Search

You may also like

Syrien: Afrine belagert, d‘Ghuta ënner Beschoss
Neiegkeeten

Syrien: Afrine belagert, d‘Ghuta ënner Beschoss

En Dënschdeg huet déi tierkesch Arméi bekannt ginn, datt si

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir
Neiegkeeten

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir

De Verwaltungsrot vum Kierchefong, deen den 1. Mee 2018 am

Bei liewegem Leif verbrannt
Neiegkeeten

Bei liewegem Leif verbrannt

Bei engem Brand an engem Spidol am Nordoste vu Rumänien

Enquête: Wéi eng sozio-ekonomesch Impakter huet déi sanitär Kris?

Enquête: Wéi eng sozio-ekonomesch Impakter huet déi sanitär Kris?

Fir méi iwwert dat Erlieften an d’Erwaardunge vun de Famillen wärend der Pandemie gewuer ze ginn, lancéieren de LISER an d’Uni.lu zesummen eng Enquête. Am Kader vun den Aktivitéite vum Task Force Research Luxembourg wëll een esou Daten zum sozio-ekonomeschen Impakt vun der Covid-19-Kris zu Lëtzebuerg an der Groussregioun kréien.

Wéi hutt Dir d’Zäit vum Confinement erlieft? Wat erwaart Dir Iech vun der noer Zukunft a wou leien Är Onsécherheeten an Ängschte fir déi kommend Méint? Genee ëm dës Froen dréit d’Enquête, déi vum Fonds National de la Recherche (FNR) ënnerstëtzt gëtt.

Wärend d’Mesuren, déi vun der Regierung zur Andämmung vun der Verbreedung vum Covid-19, dofir gesuergt hunn, ofgeziilt hunn Neiinfektiounen an Doudesfäll duerch de Virus ze verhënneren, esou hu si och dat alldeeglecht Liewen zimlech op d’Kopp gestallt. Vun der Gesondheet, iwwert d’Mobilitéit an d’Familljeliewen bis hin zur Aarbecht an alldeeglechen Aufgaben hu mir eis all missen ëmstellen. Dobäi sinn déi kuerz- a laangfristeg Auswierkungen vum Confinement nach net wierklech erfuerscht.

D’Enquête vum LISER an der Uni.lu ka vun all Lëtzebuerger Resident iwwer 16 Joer online ausgefëllt ginn Dobäi kënnt et net op de beruffleche Stand un, all Informatioun ass wäertvoll. Ma, aus dësem Grond zitt een och d’Grenzgänger mat an, déi vu Lëtzebuerger Säit och mat diversen Ännerungen hu missen eens ginn. D’Ëmfro gëtt op fräiwëlleger Basis ausgefëllt, all Participant bleift anonym.

An enger éischter Phas bezitt ee sech op d’Liewen wärend dem Confinement an déi aktuell Situatioun. Déi zweet Phas geet een dann un, wann nees en relativ normale Rhythmus amm alldeegleche Liewe feststellbar ass.

D’Ëmfro ass op Franséisch, Däitsch an Englesch, dauert ëm 20 Minutten. Folgend 4 Themen ginn ugeschwat:

  • D’Aarbecht an d’Liewensëmstänn
  • D’Organisatioun vun alldeeglechen Aktivitéiten an d’Mobilitéit
  • Déi physesch Gesondheet, de Liewensstil an déi mental Gesondheet
  • Interaktiounen an der Famill

D’Äntwerten hëllefen fir déi sozio-ekonomesch Impakter vun der Pandemie besser ze verstoen, ee Bild vun den am meeschte getraffene Persounen ze erstellen a wichteg politesch Decisiounen ze lenken, déi an den nächste Wochen a Méint op eis duer komme wäerten. Wat d’Äntwerten méi prezis ausfalen, wat eng méi detailléiert Analys erstallt ka ginn.

D’Enquête fannt Dir ënnert www.liser.lu/covid-19survey.

Related topics Aarbecht, Confinement, Ëmfro, Enquête, Familljeliewen, Grenzgänger, LISER, Pandemie, sozio-ekonomesch Impakter, Task Force Research Luxembourg, Uni.lu
Next post Previous post