Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?
Neiegkeeten

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?

Um Dënschdeg war den Ausseminister Jean Asselborn zu Tirana an

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur
Neiegkeeten

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur

Et dierf ee vun de Walfer Bicherdeeg hale wat ee

Groussaarteg Leeschtung fir de Frazer Alexander beim DKV-Urban Trail
Neiegkeeten

Groussaarteg Leeschtung fir de Frazer Alexander beim DKV-Urban Trail

Bei scho bal summerlechem Wieder, huet den 9. DKV-Urban Trail

Englesch gewënnt an de Schoulen u Beléiftheet

Mee och d'Lëtzebuergescht gëtt méi present

Englesch gewënnt an de Schoulen u Beléiftheet

Am Enseignement Secondaire ass et deelweis méiglech, sech seng Sproochen auszewielen. An och, wann d’Motivatiounen hannert dëse Choixen net erfaasst ginn, esou schwätzen déi reng Zuelen a Fluktuatioune Bänn. Zënter 2012 sinn d’Zuele beim Latäin (-1,71%), Däitsch (-1,00%), Franséisch (-1,06%), Spuenesch (-1,61%) an Italienesch (-0,79%) réckleefeg. Eng aner Sprooch gewënnt dogéint immens: am Engleschen sinn d’Zuelen ëm 3,18% eropgaangen. Weider schreift de Minister Claude Meisch (DP): “Am Régime technique vum Enseignement secondaire général ass festzestellen, datt manner Schüler an de Fächer Däitsch/Lëtzebuergesch (-5,16%) respektiv Franséisch (-6,89%) ënnerriicht ginn, wat ënnert anerem op eng gestäerkte Roll vum Engleschen zeréckzeféieren ass.”

D’Fro, déi deen Ament oppe steet, ass déi vum Lëtzebuergeschen. A senger parlamentarescher Fro geet de Fernand Kartheiser (adr) och dëse Punkt un, a freet, wéini ee wou Lëtzebuergesch an eise Schoule léiert. D’Äntwert ass do nawell komplex. Esou ass et am Cycle 1 esou, datt d’Kanner souwuel un d’Lëtzebuergescht ewéi och un d’Franséischt erugefouert ginn. Am Cycle 2.1 gëtt en Héierverständnes-Test am Lëtzebuergeschen gemaacht. Do packen et 5% vun de Kanner net op den Niveau Socle. Dëst géing, esou de Minister, staark mat de Resultater am Schreiwen an am Rechne korreléieren. An den Cyclen 3 a 4 ginn Texter op Lëtzebuergesch aus verschiddene Bicher a vu verschiddenen Auteure gelies.

D’Léiere vum Schreiwen ass a bleift eng Optioun

Am Enseignement Sécondaire générale ass vun 7ième bis 5ième e Fach Allemand-Luxembourgeois virgesinn. Op Classique gëtt et op 7ième eng Stonn Lëtzebuergesch. Bei de Classe d’Insertion gesäit dat nees anescht aus, do kréien d’Kanner vu 7ième bis 5ième a véier Wochestonnen d’Lëtzebuergesch bäibruecht. Dobäi ass d’Léiere vum Schreiwen net virgesinn.

An de mi héije Klasse vum Secondaire gëtt et keen obligatoresche Kur fir Lëtzebuergesch ze léieren. An Zukunft soll awer all Schüler op 4ième a 3ième e Kur ugebuede kréien, fir Lëtzebuergesch schreiwen ze léieren. Interessant liest sech awer och dëse Passage vun der Äntwert: “Et ass virgesinn, datt an Zukunft och e Cours iwwer Lëtzebuerger Kulturgeschicht ugebuede gëtt, mat Hëllef vun engem eBook. Literaresch Welten ass eng Anthologie fir déi iewescht Klasse vum Lycée, fir eeler Jugendlecher a fir Erwuessener, mat Texter op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch vu 70 Lëtzebuerger Auteuren, déi am Buch virgestallt ginn.” Gehale ginn dës Coure vu Persounen, déi e Master am Lëtzebuergeschen hunn, enger Formatioun, déi zënter 2009 existéiert. An dësem Master waren awer souwuel 2013 wéi och 2016 ze mann Studenten ageschriwwen, als datt e konnt ugebuede ginn.

An deene meeschte Privatschoule ginn scho Lëtzebuergesch-Kuren ofgehalen. Ausname si bis elo d’Ecole Charlemagne an Ecole Privée Grandjean, wou awer zäitno esou Kuren agefouert solle ginn.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Fernand Kartheiser, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Méisproochegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel