Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nom Facebook-Skandal entzitt sech Cambridge Analytica der Verantwortung
Fail Neiegkeeten

best free hookup dating apps

D‘Reputatioun vun der britescher Firma Cambridge Analytica (CA) war souwisou

https://moien.lu/dating-niche-ideas/
Fail Neiegkeeten

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch

Den ILR (Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut) huet am Dezember seng statistesch Fiche

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg
Fail Neiegkeeten

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg

En Dënschdeg huet den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis d‘Krichsparteien am Jemen

dislike

D’CGFP an d’Regierung gi sech bei der Reform vun der Fonction Publique weider net eens

D’CGFP an d’Regierung gi sech bei der Reform vun der Fonction Publique weider net eens

E Méindeg hat sech d‘CGFP-Exekutive mam Premierminister Xavier Bettel (DP) an dem Inneminister Dan Kersch (LSAP), zu enger Drénglechkeetssëtzung am Staatsministère afonnt. Beim Bléck op déi vill Problemer, déi sech am Kader vun der Reform vun der Fonction Publique, bemierkbar maachen, war dës Sëtzung vun der Gewerkschaftsbond gefuerdert ginn.

Wéi et am Communiqué heescht, war et eng Entrevue, déi ouni konkret Resultat op en Enn gaangen ass. Am Verlaf vun der Sëtzung sollt sech séier erausstellen, datt béid Säiten an engem wiesentleche Punkt diametral entgéint gesaten Usiichten hunn. Esou hunn de Premier an den Inneminister op e neits kloer gestallt, datt d‘Regierungskoalitioun just bereet wier, déi „kritesch“ Punkten am Kader vum nächste Kollektivvertrag ze verhandelen.

E Fait dee vun der CGFP-Exekutive bedauert gëtt. Onverständlech fir d‘Gewerkschaftsvertrieder, datt d‘Regierung un hirem Standpunkt festhält. Onverständlech och, datt et keng Bereetschaft gëtt op e Kompromëss hin ze schaffen. D‘CGFP ass a bleift iwwerzeegt, datt d‘Feeler déi bei der Reform gemaach goufen, net Géigestand vu Kollektivvertragsverhandlunge kënne sinn.

Do muss méi kommen

Zur Erënnerung: den 28. Februar, hat d‘CGFP-Exekutive vum Nationalvirstand dat onmëssverständlecht Mandat erhalen, fir eng kloer Trennung tëscht dem Kollektivvertrag, an den dréngend noutwennege Korrekture bei der Reform, anzetrieden. Sollt dat net méiglech sinn, an d‘Regierung un hirer Positioun festhalen, soll e Schlichtungsverfahren ageleet ginn. Hei ass et also 5 vir 12, an en heftege Sozialkonflikt bei der Fonction Publique ass net méi ausgeschloss.

Bei der Entrevue huet d‘Regierung awer däitlech gemaach, datt een den Dialog mat der CGFP net wëll ofräisse loossen. Nach am laf vun dëser Woch wollten sech d‘Vetrieder vun der CGFP mam Dan Kersch op neits gesinn. Deen hätt zumindest ugedeit, gewëllt ze sinn no enger Léisung ze sichen, déi all vun alle Säiten ugeholl ka ginn.

All Kritikpunkt soll ugepaakt ginn. Dat begréisst d‘CGFP-Exekutive, mécht awer och däitlech, datt een iwwer 30.000 Beamte vertrëtt, an e sech net vun der Regierung wäert op der Nues erëmdanze loossen. Et léich am Interessi vum ëffentlechen Déngscht, datt een esou séier wéi méiglech un deene richtege Schrauwen dréit, fir d‘Feeler an der Reform ze behiewen. Bis zu de Parlamentswahle bréicht et eng Léisung, a keng Absichtserklärung.

Ähnlech Sujeten CGFP, Fonction Publique, Reform, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel