekuckt, Nordkorea ass 2003 ausgetrueden an d‘USA hunn den INF-Accord iwwer Bord geworf. Dat et dozou komm ass, ass natierlech de Russen hir Schold an huet näischt domadder ze dinn, datt si hiert nukleaart Arsenal erneiere wëllen. De Problem: esoulaang wéi eng Natioun eng Atombomm besëtzt, wëllen déi aner och eng.

Illustratioun: Op Atomwaffen oder den Asaz vu chemesche Kampfstoffer, dës Mënschheet gëtt einfach net besser… (Gerd Altmann / pixabay)

Related topics Atomkrich, Atomwaffen, Atomwaffespärvertrag, Editorial, Mini-Nukes
Next post Previous post