Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

AVR zelebréiert de Weltdag vun de Verkéiersaffer
International Neiegkeeten

AVR zelebréiert de Weltdag vun de Verkéiersaffer

D‘Journée Mondiale du Souvenir des Victimes de la Route ass

Houston verbitt d‘Ouverture vun engem „Roboter-Bordell“
International Neiegkeeten

Houston verbitt d‘Ouverture vun engem „Roboter-Bordell“

D‘Amerikaner bedreiwen déi gréisste „Sex-Industrie“ op der Welt, a ginn

Kaydenz352: Mat Musek a positiver Energie um Wee no uewen
International Neiegkeeten

Kaydenz352: Mat Musek a positiver Energie um Wee no uewen

D’Liewen ass eng batter Realitéit, an entweder bleift een um

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn

Aus enger Enquête vum Procureur vu Pennsylvania, déi en Dënschdeg verëffentlecht ginn ass, geet ervir, datt et massiv sexuell Iwwergrëff an der Kierch ginn huet. Beschëllegt ginn hei iwwer 300 Paschtéier, déi, wéi et heescht, vun der kathoulescher Kierch aus dem Bundesstaat „protegéiert“ gi wieren. Am Text ass rieds vu bis zu dausend Kanner, déi hei solle mëssbraucht gi sinn.

Den ofschléissende Bericht, den vu Geschwuerene redigéiert ginn ass, deenen d‘Conclusioune vun der Enquête virgeluecht gi waren, weist drop hin datt „esou gutt wéi all déi Fäll déi hei ënnersicht gi sinn, ënner d‘Verjärung falen, an eng penal Poursuite net méi méiglech ass“. Datt et iwwerhaapt zu enger Enquête komm ass, läit un der penaler Prozedur: de Justizministère kann enger populärer Jury Faiten ënnerbreeden, an dëse muss dann entscheeden op et zu Poursuite kënnt oder net.

An dësem Fall konnten dann awer nach zwee Paschtéier verhaft an ugeklot ginn. Ee vun hinne vir widderhuelt sexuell Iwwergrëff op méi Kanner, wou déi jéngst Fäll op 2010 zréckféieren. Deen anere gëtt beschëllegt, sech un engem 7 järege Meedche vergaangen ze hunn. Hien huet dann och Enn Juli bei Uklo op „schëlleg“ plaidéiert. Zréckbehale ginn ass awer nëmmen en „Delikt“ an net de „Crime“, wat bedeit, datt de Paschtouer am schlëmmste Fall, 5 Joer Prisong erhale kann.

Jidderee soll hir Nimm kennen

Wann et ze bedaueren ass, datt bis op Ausnamen, kee vun de Paschtéier mat juristesche Folgen ze di kritt, esou hunn déi Geschwueren entscheet, datt esouvill Nimm – vun de „Kierchemänner“ – wéi méiglech verëffentlecht musse ginn. De Rapport ernimmt sexuell Iwwergrëff, bei deenen d‘Affer zum Ament vun der Dot, nach keng 10 Joer al waren. Esou de Fall vun engem Paschtouer, deen sech u 5 Schwëstere soll vergaangen hunn, vun deenen dat jéngst bei der Dot 18 Méint al war.

Et ass an Amerika net déi éischte Kéier, datt e populäre Jury e Rapport verëffentlecht, an deem Fäll vu Pedophilie an der amerikanescher kathoulescher Kierch opgedeckt ginn. Et ass awer fir d‘Éischt, datt eng Enquête esouvill Fäll beienaner un d‘Liicht bréngt. „Paschtéier hu Bouwen a Meedercher vergewaltegt, an déi Kierchemänner déi d‘Opsiicht haten hunn näischt ënnerholl. Dat iwwer Joerzéngten ewech“, ass am Rapport, deen déi Geschwuere verëffentlecht hunn, ze liesen.

Vill Anekdoten déi am Bericht ze fanne sinn, zeechnen e Bild vun enger Hierarchie, déi ëmmer beméit war aktiv ze ginn, fir datt nëmmen näischt vun de sexuellen Iwwergrëff no baussen dréngt. Si hunn och ganz bewosst d‘Auteure vun dësen Aggressiounen a Schutz geholl. De Procureur vu Pennsylvania, Josh Shapiro, huet bei der Pressekonferenz en Dënschdeg ënnerstrach, datt bei der Enquête och Polizisten opgefall sinn, déi sech solle geweigert hunn, géint Paschtéier virzegoen.

D‘Kierch huet hir eege Gesetzer…

Déi Geschwuere soen awer datt „ee muss unerkennen, datt sech villes an der kathoulescher Kierch während de leschte 15 Joer verännert huet“, fir ze ënnersträichen, datt déi zwou Inculpatiounen elo awer weisen, datt „de Mëssbrauch vu Kanner innerhalb der kathoulescher Kierch“, nach ëmmer stattfënnt. Et gëtt zudeem bedauert, datt trotz institutionelle Reformen, déi „Verantwortlech vun der Kierch meeschtens net zur Rechenschaft gezu goufen“.

Bëscheef a Kardinäl „sinn fir déi meescht ënnert hinnen, geschützt ginn. Vill dorënner, vun deenen der och mam Numm genannt ginn, hu promovéiert. Esoulaang wéi sech dat net ännert, si mir zu der Iwwerzeegung gelaangt, datt et ze fréi ass, fir de Kapitel mat de Sex-Skandaler vun der Kierch ze schléissen“. De Josh Shapiro kommentéiert: „Mir hätten alleguerte gären, datt et zu weideren Ukloe kënnt, mee d‘Manipulatioun vun eise schwaache Gesetzer huet d‘Täter ausser Reechwäit bruecht“.

Am Rapport formuléiert d‘Jury verschidde Propose fir eng Reform. Esou eng Modifikatioun vun der Gesetzgebung a Pennsylvania, wou eng Verlängerung vun der Verjärungsfrist, am penale wéi am zivillen, gefuerdert gëtt. Och missten d‘Accorden zur „Vertraulechkeet“, déi ëmmer nees vun der Kierch ugefouert ginn, iwwerduecht an amendéiert ginn. Laut der Organisatioun „Bishop Accountability“ sinn tëscht 1950 an 2016, 6.721 Paschtéier fir sexuell Iwwergrëff ugeklot ginn.

Dausende Kanner sexuell mëssbraucht

Déi selwecht Organisatioun geet eegene Recherchen no, vun 18.565 Kanner aus, déi Affer vun esou engem Verhale gi sinn. Enn Juli hat de Poopst Francis, d‘Demissioun vum „berühmte“ Kardinol Theodore McCarrick, ugeholl. Dee soll sech un engem Teenager vergraff hunn. Eng ganz Partie weider héich Prälaten hu missen „den Hutt huelen“ well si d‘Ae verschloss haten. Esou de Kardinol Roger Mahony (Los Angeles) an den Äerzbëschof Bernard Law (Boston) deen 2017 verscheet ass.

De Fall vum Äerzbëschof Bernard Francis Law, war Géigestand vun enger grousser Enquête déi vun der Zeitung „Boston Globe“. Eng Enquête déi äusserst komplett an explizit gefouert ginn ass, an dem Boston Globe de Pulitzer-Präis abruecht huet. Den Äerzbëschof war uschléissend de Sujet vum Film „Spotlight“, deen 2016 den Oscar fir de beschte Film an de beschten Zeenario erhalen huet. E Film deen net nëmmen d‘Mësshandlung, mee och d‘Muecht vun der Kierch beschreift.

mam Thomas Urbain/AFP

Ähnlech Sujeten Äerzbëschof, Kardinol, kathoulesch Kierch, Paschtouer, Pedophilie, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel