Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oh yes,we have no bananas!
International Meenung Neiegkeeten

Oh yes,we have no bananas!

Freides, 10. Januar 2020 | 20:00 ARTIKUSS – Zolwer E musikalesche

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg
International Meenung Neiegkeeten

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg

Et ass, d‘Joer ass jo och nach nei, déi éischt

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!
International Meenung Neiegkeeten

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!

Um 29. Juli huet d’Réidener Schwämm matgedeelt, datt zwee jonk

Editorial: Se sinn nach do!

Editorial: Se sinn nach do!

Eigentlech wollte mir de Moien erwächen an de Feierdag notze fir mat de Kollegen, enger Klensch waarme Béier an engem Teller Porridge de Brexit ze zelebréieren an alles wat et ze feiere gëtt ass Halloween… Woubäi vill vun de Bräich, déi mat Halloween verbonne sinn e kelteschen Ursprong hunn, an deels op d‘Fest „Samhaim“ – dem deemolege Joresenn – zréckzeféiere sinn.

Et wier awer vermooss ze soen, datt et d‘Kelten, also d‘Ire wieren déi aus nationalen Interessen den Austrëtt verhënneren. Am eigentlech wollten d‘Brite schonn den 29. Mäerz „goen“, mee elo ass och nach den 31. Oktober verstrach. An de Brexit huet sech prominent Affer geleescht: zwee britesch Premierminister hunn den Austrëtt aus der europäescher Unioun „politesch“ net iwwerlieft.

Elo gëtt et awer emol fir unzefänken Neiwahlen an en neie Scheedungstermin zum 31. Januar 2020. Ob dat duer geet fir d‘Parlament zur Ratifizéierung vun engem Accord ze motivéieren, deen se esou eigentlech guer net wëllen? Sécher ass just, datt d‘Brite keen Halloween brauche fir een ze grujelen. De Boris „Beetlejuice“ Johnson huet säin Deal mat der EU an déi gewënschten Neiwahle kritt.

A wann et ëm Neiwahle geet, gëtt et och e Wahlkampf: de Boris Johnson géif nawell gären d‘Roll vum „Volkstribun“ iwwerhuelen, deem Mann aus dem Vollek deen dem Parlament, der Justiz, der Administratioun, jo dem ganzen Establishement d‘Stir bidde kann. Dat kann awer nëmme gelénge wann hien eng absolut Majoritéit vu gleewege Verfechter vun engem haarde Brexit vereenege kann.

D‘Lat läit héich, a wann d‘Brite bei de Wahle kenger Partei e klore Regierungsoptrag ginn, datt huet een nees d‘Pattsituatioun am House of Commons. Samhaim, d‘Fest zum Wanter, huet d‘Gespréich mat de Virfahre gesicht an d‘Leit sinn deemools dovunner ausgaangen, datt sech esou d‘Grenzen zu aneren, magesche Welte verwësche loossen. Deem huet sech de Brexit bis ewell zolidd verweigert.

Mee et muss jo awer iergendwéi weider goen a wie weess, vläicht geléngt et den Liberaldemokraten a Labour sech op eng gemeinsam Linn am Wahlkampf ze verstännegen. Dat wier laut de Kenner vun der britescher Polit-Zeen déi eenzeg realistesch Chance eng konservativ Regierung ënnert der Leedung vum Boris Johnson ze verhënneren. An déi wëlle bekanntlech net aus der EU austrieden…

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Fristverlängerung, Halloween, Neiwahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel