Däitschen Aarbechtsminister wëll e legale Kader fir Homeoffice schafen
Mam „Mobile-Arbeit“ Gesetz wëll den däitschen Aarbechtsminister Hubertus Heil den
Dëse Weekend fënnt an der Kierch zu Hesper eng ganz
Wann een d’Kommentaren zu sengem Post kuckt, ass den Här Breser net deen Eenzegen, deen dës Entscheedung net novollzéie kann.
Pol Breser / Facebook
Wéi e Sënn stécht dohannert? Mëttlerweil misst jo wierklech jidderee verstanen hunn, datt een sech reegelméisseg d’Hänn wäschen an desinfizéiere soll, esou wéi d’Mask undoe soll. Et ass scho bal en Automatismus ginn.
Dës, nawell onüblech Quarantaine gëtt vu ville Matbierger als “de Geck mat de Leit gemaach” ugeholl. Wat och ze verstoen ass. Quarantaine soll Quarantaine sinn. Mä an deem heite Fall, freet sech de Groussdeel: Wann et ausgesäit ewéi eng Int a mécht ewéi eng Int, firwat ass et da keng?
Gutt Fro, ma leider sinn d’Äntwerten net zefriddestellend. Wéi geféierlech ass de Virus dann nach? Wat wësse mir net?
Fakt ass: Tëscht dem 15. an 21. September goufen 93. Enseignante mat Ausgangserlaabnis a Quarantaine gesat. Dat huet ons Gesondheetsministesch Paulette Lenert dem Martine Hansen op eng parlamentaresch Fro (N° 2863) geäntwert. Wann e bedenkt, datt dat just véier Deeg sinn! Ausserdeem gëtt et dës Ausnam nach net fir aner Beruffer, dat ass awer geplangt – fir de Gesondheetssecteur.
Wär et net méi logesch gewiescht mat dëse Beruffer unzefänken? Wéi gouf dat decidéiert? A wou läit de Verglach? Äppel si keng Bieren, dat ass ons bewosst. Ewéi wär et mat: Dat selwecht Recht fir jiddereen?
Wien dréit dann elo d’Verantwortung, wann ee vun dësen Enseignante och positiv getest gëtt an de Virus mat bei sech heem bréngt? Wat geschitt, wann zoufällegerweis eng vulnerabel Persoun am Haushalt ass, déi dono immens mam Virus ze kämpfen huet?
Konsequent sinn, ass anescht. Leider muss een an dësem Fall der Santé hier Wierder op d’Goldwo leeën a selwer entscheeden. Wéi vill sinn se wäert?