Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Greenpeace installéiert e risegen Draach zu Dragonstone
Neiegkeeten

Greenpeace installéiert e risegen Draach zu Dragonstone

Ab dem 14. Abrëll gëtt déi lescht Staffel vu „Game

Wiem gehéiert d‘Arktis?
Neiegkeeten

Wiem gehéiert d‘Arktis?

D‘Arktis, déi wuel nërdlechst Arena fir e Muechtkampf, versicht –

Passerelle: Déi aner Siicht op d’Gëlle Fra
Neiegkeeten

Passerelle: Déi aner Siicht op d’Gëlle Fra

Um Sonndegmuere gouf ënnert dem Pont Adolphe déi vill beschwate

Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar

Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar

No enger chargéierter Dagesuerdnung fir de Regierungsrot, hunn d‘Ministeren e Freideg zwee Gesetzprojete validéiert, déi d‘Land aus dem Noutstand féiere sollen. Dee geet bekanntlech de 24. Juni op en Enn, firwat et presséiert huet d‘Texter an der Chamber ze deponéieren.

Dat hunn de Premierminister Xavier Bettel (DP) an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) iwwerholl, an et heescht dat de Konsens, dee mat den Oppositiounsparteie fonnt ginn ass, respektéiert gi wier. Ob deem wierklech esou ass, wäert sech da beim Debat an der Chamber erausstellen, vu datt hei aus de Gesetzer 7606 a 7607 ee grousst „Geheimnis“ gemaach gouf.

Wat elo d‘Sortie vum Etat de Kris ubelaangt, esou soll déi mëttels zwee Gesetzestexter, mat deenen d‘Moossnamen zur Andämmung vun der Verbreedung vum Coronavirus Covid19 solle verlängert ginn, eng legal Basis erhalen. Dat éischt Gesetz bezitt sech op d‘Mesure fir déi physesch Persounen an dat zweet behandelt déi ekonomesch Aktivitéite bei deene Mënsche physesch empfaange ginn.

Noutstand

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert © Chambre des Députés

Gewosst ass, datt et dem Premierminister immens wichteg ass (d‘Majoritéit hunn 1 Stëmm weider wéi d‘Oppositioun an déi sollt méiglechst net beim Vott d‘Chamber verloossen) datt méiglechst all d‘Deputéiert dëse Gesetzer zoustëmmen. Dofir sinn dann dës zwee Texter emol op d‘Dauer vun engem Mount begrenzt, duerno muss d‘Chamber sech nees mat dëse Gesetzestexter befaassen.

No engem Mount also, sollten dann d‘Deputéiert iwwert d‘Verlängerung, Ännerungen an/oder d‘Ophiewung vun Deeler oder de ganze Gesetzer nees befannen. Heibäi wäert et ëm d‘Reegele goen – 6 Leit op Besuch bei sech doheem; Versammlung vun 20 Leit an der Ëffentlechkeet – woubäi d’Ofstandsregel eng vun de wichtegsten ass. Demonstratioune bleiwen also weiderhi verbueden.

Noutstand

De Premierminister Xavier Bettel. © Chambre des Députés

An den Texter fënnt een dann och d‘Obligatioun vun der Mask, wéi d‘Mise en Quarantaine erëm, wou et e Protokoll vu 25 bis 500 Euro ka ginn. Et ginn d‘Sportaktivitéiten an och den HORESCA-Secteur reglementéiert. Fir dëse Secteur si bei Verstéiss Protokoller an héicht vu 4.000 Euro virgesinn. Eng Zomm déi sech am Widderhuelungsfall einfach emol verduebelt.

Iert dës Gesetzer kënne gestëmmt ginn, esou zumindest d‘Informatioun, muss den Etat de Kris opgehuewe ginn. Heifir ass eng zweedrëttel Majoritéit noutwenneg. D‘Volleksvertrieder kënnen dann elo d‘Päischtvakanz notzen, an sech mat den Texter ausenanersetzen, iert se an der Chamber ëffentlech debattéiert ginn. Et ass erlaabt dovunner auszegoen, datt den Debat wäert animéiert sinn.

Foto: Presidentekonferenz an der Chamber Nom Regierungsrot. Bei dëser Geleeënheet sinn d‘Gesetzprojete 7606 a 7607 deponéiert ginn. © Chambre des Députés

Ähnlech Sujeten Chamber, Gesetz 7606, Gesetz 7607, Noutstandsgesetzer, Paulette Lenert, Presidentekonferenz, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel