Den US-Ambassadeur an Däitschland mécht dem Trump all Éier
De neien US-Ambassadeur an Däitschland, gëtt aus Regierungskreesser beschëllegt, sech
De neien US-Ambassadeur an Däitschland, gëtt aus Regierungskreesser beschëllegt, sech
Déi lescht Woch huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg säin zweeten nationale
Grousse Kino zu Bréissel dëse Freideg an dat fir um
Bei engem Amoklaf am thailänneschen Nordosten huet en Ënneroffizéier vun der thailännescher Arméi mindestens 21 Mënschen erschoss. Den Zaldot, dee ee Samschdeg säi Colonel erschoss a sech uschléissend zu Nakhon Ratchasima an engem Akafszenter verschanzt huet – wou hien sech och Geisele gekroopt hat – gouf um fréie Sonndegmuere vun der Police neutraliséiert.
Laut deem wat zur Stonn bekannt ass, soll den Täter versicht hunn, säin Amoklaf live iwwer de Stream op Facebook ze verbreeden. Säi Konto gouf awer zäitno gespaart. Ugefaangen huet dem thailänneschen Zaldot seng Odyssee an der Kasär Surathampithak: hei huet hien en Offizéier an 2 weider Persounen erschoss. Duerno huet hie sech mat engem Gefier duerch d‘Bascht gemaach.
Gewosst ass elo datt den Ënneroffizéier an den Akafszenter „Terminal 21“ gefuer ass, wou hie sech de Wee fräigeschoss huet. Heibäi si mindestens 31 Persoune blesséiert ginn. Hei huet den Zaldot sech déi ganz Nuecht verschanzt. Um fréie Sonndegmuere waren nees Schëss aus dem Gebai gemellt ginn. Heibäi soll ee Polizist erschoss gi sinn, heescht säitens den zoustännegen Autoritéiten.
D‘Arméi an d‘Police haten den Akafszenter ëmstallt an hu séier de Rez-de-chaussée ageholl a kontrolléiert. Esou konnten Dosende Clienten evakuéiert ginn. Um Asaz géint den Amokleefer waren och Spezialeenheete vun der Arméi bedeelegt. D‘Police hat dem Ënneroffizéier seng Mamm op d‘Plaz bruecht, dat an der Hoffnung, datt si hire Bouf kéint iwwerrieden sech ze erginn.
mat The Irrawaddy/indymedia
Foto: Via Facebook wollt den Amokleefer seng Dot an der Welt verbreeden. D‘Entreprise huet dem mann seng Säit mëttlerweil vum netz geholl.