Search

You may also like

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem
Neiegkeeten

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem

Wéi erwaart hunn d‘USA um Méindeg hire Veto géint eng

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck
Neiegkeeten

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck

Um Mëttwoch huet d’NASA eng fantastesch Serie Biller vum grousse

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun
Neiegkeeten

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun

Eigentlech wollt de britesche Krichsveteran fir säin 100. Gebuertsdag „just“

Entrevue tëscht dem OGBL an der FGT

Entrevue tëscht dem OGBL an der FGT

Den2. Oktober haten de Syndikat „Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et Constructions métalliques“ vum OGBL an d Federatioun vum „Genie Technique“ (FGT) eng Entrevue, bei där sech iwwert den Impakt vun der Covid19-Kris op d‘Entreprisen am Beräich Elektrizitéit a Chauffage-Sanitaire ënnerhale ginn ass. Zwee Secteuren déi vun engem sektorielle Kollektivvertrag profitéieren.

Wann d‘Reprise vun den Aktivitéiten – mat der Reouverture vun de Chantieren um 20. Abrëll – eenegermoosse geuerdent verlaf ass, esou huet d‘FGT opgeworf, datt sech déi finanziell Situatioun vun den ënnerschiddlechen Entreprise heterogen presentéiert. Eng gewëssen Unzuel vu klengen Entreprise wier notamment mat Tresorerie-Problemer confrontéiert, fir op d‘Obligatiounen am Kontext vun de Hëllefen a Moratoiren déi si zougestane kruten, wéi hir Betriber am Etat de Kris d‘Aktivitéiten hu missen unhalen.

Fir sech de schwierege Situatiounen an dëse Secteuren unhuelen ze kënnen, hunn den OGBL an d‘FGT sech drop verstännegt, Diskussiounen opzehuelen an ee sektorielle „Plan de Maintien dans l‘Emploi“ auszeschaffen. Zil dovunner ass et den Entreprisen d‘Iwwerliewen ze sécheren, ouni datt dofir mussen Aarbechtsplaze geaffert ginn. A well dës sanitär Kris wäit dovunner ewech ass geléist ze sinn, mussen d‘Sozialpartner weiderhin zesummeschaffen, fir appropriéiert Sécherheets- an Hygiènesmesuren op der Aarbechtsplaz a beim Transport vun de Beschäftegten, an d‘Plaz ze setzen.

Fir den OGBL ass et an dësem Zesummenhang wichteg, dat den Dialog tëscht de Sozialpartner och trotz sanitärer Kris weidergefouert. Dat och oder besonnesch am Bezuch op d‘Verhandlungen fir d‘Kollektivverträg.

Matgedeelt vum OGBL, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Michael Browning / unsplash

Related topics Entrevue, FGT, OGBL, Sanitär Kris, sektorielle Kollektivvertrag
Next post Previous post