Search

You may also like

Australien: op en neits den Ausnamezoustand
Neiegkeeten

Australien: op en neits den Ausnamezoustand

Déi australesch Autoritéiten hu fir déi nächst siwen Deeg den

Se wiere propper an hätten eng Primm verdéngt, soen se
Neiegkeeten

Se wiere propper an hätten eng Primm verdéngt, soen se

Zënter dem 1. August 2019 kann een eng Primm fir

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo
Neiegkeeten

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo

Um vergaangene Sonndeg huet d’Erëffnungszeremonie vum Olympesche Festival vun der

Dem Enseignement ginn d‘Proffen aus

Den Educatiounsminister ass op der Sich no Ersatz fir déi vill Ausfäll an denkt iwwert e Gesetz no

Dem Enseignement ginn d‘Proffen aus

Hien hat nach eigentlech ni wierklech liicht, den Educatiounsminister Claude Meisch, an et gesäit net aus, wéi wann d‘Gewerkschaften dësem eng Paus wéilte vergënnen. Vum SEW-OGBL an der UNEL bis hin zur Feduse (CGFP), d‘Personal- an d‘Studentevertriedungen erhéije bestänneg den Drock. Mee Zaubere kann de Minister jo elo awer och net…

Déi zweet Covid19-Well mécht virun näischt an kengem Halt, an de Personalausfall an de Schoule fänkt un seriéis Kappzerbrieches ze verursaachen. Et wier also verständlech, datt d‘Gewerkschafte vum Minister fuerderen d‘Maskeflicht an der Schoul ze generaliséieren, oder carrement nees op den Home-Schooling iwwerzegoen. De Minister schéngt allerdéngs net gewëllt deem nozekommen.

Och eng Verlängerung vun der Allerhellege-Vakanz – déi an d‘Gespréich agefloss ass – huet de Claude Meisch net vir, grad esou wéi eng differenzéiert Schoulpräsenz (gemengt ass hei d‘Opdeele vun de Klassen a Gruppen) net als ziilféierend betruecht gëtt. Datt de Minister awer Moossnamen ergräife muss, fir den optriedende Problemer am Schoulbetrib entgéintzewierken, ass och ee Fakt.

Hie brauch folgerichteg Ersatz fir déi Enseignanten, déi wéinst Covid19 oder soss engem gudde Grond ausfalen. Fir deem eng valabel Äntwert entgéintzesetzen, wëll de Claude Meisch elo mat engem Gesetzvirschlag zur Ariichtung vun enger Léierpersonalreserv konteren. D‘Gesetz wëll den Educatiounsminister nach dës Woch an der Chamber virstellen an ofstëmme loossen.

Vereinfacht Konditioune beim Rekrutement

Ënnerstëtzung fir dëst Gesetz ass dem Claude Meisch vum President vun der Schoulkommissioun, Gilles Baum (DP) gewëss. Deen huet e Méindeg erkläert, datt aktuell eng 200 „Jofferen“ aus dem Fondamental schwanger sinn, also als „vulnerabel“ gëllen a folgerichteg hir Missiounen net erfëlle kënnen. Dozou kommen déi sëlleche Quarantainen, déi zolidd Lächer an d‘Personaldecke maachen.

Fir dësem Manktem ze begéinen, soll et eng national Léierpersonalreserv ginn. Fir dës „Reserv“ ze rekrutéieren, brauch et Konditiounen. Déi sollen der Situatioun entspriechend vereinfacht ginn, wat net heescht, datt sech jidderee wou sech beruff fillt Kanner eppes bäizebréngen, dat och soll dierfen.

Gefuerdert gëtt – esou zumindest de Plang – ee Bachelor-Ofschloss an Erzéiungswëssenschaften, a mindestens ee Sekundarofschloss oder ee Fachschoulofschloss. D‘Kandidate mussen zudeem déi dräi Landessprooche fléissend beherrschen. Fir d‘Beopsiichtegung vum Home-Schooling ginn och Leit benéidegt. Vu wéi ville Posten do geschwat gëtt, ass zur Stonn allerdéngs nach net gewosst.

Geséchert ass zumindest, datt sech esouwuel Studente wéi Leit am Chômage bewerbe kënnen. Hei wier dann nach drop hinzeweisen, datt d‘Situatioun vu Woch zu Woch nei bewäert gëtt, an et den Ament nach den Etablissementer iwwerlooss ass, d‘Gesondheetsvirschrëften no beschtem Wëssen a Gewëssen opzestellen. Op dat zu engem bessere Versteesdemech bei de Gewerkschafte féiert?

Ofschléissend e puer Zuelen: zanter der Rentrée goufen 1.544 Schüler an Enseignante positiv op de Covid19 getest. Betraff waren hei 736 Schoulklassen, wat eppes iwwer 10% vun de Klassen am Land ausmécht. Tëscht dem 17. an dem 23. Oktober goufen awer keng Infektiounsketten am Kader vun der Schoul festgestallt. Méi komplett Informatioune gëtt et wann d‘Gesetz bis virläit.

Illustratioun: Wann et bestëmmt sënnvoll ass nees iwwer Home-Schooling nozedenken, esou dierf hei net iwwersi ginn, datt et sech net fir all Kand eegent, an ee besonnesch der sozialer Situatioun vum Schüler hei muss Rechnung droen. © Thomas Park / unsplash

Related topics Claude Meisch, Covid19, Educatiounsminister, Léierpersonalreserv, Rekruteme
Next post Previous post