Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dech am Éislek aus?
International Neiegkeeten ano ang dating pangalan ng malabon

https://moien.lu/google-adsense-on-dating-sites/

D’Éislek mécht e gudden Drëttel vun der Landesfläch aus, mee

dating coach courses
International Neiegkeeten ano ang dating pangalan ng malabon

Eng optiméiert Liewensmëttelsécherheet fir Lëtzebuerg

Um Dënschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an den Akerbau-, Wäin- a Konsumenteschutzminister

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut
International Neiegkeeten ano ang dating pangalan ng malabon

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut

Am Kontext vun der Bloalge-Pescht um Stauséi an zu Wäisswampech,

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira

De Lëtzebuerger erreecht déi 5. Plaz, kroopt sech 12 Punkten an kënnt den Top 10 eppes méi no

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira

No senger Victoire um Hockenheimring – woufir et leider keng Punkte sollt ginn – war de Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team beschtens motivéiert fir déi 6. Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup an Ungarn unzegoen. Et ass dann och zimlech gutt gelaf…

Hei gëllt awer dann drop hinzeweisen, datt de Circuit vum Hungaroring ee vun de schwieregsten ass, mat deem sech d‘Piloten ausenanerzesetzen hunn. Vill technesch Spezifizitéiten, kuerz an enk. Hei ass iwwerhuele richteg komplizéiert. Bei esou Viraussetzungen ass eng optimal Virbereedung vum Porsche 911 GT3 Cup d‘Fundament, d‘Feinheete vun der Piste ze verstoen, d‘Haus dat drop gestallt soll ginn. An am fräien Training war den Dylan trotz Reen den 2. Séiersten op der Streck.

Fir d‘Qualifikatioun war d‘Pist ofgedréchent wat Afloss op d‘Beschafenheet vum Asphalt huet. De Lëtzebuerger war dann och ee mat den éischten deen sech op d‘Pist gewot huet. Vill Zäit fir sech op déi nei Ëmstänn anzestelle war jo schliisslech net. No véier Ronne war den Dylan Pereira am Top five an huet säi Boxestopp gemaach. Eng rei Astellunge a véier nei Pneue méi spéit konnt et nees lass goen. D‘Zäitfënster war do awer eppes knapp bemooss ginn, an dat sollt sech rächen.

Bei ëm déi 110 Sekonne pro Ronn ass et net fir Feeler ze maachen. Säitens dem Lëtzebuerger war do wéineg ze fäerten, wat dann aner Pilote fir den Dylan iwwerholl hunn. De Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team war justement a senger séierster Ronn, an eng gutt Placéierung wier eigentlech sécher gewiescht. E Konkurrent huet awer säi Gefier zerluecht, d‘Sessioun huet missen ënnerbrach ginn a gouf dann och net méi opgeholl. Esou ass et bei Startplaz 5 bliwwen.

Dylan Pereira

Porsche 911 GT3 Cup, Florian Latorre (F), Dylan Pereira (L), Porsche Mobil 1 Supercup, Budapest 2019

De Start aus der drëtter Rei ass dem Dylan zwar gelongen, mee e presséierte Géigner huet gemengt an der éischter Kéier de Lëtzebuerger missen „unzedrécken“. Eise Pilot a säi Porsche 911 GT 3 Cup si wuel liicht erféiert, hunn d‘Situatioun awer kontrolléiert a sech un der 5. Plaz festgebass. Et gouf eng Rei Zweekämpf, emol mam Tio Elinas dee virun him gefuer ass, emol mam Florian Latorre, deen et ëmmer nees wollt wëssen, awer net laanscht komm ass. Déi 5. Plaz ass dann och d‘Resultat.

Wann een dann nach emol d‘Pist bedenkt, déi en iwwerhuele bal onméiglech mécht, dann ass déi 5. Plaz, mee virun allen déi 12 Punkten déi domatter anhier ginn, e super Resultat. Zum engen ass et mega fir d‘Moral vum Pilot a sengem Team, mee et bedeit fir dem Dylan seng Fans, datt hien am Generalklassement elo schonn op der 11. Plaz läit, firwat säin Zil an d‘Top ten ze fueren, guer net esouwäit ewech ass wéi een datt nach bis virun engem Mount gefaart huet. Et geet zolidd virun.

Bis bei déi 7. Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup ass et nach e Strapp. Elo mécht déi Klass zesumme mat der Formel 1 emol e Mount „Kollektivcongé“. Net esou den Dylan Pereira. Dee wäert schon de nächste Weekend, am Kader vum Porsche Carrera Cup Däitschland, nees sengem Gefier dat äusserst ofverlaangen. Zu Zandvoort war den Dylan dat lescht Joer emol op de Podium, an emol ganz knapp derlaanscht komm. Hei kéint, wann d‘Wieder matspillt méi dra sinn.

Resultater Porsche Mobil 1 Supercup Budapest:

  • 1. Michael Ammermüller (D/BWT Lechner Racing)
  • 2. Julien Andlauer (F/BWT Lechner Racing)
  • 3. Larry ten Voorde (NL/MRS GT-Racing)
  • 4. Tio Ellinas (CY/Momo Megatron Lechner Racing)
  • 5. Dylan Pereira (L/Momo Megatron Lechner Racing)
  • 6. Florian Latorre (F/Fach Auto Tech)
  • 7. Gianmarco Quaresmini (I/Dinamic Motorsport)
  • 8. Ayhancan Güven (TR/martinet by ALMÉRAS)
  • 9. Joey Mawson (AUS/Team Australia)
  • 10. Al Faisal Al Zubair (OM/Lechner Racing Middle East)

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup:

  • 1. Julien Andlauer (F/BWT Lechner Racing), 85 points
  • 2. Michael Ammermüller (D/BWT Lechner Racing), 84 points
  • 3. Larry ten Voorde (NL/MRS GT-Racing), 62 points
  • 11.Dylan Pereira (L/Momo Megatron Lechner Racing)

Site web : www.dylan-pereira.com

Facebook : www.facebook.com/dylanpereiramotorsport

Twitter : www.twitter.com/dylanpereiralu

Instagram : www.instagram.com/dylanpereiraofficial

Foto: © Porsche Mobil 1 Supercup

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Hungaroring, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Carrera Gt3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel