Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen
Neiegkeeten

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen

D’EU an d‘Mercosur-Länner (Brasilien, Paraguay, Uruguay an Argentinien) si sech

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem
Neiegkeeten

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem

En amerikanesche Riichter huet um Méindeg eng Sammelklo (Class Action)

Super equipéiert mat der ECOBOX – Méi laang genéissen
Neiegkeeten

Super equipéiert mat der ECOBOX – Méi laang genéissen

Sponsored Story – De Projet ECOBOX – Méi laang genéissen,

Eppes méi zesummeschaffe wier wënschenswäert

Eppes méi zesummeschaffe wier wënschenswäert

D‘Gewerkschaft vun den Lëtzebuerger Educateuren (SLEG) a fënnef weider Gewerkschafte vum ëffentlechen Déngscht, hunn dem Educatiounsminister Claude Meisch (DP) an engem konstruktive Schreiwes d‘Propose gemaach, eng nei Plattform fir den „Echange“ ze schafen.

De SLEG, zesumme mat de representative Syndikater vum sozioedukative Personal beim Staat – dat sinn d‘ALEE, d‘APEG, d‘APPSAS, de SLO an de SPEBS, hunn an hirem Schreiwes vum 4. Juni bedauert, datt d‘Kommunikatioun tëscht dem Minister an de Mataarbechter am psycho-sozioedukative Secteur éischter „schlecht“ ass, fir net ze soen „inexistent“. Dat féiert zu Problemer.

Bezitt ee sech op d‘Feststellunge vun de Gewerkschaften a Syndikater, dann ass d‘Absence vu Kommunikatioun engersäits Grond zur Beonrouegung, mee dréit och zum Onverständnes bäi. Dat Gefill eleng gelooss ze ginn, wéi och déi gefillten Ongerechtegkeet si grad an dëse Krisenzäiten net ziilféierend. Et sollt een dann och net den Androck vermëttelen, et wier alles Beschtens.

Ëmmerhi sollt ee bedenken, datt et d‘Leit aus dësem Secteur sinn a waren, déi zanter dem Etat de Kris dofir Suerg gedroen hunn, datt d‘Hëllef an d‘Ënnerstëtzung vun de vulnerabele Schüler, oft fragiliséiert an vun der Schoul deconnectéiert, weider geleescht konnt ginn. Och de Kanner hir Elteren hu vun dësem wichtege Soutien profitéiert. Och dofir ass Kommunikatioun wichteg.

D‘Gewerkschaften si beméit sech konstruktiv an den Dialog anzebréngen, firwat si dem Minister proposéieren eng nei Plattform ze schafen, op där en Echange vereinfacht soll ginn. Hei sollten d‘Experte vum Educatiouns- a Jugendministère, sech mat den Experten aus dem psycho- a sozioedukative Secteur, déi formell an déi informell, iwwert déi verschidden Themen austauschen.

Esou eng Plattform kéint eng gutt a wäertvoll Zesummenaarbecht tëscht den Acteuren um Terrain an deenen am Ministère fërderen. D‘Gewerkschaften an d‘Syndikater gesinn heiranner och eng eenzegaarteg Geleeënheet, séier op déi aktuell an zukünfteg Bedierfnisser reagéieren ze kënnen, firwat hei all déi Concernéiert sollten implizéiert ginn.

Schoulen, Lycéeën, Kompetenzzentren, mee och d‘Strukture fir den Accueil an soss Strukturen aus dem psycho-sozioedukative Secteur sollte mat agebonne ginn. Datt esou eppes net iwwer Nuecht kann entstoen, dat sinn sech d‘Gewerkschaften an d‘Syndikater bewosst. Hei gëtt elo awer bedauert, datt op neits keng Reaktioun säitens de Minister oder sengem Ministère erfollegt ass

Illustratioun: Problemer mat deenen sech Kanner an eiser Welt ausenanerzesetzen hunn, ginn duerch eng Kris net manner an net besser. Datt déi vill engagéiert Leit aus de sozioedukative Beruffer op eng gutt Kommunikatioun mam Ministère ugewise sinn, an datt den Echange hei konstruktiv a béide Richtunge muss gefouert gi läit op der Hand. Dat sollt een net verschleefen. © Wadi Lissa / unsplash

Ähnlech Sujeten ALEE, APEG, APPSAS, Claude Meisch, Educatiounsminister, SLEG, SLO, SPEBS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel