Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Um Krautmaart gëtt sech op déi „national Eenheet“ ageschwuer
Neiegkeeten

Um Krautmaart gëtt sech op déi „national Eenheet“ ageschwuer

Mat der duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitärer Kris, steet

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen
Neiegkeeten

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen

Leschte Samschdeg huet sech den Europa- an Inneminister Jean Asselborn

Eenzegaarteges léisst sech net widderhuelen
Neiegkeeten

Eenzegaarteges léisst sech net widderhuelen

Organisatoresche Chaos a keng Artisten, esou kann ee kee Festival

Eenegung bei der Ënnerdeelung vun den Donen un d’Tornadoaffer

Eenegung bei der Ënnerdeelung vun den Donen un d’Tornadoaffer

Um 3. Juni ass op der Käerjenger Gemeng doriwwer bestëmmt ginn, wéi déi verschidde Fongen, déi nom Tornado am August 2019 zesummekomm sinn, opgedeelt solle ginn. Fir d’Entscheedungen ze treffen hu sech de Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina, de Käerjenger Schäffen Frank Pirrotte, Representante vun den Associatioune Caritas, Rout Kräiz, Käerjeng hëlleft, sou wéi Representante vun de Sozialbüroe vun béide Gemengen zesummefonnt.

An enger éischter Phas hunn d’Assurancen Schied an Héicht vun ëm 100 Milliounen Euro ziele kënnen. Déi zweet Phas bestoung dodran, seng Demande beim Familljeministère anzereechen. Den Delai war um 1. Mäerz 2020. D’Affer vun der Katastroph konnten donieft hir Demande och beim Käerjenger, respektiv Péitenger Office Sociale eraginn, fir esou eng finanziell Hëllef fir all guer net oder deelweis rembourséiert Schied ze kréien, nodeems den Tornado fir uerge Chaos gesuergt huet.

Duerch de Lockdown ass dës Phas vun der Demande bis zum 31. Mee 2020 verlängert ginn. Elo wou dësen Datum iwwerschratt ass, huet de Comité de Suivi d’Demanden an 3 Kategorien ënnerdeelt: Wunnen, Auto/Moto a Kierfecht. Aktuell beleeft sech den Total u kompletten (85 Stéck) an onkompletten (69) Demanden op e Montant vun 1.680.057 €.

No der Katastroph hunn 2 Associatiounen iwwert Donen ganzer 1.029.968 € gesammelt. Hei gëtt folgendermoossen ënnerdeelt:

  • Wunnen: Iwwerhuele vu 70 % vun de Käschte mat engem Plafong vu 50.000 €
  • Auto/Moto: Iwwerhuele vu 50 % vun de Käschte mat engem Plafong vun 10.000 €
  • Kierfecht: Iwwerhuele vu 70 % vun de Käschten
  • All aner Demande ënnert 1000 € gëtt integral iwwerholl

Fir de Moment beleeft sech de Montant u finanziellen Hëllefen, déi elo an enger éischter Etapp iwwerwise ginn, op ganzer 915.874,97 €. Eng Reserve bleift iwwreg fir déi Fäll, wou beim Dossier nach op en Devis gewaart gëtt.

An dësem Kader huet de Comité de Suivi decidéiert, fir deemnächst zesumme mat den zwou betraffene Gemengen, symbolesch Beem ze planzen.

An noer Zukunft wäerten d’Demandeuren e Communiqué erhalen, fir esou iwwert d’Kritäre vun der Ënnerdeelung informéiert ze ginn:

  • Phas 1: Komplett Dossieren ginn zougemaach, d’Iwwerweisungen och
  • Phas 2: Zwee Sozialbüroe wäerten d’Demandeure mat inkompletten Dossieren kontaktéieren, fir déi feelend Dokumenter nozereechen. Dësen Delai ass op de 15. Juli 2020 fixéiert. Uschléissend kann och hei d’Iwwerweisung gemaach ginn, wann all Dokumenter dobanne sinn.
  • Phas 3: E leschten Delai ass fir den 8. August 2020, ee Joer nom Tornado, fixéiert. Dësen Datum gëllt fir all Demandeure mat onkompletten Dossieren, déi hir feelend Dokumenter net bis Juli nogereecht hunn. D’Virementen gi vun der jeeweileger Gemeng preparéiert an vun de Responsabelen vun den zwou Associatioune „Käerjeng hëlleft“ a „Fir e gudden Zweck – Gemeng Péiteng“ ënnerschriwwen.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Caritas, Don, Ënnerdeelung, Fongen, Frank Pirrotte, Hëllef, Käerjeng, Péiteng, Pierre Mellina, Repartitioun, Rout Kräiz, Tornado, Tornadoaffer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel