Search

You may also like

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen
Neiegkeeten

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen

2020 soll et – esou war et och am Koalitiounsaccord

Campagne „Gitt Siichtbar“: Well et heiansdo gutt ass opzefalen!
Neiegkeeten

Campagne „Gitt Siichtbar“: Well et heiansdo gutt ass opzefalen!

Wéi all Joers ass et wichteg a leider och néideg

Lëtzebuerg: De Covid19 fuerdert en neit Affer
Neiegkeeten

Lëtzebuerg: De Covid19 fuerdert en neit Affer

Och bei eis am Land dréift den onséilege Coronavirus Covid19

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen

Leschte Samschdeg huet sech den Europa- an Inneminister Jean Asselborn mam Bundesaußenminister Heiko Maas zu Schengen getraff. Dës Visitt an der Lëtzebuerger Wënzeruertschaft sollt d’Wichtegkeet vun der Ophiewung vun de Grenzkontrollen fir Europa an Etappen ervir hiewen.

De Lëtzebuerger Minister huet bei der Entrevue mam däitschen Amtskolleg Maas betount: „Mir weisen haut, datt Schengen vum Virus net besiigt ginn ass, datt Schengen nees zum Liewen erwächt.“

Dobäi huet hien d’Decisioun vun der däitscher Bundesregierung, fir d’Grenzkontrollen un de gemeinsame Grenzen nees opzehiewen, immens begréisst. „Dës Entscheedung ass och ee wichtegt Signal hisiichtlech enger schrëttweiser Recuperatioun vum Schengenraum. Dat sollt elo eng Haaptprioritéit vun der EU sinn.“

De fräie Persouneverkéier fir all Mënschen an der Regioun ass essentiell, virun allem wann ee bedenkt, datt 200.000 Pendler, dorënner ee Véierel aus Däitschland, all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen. Mam Opmaache vun de Grenzen erliichtert een den Alldag vu ville Bierger aus der Groussregioun.

Am Mëttelpunkt vum Gespréich stoungen och d’Virbereedungen op den däitsche Virsëtz vum Rot vun der Europäescher Unioun am zweeten Hallefjoer.

D’Billergalerie zum Treffen fannt Dir uewen © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Related topics Aarbecht, Alldag, Erliichterung, Europäesch Unioun, Grenzgänger, Heiko Maas, Jean Asselborn, Oppe Grenzen
Next post Previous post