Search

You may also like

Den Zingy vun der Stuff Brauerei – Dee mam Ingwer
Neiegkeeten

Den Zingy vun der Stuff Brauerei – Dee mam Ingwer

D‘Stuff Brauerei zu Steesel ass déi wuel klengsten ënnert de

Editorial: Ass et wierklech esou komplizéiert?
Neiegkeeten

Editorial: Ass et wierklech esou komplizéiert?

Et ass jo net esou, wéi wa mir et net

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Produiten „Nature Bio Oeufs

Déif duerchootmen: Déi bescht Entspaanungsübunge bei Stress

Déif duerchootmen: Déi bescht Entspaanungsübunge bei Stress

Zemools an dëser Coronakris bestëmmt de Stress eisen Alldag. Mä mat e puer Übungen déi dogéint hëllefen, kënnt Dir erëm zur Rou kommen.

Stress geet dacks vun eleng erëm fort. Normalerweis. Wien allerdéngs stänneg domat geplot ass, weess: Op laang Dauer kann et ermiddegend sinn. Dofir brauche mir, no enger stresseger Phase och eng Phase vun der Entspanung. Dës Balance ass wichteg, fir datt mir net krank ginn. Dofir sollte mir eis froen: Wat setzt eis ënner Drock? An nach méi wichteg: Wat kënne mir dogéint maachen?

Stress© Pim Chu / Unsplash

Hei sinn e puer Tipps, déi Wonner wierken:

Stress am Alldag erkennen a reduzéieren

Mir bréngen de Stress dacks mat eisem berufflechen Ëmfeld a Verbindung. Allerdéngs kann en an all Liewensberäich optrieden. Och Problemer am soziale Beräich gehéieren dozou. Typesch Unzeechen: Et schléift e schlecht, et ass e vill midd, d’Konzentratioun léisst no, et ass e schlecht gelaunt an et verléiert een d’Liewensloscht.

Entspaanungsübunge kënne gutt hëllefen. Se hëllefen net nëmme  bei akutem Stress, se sinn och virbeugend gutt. Dofir huelt Iech all Moien oder Owend e puer Minutten Zäit.

Fréier ware kierperlech Stressreaktiounen dofir do, eis op méiglech Fluchtszenarie virzebereeden. Mä well de moderne Mënsch net méi viru Friessfeinde fortlafe muss, kann et hëllefen, dem Stress en anert Ventil ze ginn – zum Beispill kierperlech Beweegung. Iech sinn dobäi keng Grenze gesat, et ass egal op Dir am Park spadséiere gitt, Kraafttraining oder Yoga maacht.

Yoga ass eng gutt Méiglechkeet de Stress ofzebauen. Déi douce Beweegungen hëllefen dobäi sech ze entspanen.

Och Mantrae kënnen nëtzlech sinn. Dir kënnt se ëmmer an iwwerall opsoen an der Situatioun upassen:

  • Ech sinn total entspaant
  • Ech wäert dat schaffen
  • Ech si staark
  • Ech fannen d’Léisung fir de Problem

Fir datt dës Sätz wierken, wär et gutt eng méiglech roueg Plaz ze sichen. Maacht Iech et bequem – sëtzend oder am leien, et soll sech gutt ufillen. Maacht d’Aen zou, otemt lues déif an an aus a schwätzt d’Mantra e puermol hannerteneen. Dat muss och net haart sinn, Dir kënnt et och an Äre Gedanken opsoen.

Stress© Stephanie Greene / Unsplash


Otemübungen géint Stress

An hektesche Situatiounen otemt ee schnell a flaach, mä genau dëst verstäerkt de Stresseffekt.

Dir kënnt dëse Problem einfach léisen andeems Dir Iech eng aner Ootmung ugewinnt.

Esou geet et: Setzt Iech oprecht hin. Leet am beschten déi flaach Hand op de Bauch fir Ootmung ze kontrolléieren. Maacht Är Aen zou an otemt ganz lues duerch d’Nues eran. Halt den Otem ee Moment – dono loosst alles zu dem Mond erëm eraus. Widderhuelt dat Ganzt esou laang, bis datt Dir Iech entspaant fillt.

Eng Studie beseet, datt dës Übunge bei US-amerikaneschen Elittezaldoten an Navy Seals ugewannt gëtt, fir bei akutem Stress séier zur Rou ze kommen.

Stress© JD Mason / Unsplash

Meditatioun

Meditéieren ass eng vun der schwéierste Übunge bei Stress. Mä mat e bësse Gedold klappt dat schonn.

De Problem dee vill Leit hunn: Si kënne schlecht ofschalten an d’Gedanken aus dem Kapp verbannen. Et geet awer net drëm d’Gedanke lasszeginn. Mediatioun ass éischter eng Konzentratiounsübung, d’Übung kann hëllefen de Chaos am Kapp ze uerdnen.

Wann Dir Problemer hutt Iech ze konzentréieren, da kann et hëllefen de Fokus op Ootmung ze lenken. Eigentlech geet d’Übung genee d’selwecht ewéi déi uewendriwwer – Dir muss nëmmen nach Äerm a Been labber loossen. Stellt Iech vir, ewéi d’Loft duerch Äre Kierper fléisst.

Eng Gedankenrees

Aplaz Äre Kapp fräi ze maachen, denkt un eng besonnesch schéi Plaz. Villäicht un déi lescht Vakanz oder e gemitterlecht Zëmmer. Et ass wichteg, datt et en Uert ass, un deem Dir Iech sécher a wuelfillt. Konzentréiert Iech drop a spiert de Stress lues awer sécher vun Äre Schëllere falen.

Opmaacherbild: © Luis Villasmil / Unsplash

Related topics Aarbecht, Aufgaben, Entspanung, Gedankereess, Konzentratioun, Meditatioun, Middegkeet, Otemübungen, Stress
Next post Previous post