Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Kënne méi Zeechen Twitter op d’Spréng hëllefen?
Neiegkeeten

Kënne méi Zeechen Twitter op d’Spréng hëllefen?

Twitter huet déi lescht Joer fir vill schlecht Noriichte gesuergt.

money
EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee
Neiegkeeten

EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee

Et hat vill Zouversiicht ginn an den EU-Rotspresident Charles Michel,

Oppene Bréif: Altersheemer a Spideeler mussen nees e Besuchsrecht kréien
Neiegkeeten

Oppene Bréif: Altersheemer a Spideeler mussen nees e Besuchsrecht kréien

Madamm Minister Lenert, Madamm Minister Cahen, Dir Dammen an Häre

Esch-Uelzecht: Wéi eng Zukunft fir d‘Waldschoul?

D‘Kanner pedagogesch op den Ëmgang mat Natur virbereeden ass wichteg a sënnvoll

Esch-Uelzecht: Wéi eng Zukunft fir d‘Waldschoul?

Am Kontext vun der Escher Waldschoul hunn d‘Conseillere vun déi lénk eng Rei Froen un de Schäfferot geriicht. Heibäi geet et ëm de Fonctionnement an d‘Gestioun vun enger Escher „Institutioun“ déi jo elo zur „Maison Relais“ gëtt, wat gewëssen Ännerunge mat sech bréngt.

Esou wollt d‘Conseillère Line Weis wësse wéi et sech mat den Aschreiwunge verhält, wéi een hei de Scheck-Service asetzt, op déi Leit déi hir Kanner umelle wëllen op eng Waardelëscht kommen – esou wéi dat generell de Fall an de Maison Relais ass – an op déi „net an enger Maison Relais ageschriwwe Kanner“ nach just un den Aktivitéiten an der Summervakanz deelhuele kënnen.

D‘Schäffin Mandy Ragni (déi gréng) erkläert dozou, datt d‘Prozedur vun der Aschreiwung fir déi Aktivitéiten déi nomëttes an der Summervakanz stattfannen, onverännert bleiwen an och weiderhi vum Schoulservice geréiert ginn. Et géif zudeem och keng Verflichtung op enger Waardelëscht ze stoen, et muss ee just Schéck-Service Kaart ugefrot hunn, fir an der Summervakanz matzemaachen.

Wat leeft um Site?

Nodeems den Ëmweltministère der Gemeng d‘Verantwortung iwwerdroen huet, sech ëm den edukativen a pedagogesche Volet zur Ëmwelterzéiung ze këmmeren, a wëssend datt de Büro vun den Enseignante déi sech domatter befaasst hunn opgeléist ginn ass – nodeems d‘Waldschoul renovéiert gouf an elo eng Maison Relais ass – wéist d‘Conseillère gäre wéi et weidergeet.

D‘Aktivitéiten, esou d‘Mandy Ragni, ginn och weiderhin nom Studieplang ausgeriicht a gi vun den Enseignanten an de Pädagoge geplangt, dat an Zesummenaarbecht mat de Ministère fir Educatioun an Ëmwelt. De Virdeel vun dëser Kooperatioun: d‘Pedagoge kënnen iwwert dëse Wee op vill méi edukatiivt Material zougräifen. Zudeem sollen d‘Aktivitéite vun allen Acteuren elaboréiert ginn.

Et soll an dësem Kontext och eng Konventioun mat de genannte Ministère ginn. An dëser soll dann och festgehale ginn, datt déi Escher Kanner virrangeg vun dëser „Bildung“ solle profitéiere kënnen. Am Ellergronn géif et zudeem Büroen déi kënne genotzt ginn an och dat bestoend Material soll weider am Gebrauch bleiwen. Wéinst de Renovatiounsaarbechte gëtt et e reduzéierte Programm.

Wat huet et mat de Schoulklassen op sech?

Wann d‘Renovatioun bis ofgeschloss ass, soll et zwou Schoulklassen um Site ginn, déi während de Schoulstonne genotzt ginn. Wat huet domatter op sech a wéi verbënnt sech dat mat der Maison Relais, vu datt eng „gedeelten Notzung vun der Infrastruktur“ virgesinn ass? Och stellt sech d‘Fro vum Schoultransport. Et wier net ëmweltfrëndlech wann d‘Elteren hir Kanner mam Auto ofhuelen.

Laut der Schäffin gëtt, wann d‘Waldschoul bis renovéiert ass, de selwechte System ugewannt wéi an der Schoul Kleppen. Dat heescht datt d‘Klassesäll „villfälteg“ genotzt solle ginn. Also fir eng pedagogesch Formatioun zur Ëmwelt, wéi och fir d‘Maison Relais. Den Transport vun de Kanner gëtt vum Schoulbus iwwerholl, d‘Eltere sinn net supposéiert hir Kanner sichen ze kommen.

Op dräi Plazen?

D‘Line Weis freet ob am Kontext vun der Extensioun vun der Formatioun op d‘Standuerter vum Ellergronn an Déierepark, déi zoustänneg Leit informéiert sinn a wéi si an d‘Konzept agebonne ginn? Wichteg wier et och, wéinst dem regionale bis nationale Charakter vum Projet, ze wëssen a wéi engem Ëmfang Kanner aus anere Gemengen en Usproch op dës „Formatioun“ dierfen hunn.

Hei huet d‘Mandy Ragni bestätegt, datt déi Verantwortlech vum Ellergronn an dem Déierepark entspriechend informéiert goufen an natierlech an d‘Prozeduren agebonne ginn. Si schaffe mat de Pedagogen um Konzept fir dat nächst Schouljoer. Wat d‘Kanner aus anere Gemenge betrëfft esou ass schonn drop higewise ginn, datt mat de Konventioun déi Escher Kanner Prioritéit hunn.

D‘Aarbechten un der Waldschoul sollten zäiteg ofgeschloss ginn, esou datt de neie Konzept ab dem 1. Trimester 2021 a Kraaft triede kann. Wat d‘Repartitioun ugeet, esou mussen d‘Eltere vun de Kanner hiren „Interêt“ manifestéieren. D‘Plaze gi gläich der Prozedur wéi se aktuell fir d‘Crèche APASE an der Bëschschoul ugewannt gëtt, zougewisen. D‘Kanner vun der Bëschschoul kënnen och an der Waldschoul ageschriwwe ginn.

Ähnlech Sujeten déi lénk, Esch-Uelzecht, Line Weis, Mandy Ragni, Waldschoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel