Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft
Meenung

Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft

Leschte weekend huet d’Aktioun Good Food Good Farming a ganz

moneysurprise
Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht
Meenung

Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht

Et ass eng vun de gréisste Frachtfluchgesellschaften op der Welt

dislike
Wat fir e Wäert huet en Benevolat hautdesdaags nach?
Meenung

Wat fir e Wäert huet en Benevolat hautdesdaags nach?

Ënnert Benevolat verstinn ech all Zorte vu fräiwëllegen Déngscht. Vum Engagement

Editorial: Bei Engel versus Wilmes ass mäi Choix kloer

Editorial: Bei Engel versus Wilmes ass mäi Choix kloer

Et sinn nach gudder zéng Deeg bis zum CSV-Nationalkongress, an zanter de Wënsch zum neie Joer ass jo och gewosst, wien d‘Kandidate fir d‘Presidence vun der nach ëmmer gréisster Vollekspartei vu Lëtzebuerg sinn. Den Europadeputéierte Frank Engel an den Deputéierte Serge Wilmes. Et kann nëmmen ee vu béiden de Virsëtz iwwerhuelen, a mäi Kandidat ass ganz kloer de Serge Wilmes.

Gutt, als Schreifmaschinn vun enger vun de klengste Redaktiounen am Land, ass dat eng wéineg riskant Ausso, zemools de Gros vun den aneren Zeitungen sech – aus wellechem Grond och ëmmer – sécher schéngt, datt et nëmmen e Frank Engel ass, deem d‘Mandat als Parteipresident op de Leif geschnidde wier. Et dierf een also frou sinn, datt et d‘CSV-Membere sinn, déi de Kandidat wielen.

An ech geséich och gären, wann de Frank Engel, deen am EU-Parlament eng gutt Aarbecht leescht, an als Kandidat zimlech sécher seng Chancen hätt och erëmgewielt ze ginn, déi géif weiderféieren. De Serge Wilmes ass wuel eppes méi jonk wéi de Frank Engel, mee fir mech dee beschte Mann fir d‘Mandat vum Parteipresident. Et wier falsch unzehuelen et géif dem Borscht un Erfarung feelen.

De Serge Wilmes ass beschtens informéiert a federéiert an der CSV déi ënnerschiddlech politesch Stréimungen. Hie kennt d‘Fuerderunge vun deene Jonken (CSJ) an huet e gutt Gespier fir d‘Doleance vun den eelere Memberen. Fir mech sinn dat eendeiteg Kritäre fir d‘Erneierung vun der CSV, bei Berécksiichtegung vun Erausfuerderungen déi eis Landespolitik den Awunner zoumutt.

Et ass jo esou, an dat dierf net als Virworf mëssverstane ginn, datt de Serge Wilmes, dee jo och nach 1. Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg ass, matten an der Aktioun stécht, an dat all Dag. Hien ass no um Bierger, lauschtert gutt no wat d‘Leit ze soen hunn, zitt keng séier oder oniwwerluechte Schlëss, firwat hien och dann, wann d‘Äntwert net esou ausfält wéi ee sech et gewënscht huet, ugeholl gëtt.

Dat si selbstverständlech och Attributer, déi een engem Frank Engel zougestoe kann, mee wéi gesot, als Europadeputéierte war hie fir mech dach eppes „wäit vum Schoss“, fir aus dem Stand d‘Mandat vum Parteipresident ze iwwerhuelen. Woubäi – an dat ass gewot – ech mir duerchaus virstelle kéint, datt d‘CSV sech gutt géif mat enger „duebeler Spëtzt“ kéint presentéieren. Dat wäert net geschéien.

Wichteg ass et awer, datt sech d‘CSV erneiert, nees eppes méi „bestëmmt“ an „erkennbar“ eng Politik mécht, déi si als Vollekspartei identifizéiert. Si hunn eng Roll ze spillen, wësse mat Verantwortung ëmzegoen, an hir Memberen, deene méi Bedeelegung versprach ginn ass, hunn och e Recht op eng Parteispëtzt déi mat méi „Bëss“ d‘Partei nees a Regierungsverantwortung bréngt.

Foto: Wien vu béide Kandidate fir d‘Mandat vum CSV-Parteipresident ass am beschte gëeegent? De Serge Wilmes (l) oder de Frank Engel (r)? Doriwwer entscheet de 26. Januar de Nationalkongress. (Illustratioun © Shari Pleimelding/moien.lu)

Ähnlech Sujeten CSV, Erneierung, Frank Engel, Nationalkongress, Serge Wilmes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel