Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sensibiliséierungscampagne: Offall kann déidlech sinn!
International Neiegkeeten

Sensibiliséierungscampagne: Offall kann déidlech sinn!

Vergaangene Samschdeg hunn den Ëmweltministère an d’Administratioun vun der Ëmwelt

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!
International Neiegkeeten

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!

Déi wëchentlech Flicht vu Cargolux an déi ungaresch Haaptstad Budapest

Sozialwahlen 2019: Syprolux stäipt sech géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Syprolux stäipt sech géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

D‘Eisebunnergewerkschaft Syprolux, hat e Freideg an e Samschdeg, am Virfeld

Zwou Milliarden US-Dollar Entschiedegung fir Glyphosat Affer

BAYER net méi ganz esou erfreet iwwert den opkaf vu Monsanto

Zwou Milliarden US-Dollar Entschiedegung fir Glyphosat Affer

Wéi den däitsche Pharma- a Chimiekonzern BAYER déi op „Ëmweltschutz“ spezialiséiert US-Entreprise Monsanto a säi Portfolio opgeholl huet, muss dësem entgaange sinn, datt de Konzern eppes „ëmstridde“ war an ass. Elo mussen Entschiedegungen un Affer vu Monsanto bezuelt ginn.

Et si gutt Nouvellen déi der Welt aus dem Geriichtssall vun Oakland (Kalifornien) zougedroe ginn. Hei hunn déi Geschwueren d‘BAYER-Duechter Monsanto zum ausbezuele vun eppes iwwer zwou Milliarden US-Dollar (ronn 1,8 Milliarden Euro) un zwee Kläger condamnéiert. Et ass also op e neits vun engem Geriicht bestätegt ginn, datt de Wierkstoff „Glyphosat“ gesondheetsschiedlech ass.

Dat ass dann och schonn den drëtte Prozess, an deem Bayer/Monsanto veruerteelt gëtt, an esou lues fänkt et un „deier ze ginn“, heescht et aus der däitscher Zentral. Am Fall deen zu Oakland behandelt ginn ass, war et eng pensionéiert Koppel déi d‘Produkt „RoundUp“ vu Monsanto, verantwortlech mécht fir déi erlidde Kriibserkrankung. An den Affekot vun der Uklo iwwerzeegend gewiescht sinn.

Hie konnt déi Geschwueren net nëmmen dovunner iwwerzeegen, datt d‘Produite vu Monsanto Kriibserreegend sinn, mee och noweisen, datt BAYER/Monsanto Studie manipuléiert, an esou d‘Risike virum Konsument verschleiert huet. Eng Beschëllegung déi vun der Jury bestätegt an aktéiert ginn ass, a kee gutt Virzeechen ass, fir déi Aussestoend 13.400 Kloen zum RoundUp.

Ze vill Muecht?

Den däitsche Konzern, deen déi juristesch Strategie vu Monsanto iwwerhëlt, gesäit sech natierlech net an der Schold an esou och net an der Verantwortung. Dat bëssi Mënscheliewe léisst sech jo och net mat de Milliardeprofitter vergläichen, an et ass bestëmmt och voll Absurd unzehuelen, datt esou een harmlost Mëttelche Gesondheetsgefore a sech verbiergt. Et geet also an den Appell…

BAYER argumentéiert: „De Kontrast tëscht dem haidegen Uerteel an der Schlussfolgerung vun der EPA, datt et keng Risike fir déi ëffentlech Gesondheet duerch déi derzäit zougeloosse Verwendung vu Glyphosat gëtt, kéint net gréisser sinn“. Domatter ass d‘Richtung an d‘Strategie vum däitsche Konzern déiselwecht wéi se scho vu Monsanto ugewannt ginn ass: et ginn d‘Affer higehalen.

A schrëftlech heescht et weider: „No Opfaassung vun der US-Ëmweltschutzagence esou wéi weidere Reguléierungsautoritéiten si glyphosatbaséiert Produite bei uerdentlecher Uwennung net Kriibserreegend. Dës Aschätzunge baséieren op Erkenntnisser aus 40 Joer ëmfangräicher wëssenschaftlecher Fuerschung“. Datt heibäi soll gefuddelt gi sinn, hält BAYER fir onméiglech.

mat indymedia/lax/ber

Foto: Datt net nëmmen de Mënsch dem Risk ausgesat ass um Wierkstoff Glyphosat ze erkranken, mee och d‘Natur erhieflech geschiedegt gëtt, an dat op onbegrenzten Zäit, interesséiert bei BAYER nach keen. Déi schéngen den Ament nach esou domatter beschäftegt ze sinn d‘Geld ze zielen, datt si och d‘Beiestierwen als onbegrënnt bis irrelevant aklasséieren. Beverly Buckley/Pixabay

Ähnlech Sujeten Bayer, Glyphosat, Kriibserregend, Kriibsrisiko, Monsanto, RangerPro, RoundUp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel