Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Du drénks all Dag Kaffi, mee wéi gutt weess du iwwert e Bescheed?
Angry Neiegkeeten

Du drénks all Dag Kaffi, mee wéi gutt weess du iwwert e Bescheed?

Um Büro geet näischt ouni Kaffi. Ob To Go, Instant,

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil
Angry Neiegkeeten

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil

Bei der Virstellung vum Joresbilan vun der CFL waren nëmmen

dislike
Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?
Angry Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?

D‘Regierung huet e Méindeg op en Fro vun der LSAP-Deputéiert

angry

D‘CGFP ass onzefridde mat den Äntwerte vun de Parteien op hir Fuerderungen

D‘CGFP ass onzefridde mat den Äntwerte vun de Parteien op hir Fuerderungen

Bei hirer grousser Maniff vum 27. November, hat d‘CGFP de Nol déif ageschloen. Si verlaange vun de Parteie, Stellung zu de gestalte Fuerderungen ze ergräifen. Eng Stellungnam wëll den Daachverband vun der Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht allerdéngs och vun der Regierung.

Nom federale President vun der CGFP, Romain Wolff, ass am Kader vun der „Reform vun der Reform“ villes geschitt. Mat enger méi gerechter Revalorisatioun vun de Carrièren (retroaktiv zum 1. Januar) huet den zoustännege Minister gutt reagéiert. Et gëtt sech erhofft, datt den Dossier elo net anzwousch hänke bleift.

Et steet dann allerdéngs nach villes op der Lee. Bei der CGFP geet een dovun aus, datt trotz Chamberwahlen am Oktober, déi aktuell Regierung déi verbleiwend 7 Méint wäert ze notze wëssen. Dat besonnesch fir sech den däregen Dossiere wéi der 80/80/90 Reegel, der Dauer vum Stage (soll vun 3 op 2 Joer verkierzt ginn), an dem Zäitspuerkont unzehuelen.

Am Bezuch op d‘Opfuerderung un d‘Parteien, sech géintiwwer de Fuerderungen ze äusseren, dat méiglechst schrëftlech, ass den Delai gëschter „ofgelaf“. De Romain Wolff begréisst dann och, datt een net bis Mokuchsdag gewaart huet, wat elo net bedeit, datt hien mat den Äntwerten zefridde gewiescht wier.

Séier wéineg Konkretes

Gesäit ee vun de Parteien, déi sech scho bei der Maniff solidaresch gewisen haten (KPL / déi lénk), of, dann huet just d‘DP eng uerdentlech Stellungnam ofginn, an och zu engem Gespréich agelueden. D‘Kommunisten an déi lénk stellen sech hannert d‘CGFP. Si gesinn d‘Noutwennegkeet vun der 80/80/90 Reegel net méi. Zudeem si béid Parteien aus dem politesch lénke Spektrum och fir d‘Ofschafung vun der Bewäertungsprozedur. D‘Piratepartei hirersäits wëll sech fir eng „zefriddestellend“ Situatioun am ëffentlechen Déngscht asetzen.

D’ADR wëll dat mat 80/80/90 Reegel verhandelen. Dobäi fillt een sech dëser „Mesure“ net verflicht. Do ass also nach Spillraum, besonnesch well d‘ADR net gewëllt ass, d‘Fonction Publique onbegrenzt fir Auslänner opzemaachen.

Vun de Sozialdemokraten (LSAP) an de chrëschtlech sozialen (CSV) ass et schrëftlech just eng „Invitatioun“ ginn. An de Romain Wolff huet dann och keen Heel draus gemaach, datt e bedauert, datt et am Virfeld zu de Gespréicher keng Stellungnam gëtt. D‘Entrevuë selwer ginn dann awer nees begréisst.

Bei déi gréng ass een och net an der Lag gewiescht eng uerdentlech Stellungnam ofzeginn. Wéi et heescht wieren se mam Wahlprogramm beschäftegt, an dat wier bekanntlech en „interne Prozess“. Mee och si stinn awer engem Gespréich oppe géinteniwwer.

Anscheinend läit de Ball bei der Regierung

Well et jo awer an éischter Linn d‘Regierung ass, déi de Rôle vum Patron huet, ass et verständlech, datt d‘CGFP vun dëser och eng Stellungnam verlaangt. De Premierminister hätt eegens zougesot, dat si do och Satisfaktioun géife kréien, mee dat ass zum jëtzegen Zäitpunkt nach net geschitt.

Dat ass net wierklech gutt, well den 28. Februar huet de federale Comité Sëtzung, an do misst een awer iwwer dës Stellungnam debattéiere kënnen. Kann een dat net, misst ee sech „Mesuren“ iwwerleeën, déi et der Regierung verdäitlechen, wéi Doudeescht et der CFGF mat hire Fuerderungen ass.

Esou gëtt dann och alt nees drop higewisen, datt den Accord Salarial vun 2016 nach ëmmer net „ofgewénkt“ ass. Et wier och zimlech krass musse festzestellen, esou de Romain Wolff, datt bei der Sëtzung vum Staatsrot um 21. Februar, dëse Punkt nach net emol op der Dagesuerdnung steet.

Dobäi dierf op dëser Plaz festgehale ginn, dann e sëlleche Fuerderunge vun der CGFP och kéinten (a sollten) Signalwierkung am Privatsecteur hunn. Dofir dann och nach emol de Message un d‘Regierung, sech d‘Heft net aus der Hand huelen ze loossen an d‘Fuerderunge vun der CGFP op déi laang Bänk ze drécken.

Foto: De Romain Wolff, federale President vun der CGFP (lénks) an de Steve Heiliger, Generalsekretär, stellen dréche fest: „De Ball läit elo bei der Regierung“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CGFP, Romain Wolff, Steve Heiliger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel