Search

You may also like

Wat der Däiwel huet en Indian Pale Ale mat Lëtzebuerg ze dinn?
Neiegkeeten

Wat der Däiwel huet en Indian Pale Ale mat Lëtzebuerg ze dinn?

Mam I.P.A. vun Happkapp & Friends, kéint ee mengen op

Bei Uruff Bettel
Neiegkeeten

Bei Uruff Bettel

An engem Wahlkampf geet et entgéint gutt gemengten Interpretatioune virun

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!
Neiegkeeten

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!

Fir eng nei Ausbildungsgrupp sicht de Kanner-Jugendtelefon elo no fräiwëllege

Covid-19: Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi sech emorientéieren

Covid-19: Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi sech emorientéieren

Am Kontext vun der Covid-19-Pandemie besteet eng immens grouss Nofro u medezineschem Material. Fir un de steigende Besoinen u Schutzmasken an Desinfektiounsmëttel gerecht ze ginn huet d’Generaldirektioun vun de Mëttelklassen decidéiert Entreprisen, déi wärend der sanitärer Kris zur Produktioun vun dësem essentiellem Equipement bäidroen oder sech ëmorientéieren,ze ënnerstëtzen.

Esou ginn d’Investissementer zur Ëmorientéierung vun der Produktioun zu 100 % vun der Generaldirektioun vun de Mëttelklassen iwwert d’Minimis iwwerholl. Déi finanziell Hëllef ass zäitlech begrenzt op d’Period vun der sanitärer Kris.

Interesséiert Entreprise solle sech per Telefon (Tel.: 2477 4705) oder Email (info.aide.pme@eco.etat.lu) un d’Generaldirektioun vun de Mëttelklassen wenden. Och Entreprisen, déi an Infrastrukturen zur Ëmsetzung vun de Systemer vum Teletravail bäidroe, kënnen hir Demande areechen.

De Lex Delles, Minister fir Mëttelklassen, preziséiert: „A schwéieren Zäiten mussen d’Bierger an d’Entreprisen Solidaritéit weisen. Fir déi ze encouragéieren, déi d’Moyenen hunn hir Pdouktiounschaine ëmzeorientéieren am Interessi vun der Gesellschafft, hu mir decidéiert d’Totalitéit vun den Investissementskäschten ze iwwerhuelen. Mat Zesummenaarbecht an Zesummenhalt iwwersti mir dës Kris.“

Related topics Coronavirus, Covid-19, Desinfektioun, Desinfektiounsmëttel, Emorientéierung, finanziell Hëllef, Lex Delles, Produktioun, Schutzmasken
Next post Previous post