Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

IZULU Water: Mat engem klenge Geste géint den Honger hëllefen!
Neiegkeeten

IZULU Water: Mat engem klenge Geste géint den Honger hëllefen!

D’Situatioun an den äermste Géigende vu Südafrika ass an Zäite

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm
Neiegkeeten

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm

Am Kader vun den Aarbechten am Val de Hamm, wou

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d‘Küstewaach vum Cap Vert
Neiegkeeten

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d‘Küstewaach vum Cap Vert

Am Kader vun der trilateraler Zesummenaarbecht an am Kontext vun

Mat gesonder Ernierung de Kriibsrisiko senken – Entscheet dech richteg!

Mat gesonder Ernierung de Kriibsrisiko senken – Entscheet dech richteg!

Nodeems bei der leschter Campagne “Entscheet dech richteg” vun der Fondation Cancer de Sonneschutz am Fokus stoung, lenkt een d’Opmierksamkeet am September op d’Bedeitung vun enger gesonder Ernierung.

Déi grouss Vakanz ass eriwwer an domat och d’Zäit vun de villen Aperoen an de Grillfester ënnert Frënn. Elo heescht et, nees bei enger gesonder Ernierung erëmzefannen, well schlecht Iessgewunnechte gehéieren zu de Risikofacteure fir Kriibs. An dorop wëll d’Fondatioun opmierksam maachen.

Ernierung

  • De Risikofacteur Iwwergewiicht: Wien heefeg Liewensmëttel mat ville Kalorien zou sech hëlt (Zocker, Fett) an net ofwiesslungsräich ësst, leeft Gefor Iwwergewiicht ze kréien. An Iwwergewiicht gëllt nieft dem Tubakmëssbrauch als zweete wichtege Risikofacteur fir eng Kriibserkrankung.
  • Gesond iessen: Liewensmëttel mat ville Kalorie sollt ee meiden, Gedrénks mat Zocker aus de Féiss goen. Am Beschten ass et d’Hallschent vum Dagesbedarf mat méiglech villen Uebst- a Geméiszorten ze decken; bei de Kuelenhydrater vollwäerteg, ballast- an nährstoffräich Varianten ze wielen a bei den Eewäissquelle fir Ofwiesslung ze suergen.
  • Verschaffte Fleesch, eng Gefor fir d’Gesondheet: E weidere Schwéierpunkt vun der Campagne läit op verschaffte Fleeschproduktiounen, ewéi Wurscht, Salami an Ham – déi nawell zu Lëtzebuerg zimlech beléift sinn. An awer sollt een och emol drop verzichten. Et erhéicht nämlech de Risiko un Daarmkriibs ze erkranken. Aus dësem Grond recommandéiert d’Fondatioun Cancer rout Fleesch just a Moosse ze genéissen.

„Vermeit mat Hëllef vun enger moderéierter Ernierung d’Gewiichtszounam – dat ass de wichtegste Rot wat d’Ernierung a Saache Kriibspreventioun ugeet”, erkläert d’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer.

Déi zweet Campagne „Entscheet dech richteg” huet de 15. September ugefaangen. Infomaterial, Videoen a Quizzen fannt Dir op de sozialen Netzwierker an op der Websäit www.entscheidedichrichtig.lu.

Ähnlech Sujeten Entscheet dech richteg, Fett, Fondation Cancer, gesond Ernierung, Gesondheet, Gewiichtszounam, Informatioun, Iwwergewiicht, Kalorien, Quizz, Sensibiliséierungscampagne, Verschafftt Fleesch, Video, Zocker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel