Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 3 R Symposium: Wëssenschaftlech Déiereversich reduzéieren
International Neiegkeeten Stories

Den 3 R Symposium: Wëssenschaftlech Déiereversich reduzéieren

Um 6. November 2019 hunn de Romain Schneider, Minister fir

Och am Bësch kann der gehollef ginn
International Neiegkeeten Stories

Och am Bësch kann der gehollef ginn

En Tour duerch d‘Gréngs a besonnesch een duerch d‘Bëscher vun

Wëllkomm am Naturstaat: Eng Aventure fir Kleng a Grouss!
International Neiegkeeten Stories

Wëllkomm am Naturstaat: Eng Aventure fir Kleng a Grouss!

Zënter dem 31. Juli kënnt och Dir op eng spannend

Een engagéierte Schoulmeeschter: Wéi de Zane Powles seng Schüler versuergt

Een engagéierte Schoulmeeschter: Wéi de Zane Powles seng Schüler versuergt

Dëse Mann lieft säin Job a suergt sech ëm d’Wuelergoe vu senge Schüler. All Dag leet de Zane Powles ëm 8 Kilometer zu Fouss zeréck, fir senge Schützlingen Lunch-Packs ze bréngen a sech iwwert hire gesondheetlechen Zoustand ze informéieren.

Et si 78 Schüler déi hie besicht, 18 kg Iessen déi e mat sech dréit an eng Streck vun iwwer 8 km, déi de Zane Powles, Schoulmeeschter un der Western Primary School zu Grimbsy (englesch Grafschaft Lincolnshire) zeréckleet.

Zane Powles

© zaneyteacher / Twitter

„Wou mir Mëttwochs vum Lock-Down gewuer gi sinn, ware mir besuergt, ob eis Kanner wäerte sécher sinn, wat mat dem gratis Schoul-Iesse passéiere géif, mir kéinte si jo net all Dag gesinn. Wat ech entscheet hunn ze maachen ass, ee Plang zesummenzestellen, ze kucke wou dat gratis Schoul-Iesse sech befënnt an andeems ech hinnen et all Dag bréngen, kann ech d’Kanner gesinn, si kréien ee Mëttegiessen an d’Eltere kënnen hir Kanner am Haus behalen an d’Reegele vum Lock-Down respektéieren“, erkläert de Zane am Interview.

Zane Powles

© PCSO Andy Whittaker / Twitter

Hie selwer wëll awer net als Held ugesi ginn, mee definéiert seng Aktioun als Deel vu senger Aarbecht. Ma, mat sengem Enthusiamus an Tatendrang huet de Schoulmeeschter och aner Aarbechtskollegen ugestach, fir ze hëllefen. Mam Auto brénge si d’Lunch-Packs un déi Famillen, déi méi wäit ewech wunnen.

Lock-Down an de UK: Wat bedeit dat fir d’Schüler?

Um 23. Mäerz 2020 huet de britesche Premierminister Boris Johnson d’Reegele presentéiert, fir esou d’Verbreedung vum Covid-19 ze limitéieren. Just een Dag méi spéit huet de Lock-Down ugefaangen, wat dann fir d’Bevëlkerung bedeit huet, datt si just fir Akeef, Sport, Dokterbesich an d’Aarbecht dat eegent Doheem verloossen dierf.

Schonn um 20. Mäerz 2020 sinn nieft Restauranten, Caféen, Bars a Pubs och d’Schoulen zougemaach ginn. D’Regierung huet decidéiert, datt vulnerabel Schüler a Kanner, deenen hir Elteren an engem kritesche Beruff schaffen, vun der Schoul mat gratis Lunch-Packs versuergt ginn.

Diskutéiert gëtt, datt ähnlech wéi bei eis, d’Schoulen an Etappen nees wäerten opmaachen. Et wéilt een hei dem wëssenschaftleche Rot nogoen, fir de richtegen Zäitpunkt fir d’Schoulen nees opzemaachen ze wielen.

Opmaacherbild: © zaneyteacher / Twitter

Ähnlech Sujeten Bildung, Covid-19, Educatioun, Ernierung, Gesondheet, Groussbritannien, Held, Iessen, Lunch-Package, Pandemie, Schoulmeeschter, Schüler, UK, Versuergung, Zane Powles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel