Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)
https://moien.lu/dating-separated-muslim-man/ Neiegkeeten

https://moien.lu/who-is-vicki-gunvalson-dating-steve/

Fir de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng waren déi lescht puer

https://moien.lu/free-dating-app-like-tinder/
pua online dating products
https://moien.lu/dating-separated-muslim-man/ Neiegkeeten

Neit Geld fir de Sultan vun Ankara

Mat engem clevere Schachzuch, huet sech e Freideg den tierkesche

Aweiung vum ëmgebauten Zucharrêt zu Uewerkuer
https://moien.lu/dating-separated-muslim-man/ Neiegkeeten

Aweiung vum ëmgebauten Zucharrêt zu Uewerkuer

Gëschter gouf no Ëmbauaarbechten den Zucharrêt zu Uewerkuer a Presence

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz

Orban begréisst d‘Entscheedung vun der europäescher Vollekspartei

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz

Gëschter war de Gremium vun der europäescher Vollekspartei (EPP) zesummekomm, fir iwwert d‘Zukunft vun der Fidesz an hirem Leader Viktor Orban, innerhalb der politescher Famill vun de Konservativen ze entscheeden. Zu Engem Ausschloss awer ass net komm. Wéi et heescht, hu sech 190 Delegéiert vir eng Suspendéierung ausgeschwat, 3 waren dergéint.

Eng Decisioun déi vum Viktor Orban „gelueft“ ginn ass, firwat hien dem Fraktiounschef, Manfred Weber, seng voll Ënnerstëtzung zougesot huet. No dëser Entscheedung ass et elo um fréieren EU-Rotspresident Herman Van Rompuy, eng Kommissioun anzesetzen, déi dann doriwwer ze befannen huet, wéini an ob d‘Rechter vun der Fidesz nees kënne voll ëmfänglech a Kraaft trieden.

Fidesz

Den Ausschloss selwer, esou zumindest de Positionnement vum Manfred Weber, ass net vum Dësch. Den däitsche CSU-Politiker schéngt et mam Vertrauen an de Viktor Orban net méi esou „solidaresch“ ze gesinn, wéi et laang ausgesinn huet. Et stellt sech fir d‘EPP dann awer nach d‘Fro, ob de Präis dee se fir d‘Erhale vun der Eenheet bezuele mussen, gerechtfäerdegt ass.

Eng Paus maachen?

Aus de Mond vum Viktor Orban héiert et sech esou un: „D‘EPP huet eng gutt Entscheedung getraff, well se d‘Eenheet sécherstellt. Meng Partei wäert fräiwëlleg op d‘Mataarbecht an den EPP-Gremie verzichten, esoulaang wéi dee vun der EPP agesate Rot vun de Weisen d‘Lag an Ungarn préift“. Hien huet betount, datt seng Partei och weiderhin d‘Kandidatur vum Manfred Weber ënnerstëtzt.

Et war dem ungaresche Ministerpresident gelongen, virun der Ofstëmmung nach emol op dee vun der EPP „geduechte“ Virschlag anzewierken, an deem et geheescht huet: „D‘Fidesz gëtt ouni dierfe matzeschwätze suspendéiert, kann awer fräiwëlleg op säi Stëmmrecht verzichten an dierf net u Parteiveranstaltungen deel huelen“. Dobäi hätt een eigentlech mat engem Ausschloss gerechent.

Fidesz

Fir vill politesch Parteien an Europa, ass déi hallefhäerzeg Entscheedung vun der EPP e grëff an d‘Toilette.

Elo awer heescht et: „Den EPP-Präsidium an d‘Fidesz hu sech drop verstännegt, datt d‘Fidesz bis zur Virlag vum Bericht seng Memberschaft roue léisst“. Interessant dann och, datt während eng Partie Memberen (virun allem de Benelux a Skandinavien) et virgezunn hätten sech den ungaresche Faschisten ze entleedegen, déi däitsch CDU an d‘CSU, sech géint den Ausschloss entscheet hunn.

Näischt verstanen?

Wann et elo net direkt eng Iwwerraschung ass, esou ass de Positionnement vun der däitscher „Schattenkanzlerin“ Annegret Kramp-Karrenbauer eng riskant Wett am Kontext vun der EU-Wahl Enn Mee. Si huet de Beschloss och begréisst:

„D‘Afréiere vun der Memberschaft gëtt der Fidesz d‘Chance, déi weiderhi bestoend Zweiwel, ob d‘Partei de Versteesdemech vun de gemeinsame Wäerter vun der EPP deelt an op dëser Grondlag eng zukünfteg vertrauensvoll Zesummenaarbecht méiglech ass, gänzlech auszeraumen“.

Hei stellt sech d‘Fro: „Wat huet d‘CDU-Cheffin un der Fidesz-Ideologie net verstanen?“. Eng Partei déi hir Muecht mëssbraucht fir Minoritéiten ze diskriminéieren, d‘Pressefräiheet de facto ofgeschaaft huet, eng däitlech anti-europäesch Campagne verfollegt, de Kommissiounspresident als Feindbild bei der Bevëlkerung instauréiert, a mat falsche Behaaptungen d‘EU u sech a Fro stellt.

Fidesz

Esou wéi sech d‘EPP gëschter fir d‘Fidesz an hire Patron Viktor Orban „agesat“ huet, an eng Entscheedung rechtfäerdegt déi net novollzéibar ass, kéint een unhuelen, datt d‘Ausso vum ungaresche Ministerpresident, deen d‘Kollege vun der EPP als „nëtzlech Idioten“ bezeechent huet, zu gudder Lescht zoutreffend ass. Bei der EU-Wahl sollt de Wieler sech dorunner erënneren…

mat indymedia/bru

Foto: © EPP

Ähnlech Sujeten Ausschloss, EPP, Europawahlen 2019, Fidesz, Suspendéierung, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel