Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rock aus Lëtzebuerg: KWAÏDAN presentéiert seng éischt Single!
Neiegkeeten

Rock aus Lëtzebuerg: KWAÏDAN presentéiert seng éischt Single!

Dierfe mir virstellen: KWAÏDAN ass de jéngste musikalesche Bijou aus

money
De Staatsbankrott vu Venezuela a véier Froen, erkläert
Neiegkeeten

De Staatsbankrott vu Venezuela a véier Froen, erkläert

Dëse Méindeg 13. November wäert Venezuela senge Creanciere mussen agestoen,

Eng Verfassungsreform fir Russland
Neiegkeeten

Eng Verfassungsreform fir Russland

Dee vum russesche President virgeluechten Entworf ass mat enger däitlecher

2020 sollt ee besser net Entrepreneur sinn

Bei der Handelskummer gouf et déi traditionell Konferenz zur Konjunktur

2020 sollt ee besser net Entrepreneur sinn

Nodeems de STATEC schonn ugekënnegt huet datt de „wirtschaftlechen Opschwong eng Paus mécht“ waren et gëschter d‘Vertrieder vun der Handelskummer zu Lëtzebuerg, déi en däischtert Bild fir d‘Entwécklung vun den Lëtzebuerger Entreprisë gezeechent huet.

Esou heescht dann och: „Lëtzebuerg, eng Ekonomie déi no Baussen oppen ass, a seng Entreprisen, wäerten sech engem schwierege Joer 2020 entgéintzestellen hunn“. Dat hänkt jo awer vu ville Facteuren of, woubäi, an och dat huet de STATEC schonn esou ernimmt, et déi wirtschaftlech Problemer vun eisen däitschen Nopere sinn, déi eis (frankophon) wirtschaft ënner Drock setzt.

Zu Lëtzebuerg gëllt déi däitsch Sprooch net als „Verkéierssprooch“ franséisch schonn. Déi meescht Produkter ginn iwwert d‘Belsch importéiert, an awer ass et esou, datt Däitschland de wichtegste Wirtschaftspartner vu Lëtzebuerg a sengen Entrepreneuren ass. Verbonne gëtt dëse Constat vum Christel Chatelain, Beroderin op der Handelskummer, mam Wandel an der Automobilindustrie.

D‘Elektrifizéierung vun der individueller Mobilitéit, manner Export a Richtung China, den Handelskrich tëscht den USA a China, an d‘Erklärung vun der NATO, datt China och eng militäresch Bedreeung ass… dat alles géif sech negativ op déi däitsch Wirtschaft néierschloen, firwat och d‘Ekonomie zu Lëtzebuerg zolidd a Fro gestallt gëtt. Mee dat eleng ass nach keng Kris.

Generell huet déi ganz Wirtschaftsunioun e Problem domatter, datt de globale Wuesstem fir 2020 nëmmen nach bei 3% leie soll. Dat ass déi schwächste Prognos zanter dräi Joer. Woubäi se dann awer op der Handelskummer net alles op „extern Aflëss“ drécken, fir verständlech ze maachen, datt et den Ament guer net gutt fir de Lëtzebuerger Entreprenariat ausgesäit. Wou dréckt de Schong?

Lëtzebuerg am strukturelle Chaos

Fir den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen, sinn déi strukturell Problemer vum Land, déi et den Entreprise schwéier maache kompetitiv ze bleiwen, a wann dann och nach d‘Konjunktur noléisst, da kréien d‘Entreprisen den „Hick“. Dat wierkt sech nieft der Kompetitivitéit dann och op d‘Attraktivitéit vum Land aus, wou dat mat der „Attraktivitéit“ nees éischter hausgemaach schéngt.

Esou ënnersträicht de Carlo Thelen, dat déi finanziell Belaaschtung vun den Entreprisen ongesond ass, d‘Produktioun stagnéiert an déi administrativ Prozedure villes zumindest „behënneren“. Deem misst sech elo entgéintgestallt ginn an endlech e Modell geschafe ginn, deen de qualitative Wuesstem privilegiéiert, de legalen a fiskale Kader méi effizient mécht, woubäi och den Entscheedungsprozess méi flénk misst ginn.

Laut dem Direkter vun der Handelskummer muss d‘Vertrauen nees hiergestallt ginn. De Betriber an Investisseure muss gehollef ginn ze innovéieren, d‘Rentabilitéit vun den Entreprise garantéiert bleiwen. Anescht ausgedréckt, d‘Regierung muss déi Vecteure berécksiichtegen, déi fir den Erhalt vun der sozialer Kohesioun an d‘Wuelbefanne vun der Gesellschaft grondleeënd sinn.

Problemer beim Rekrutement?

Interessant, ass awer och datt een op der Handelskummer gemierkt huet, datt och eis Noperen net méi esou wierklech op Lëtzebuerg wëlle schaffe kommen. Dat net esou direkt am Niddreglounsecteur, d‘Hongerleider kommen och weiderhin no enger – am direkte Verglach zum eegene Land – Aarbechtsplaz sichen, mee déi méi qualifizéiert fänken un sech ze distanzéieren.

Dat huet natierlech en direkten Impakt op d‘Produktivitéit, firwat d‘Suerg ëm ee qualitative Wuesstem duerchaus och seng Berechtegung huet. Bedauert gëtt awer och, datt een dem Salariat ëmmer méi Geld muss ubidden an zudeem d‘Steieren, am europäesche wéi am internationale Vergläich, vill ze héich sinn. An dat soen eis och nach just déi Leit déi wéineg Steiere bezuelen an en héicht Akommes hunn. Mee bon et ass jo och hire Job…

Fir déi Betraffe selwer, also d‘Entreprisen, schéngt d‘Situatioun wäit manner dramatesch, wéi se vun den „Experten“ presentéiert gëtt. 71 % vun den Entrepreneure sinn „zouversiichtlech“ a 16% sinn esouguer „ganz zouversiichtlech“ wat déi mëttelfristeg Entwécklung betrëfft. An nee, datt si keng Zuele vum STATEC, dat sinn déi Zuelen, déi d‘Handelskummer selwer virgeluecht huet.

De Plang vun der Handelskummer

D‘Ekipp ronderëm de Carlo Thelen huet awer net nëmmen hir Doleancen a Suerge virgeluecht. Si huet och e Plang, wéi een enger sech ofzeechnender Kris ka begéinen. An esou si gëschter och Beräicher opgewise ginn, an deenen et ubruecht wier konsequent Aktiv ze ginn:

1) et soll e fënnefte Plang „PME“ ausgeschafft ginn, dee geduecht ass d‘Entreprise besser ze begleeden. Dat mat enger Reform vum Faillittegesetz an der Aféierung vun der „Zweeter Chance“. D‘Handelskummer huet an dësem Sënn, dem Mëttelstandsminister Lex Delles en Dossier zoukomme gelooss, wou alles dra steet. Hie wëll dësen 5. Plang dann och 2020 presentéieren.

2) beim Amenagement vum Territoire brauch et eng Strategie, déi eng koherent territorial Entwécklung garantéiert. Heimatter sinn den Transport (ëffentlech an individuell) wéi och de Logement gemengt.

3) bei der Digitaliséierung an der energetescher Transitioun (Klimaplang) muss zwéngend u Mesure geduecht ginn, mat deenen d‘Entreprise begleet an op d‘Verännerunge virbereet ginn. Dat heescht, et sollen nach manner Steieren erhuewe ginn, déi da vum Salariat opgewannt dierfe ginn. A si hu grad eréischt gemengt et géif ee scho steierlech iwwerfuerdert…

4) dat féiert zur Fuerderung un d‘Koalitiounsregierung, endlech d‘Verspriechen déi gemaach goufen, hisichtlech der Kompensatioun fir déi sëlleche soziale Moossnamen, déi d‘Patronat wirtschaftlech schwéier belaaschten. Méi Congésdeeg, den Elterecongé, an d‘Zäitspuerkonten, datt kënnen d‘Entreprise finanziell net eleng op hire schwaache Schëlleren droen.

5) gefuerdert gëtt och méi „Flexibilitéit“ am Kontext vun der Organisatioun vun der Aarbecht. Mee datt en neit Aarbechtsrecht soll vun den dräi Acteuren: Regierung, Gewerkschaft an UEL soll an „Zesummenaarbecht“ entstoen, dat ass net gewollt. Et géif et gären hale wéi mam Lex Delles: d‘UEL-Juriste schaffen en Text aus, an d‘Regierung reecht dësen zur Ofstëmmung an der Chamber an.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Carlo Thelen, Handelskummer, Kompetitivitéit, Konferenz zur Konjunktur, Wirtschaftswuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel