Search

You may also like

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!
International Neiegkeeten Stories

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!

No der ministerieller Veruerdnung vum 30. Juni 2020 ass de

D‘NATO op Besuch am Wäissen Haus
International Neiegkeeten Stories

D‘NATO op Besuch am Wäissen Haus

70 Joer al gëtt se déi nordatlantesch Militärallianz NATO, a

Den neien US-Kongress ass vereedegt ginn
International Neiegkeeten Stories

Den neien US-Kongress ass vereedegt ginn

E puer Woche virun der Vereedegung vum Joe Biden (D)

Si hunn all hir Ënnerschrëft geleescht (Analys)

Si hunn all hir Ënnerschrëft geleescht (Analys)

Um Mëttwoch Mueren haten d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Charles Michel, hire Krop ënnert dëse faméisen Handelsaccord tëscht der Unioun a Groussbritannien gesat. Zur selwechter Zäit hunn sech déi brittesch Parlamentarier am House of Commons mat hirem Premierminister zum Vertrag ausgetosch. Den Ausgang war bekannt…

Am Kontext vun dësem (virleefeg gültegen) Handelsaccord ass et emol aleedend scho wichteg drop hinzeweisen, datt all déi leit déi elo op de Biller ze gesi sinn, well si jo gëschter am Numm vun hire respektive Bierger – also engersäits fir 448 Milliounen Europäer, an anersäits 67 Millioune Britten – den Accord gezeechent hunn, ausser der Iwwerschrëft näischt iwwert den Inhalt vum Text, also zumindest am juristesche Sënn, wëssen. Et huet een hinnen et „gesot“ gelies hu si den Text net.

Dat ass wuel fir d‘Politiker an déi meeschte Bierger béidersäits dem Äermelkanal en onwichtegen Detail, well jo „alles gewosst“ ass. Zum engen ass et dat eben net, an zum anere beweist d‘EU hei datt ausser der Rechtsstaatlechkeet, och den demokratesche Prozess absolutt iwwerbewäert gëtt an déi national Parlamenter just eng statistesch Roll hunn. Zumindest an dësem Fall. Natierlech gouf hei och d‘Europaparlament, datt sech nach derzou ze äusseren huet, op d‘Glatäis gefouert.

ËnnerschrëftD‘Ursula an de Charel hunn am Numm vun den Europäer hirersäits als éischt ënnerschriwwen, dunn ass dëst wichtegt Schrëftstéck mat engem Jet vun der brittescher Loftwaff op London ausgeflu ginn. D‘EU-Kommissiounspresidentin an den EU-Rotspresident hunn den Handelsaccord mat de Britte gezeechent. © EU Commission

Mee et war aus Zäitgrënn net anescht ze gestalten, a wann ee wuel begréisse sollt, datt sech d‘EU zumindest eppes als Standhaft bewisen huet, esou ass dëst däregt Koméidistéck nach laang net vum Programm geholl ginn, 2021 wäert et nach villes zu dësem Handelsaccord ze erziele ginn. Fir den Ament awer hunn och déi brittesch Parlamentarier (521:73) den Accord ouni „Kenntnis“ vun der Saach an dem Inhalt dësem Handelsaccord d‘Zoustëmmung vum brittesche Vollek ginn.

Celebrate „Fish & Chips“

Hei huet een esou also de facto en Accord, deen net wierklech een ass, wëll ee jo nëmme virleefeg gülteg ass. Dat well esouwuel britesch Parlamentarier, wéi d‘EU-Deputéiert jo nach den Text liesen a verstoe mussen, dann eventuell Amendementer, Ännerungen an/oder Zousätz abréngen dier(t)en, wat awer vun der EU-Kommissioun elo net wierklech erwënscht ass, well ee sech hei ganz aneren a vill méi wichtege Problemer, wéi d‘Wirtschafts- a Covid19-Kris an de Klimaziler unhuele muss.

De Boris „King of the World“ Johnson ass aktuell deen eenzegen dee sech freeë kann. Vläicht ass net alles no sengem Wonsch verlaf, an awer muss een him d‘Victoire zougestoen. Eng strikt a just politesch Victoire, fir déi seng Landsleit sech nach wäerten ze bedanke wëssen. Et sollt een och am A behalen, datt déi ausgehandelt Reegelen, bis zum 28. Februar 2021 iwwergangsweis ugewannt ginn. Dat fir ze soen, datt ee sech op weider „Verhandlungen“ an „Diskussioune“ sollt astellen.

A wann et sécher richteg ass, datt de brittesche Premierminister Boris Johnson gëschter am House of Commons gesot huet: „Groussbritannien wäert ee frëndlechen Noper, beschte Frënd an Alliéierte vun der EU bleiwen“, esou ass et faktesch scho gelunn. Frëndlech am „politesche“ Sënn waren déi droleg Vertrieder vun der Queen éischter net. Si hunn sech stänneg zerwéiert, wann et iere méiglech war, d‘Kiischt vum Kuch gezoppt a keng Geleeënheet ausgelooss, d‘Unioun ze diskreditéieren.

1.270 Säiten déi kee gelies huet

Wéi „verzweiwelt“ dës Polit-Acteuren dann awer zum Schluss waren, a wéi grandios et hinnen nees gegléckt alles deraart ënnert Drock ze setzen, datt een ouni „Kenntnis vum Inhalt“ engem Vertrag zoustëmmt, muss een einfach genéissen. Déi ganz Verhandlunge waren därmoosse geheim, datt net emol de Chef Ënnerhändler vun der EU, Michel Barnier, weess wat an dësem Accord steet. Et geet jo duer, datt d‘Technokraten, d‘Juristen an extern Experte wousste wat et ze ënnerschreiwen hat.

ËnnerschrëftDe BoJo huet, nodeems d‘Parlament dem Accord blann zougestëmmt huet, dann och säi Krop ënnert den Accord gesat. © Jessica Taylor / UK Parliament

Eis kann et egal sinn, well mir jo vun eise politesche Vertrieder erkläert kruten, datt nëmmen déi op der Insel bei dësem Deal verluer hunn, a si sech elo mussen no eis riichten. Dat dann och nach ouni ee Wuert dierfe matzeschwätzen. Dofir sollt et wuel och keen Debat an den nationale Parlamenter ginn, oder wisou ass alles geheim gehalen an eréischt de 24. Dezember public gemaach ginn? Jo de Mënsch hält sech fir, ass awer an der Konsequenz net intelligent, mengt d‘Elite déi de Wee weist…

Op der Insel gëtt ee Vollek vun engem „Clown“ geleet an dëse behaapt: „Haut maache mir an eise Geschichtsbicher en neit Kapitel op. Mat der Réckeruerwerung vun eiser Fräiheet kënne mir nees Handel mat der ganzer Welt bedreiwen. Groussbritannien gëtt eng souverän, global Handelsmuecht an d‘Befreiung vun der Europäescher Unioun ass nëmmen de Prelude zu gréisseren Dote vun eiser Natioun“. Dat si vill Aussoen an engem Saz, firwat een sech dësem méi substantiell unhuele sollt.

Wann ee sech „Befreit“ da meeschtens vum Oppressor, net awer vum beschte Frënd an Alliéierten. Handel mam ganze Globus? Mat Sécherheet net, well d‘USA wäerten dem elo „europäeschen Zwerg“ schonn erklären, wéi souverän de brittesche Maart ass, a wéi wichteg hir Produite fir d‘Welt sinn. A wann een eleng bei de Liewensmëttel bal 80% vum „Assortiment“ aus der EU bezitt, sollt een sech nach emol d‘Kräfteverhältnis gutt ukucken. Mee gutt, elo gëtt emol en neit Joer agelaut…

mam Sarah Kleeblatt, indymedia/lon

Illustratioun: © Crawford Lilly / unsplash

Related topics Boris Johnson, Brexit, Charles Michel, Ënnerschrëft, Handelsaccord, Ursula vun der Leyen
Next post Previous post