Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Viren als Waff asetzen
Meenung Money Neiegkeeten

Viren als Waff asetzen

Den UN-Sécherheetsrot huet sech eng geheim Sëtzung vergënnt, an dat

geek
Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen
Meenung Money Neiegkeeten

Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen

Am Kader vum Neijoerschdagspatt um Ministère fir Digitalisatioun, hunn um

Caritas aktivéiert seng Truppen
Meenung Money Neiegkeeten

Caritas aktivéiert seng Truppen

An dëse schwéieren Zäite verséchert d‘Caritas de Beneficiaire vun hire

money

D‘Proprietaire sollten eppes Solidaritéit weisen (e Kommentar)

D‘Proprietaire sollten eppes Solidaritéit weisen (e Kommentar)

De gréissten Undeel vu Geschäftsraim zu Lëtzebuerg ass a ganz wéinegen Hänn, oft sinn et Konsortië mee et gëtt och Groussgrondbesëtzer. Dat et dësen, ugesiichts de Loyeren, net wierklech schlecht goe kann, muss net erläutert ginn, deen Thema am Logement gouf ausgibeg behandelt, an do maachen déi kommerziell genotzte Fläche keng Ausnam. An et geet wéi ëmmer ëm vill Geld.

Gëschter da war den Affekot a President vun der „Union des Propriétaires“ zu Gaascht um 100,7, an do huet de Georges Krieger, e Mann deem matten an enger sanitärer Kris gläichzäiteg d‘Empathie géintiwwer de Geschäftsleit wéi och de normale Mënscheverstand abhande komm ass, erkläert, datt hie senge Memberen net ka recommandéieren, de Loyer ze reduzéieren oder auszesetzen. An säin Argument ass treffend an inzisiv, d‘Geschäftsleit hu selwer Schold wa kee Geld do ass…

“D’Kris déi mer hei hunn, sou aktuell wéi se ass, ass eréischt zanter zéng Deeg. Wa fir d’Commerzanten eng ‘Durststrecke’ do ass, vu 14 Deeg, dräi Wochen, da misst dat kee Problem sinn, et sief dann, et war vun Ufank un e Betrib, dee Schwieregkeeten hat.”

Datt déi allermeeschte kleng Geschäfter, schonn ënner „normalen“ Ëmstänn vun de Loyeren zolidd ënner Drock gesat ginn, wat dozou féiert datt si keng „Reserve“ kënnen uleeën, datt allerdéngs weess kee besser wéi den Affekot mam Charisma vun engem Hugo Boss Top-Model. Wann et, wat soll virkommen, emol engem Geschäftsmann gutt geet, gëtt schliisslech de Loyer erhéicht, well et jo net ka sinn, datt dee wou de Profit erwirtschaft, sengem „Här“ dat mëscht dovunner ofgëtt.

Mee ganz d‘Buedemhaftung huet de Georges Krieger dann awer net verluer. Hie recommandéiert senge Leit sech flexibel ze weisen. Op Loyere verzichte, dofir wier et vill ze fréi. Dobäi verfüügt den Affekot – zumindest Bildungstechnesch – iwwer genuch Intelligenz fir ze wëssen, datt dës Kris esoubal net wäert eriwwer sinn, an déi wirtschaftlech Kris déi der sanitärer Kris follege wäert, nach emol de Betriber méi ofverlaange wäert, wéi dat den Ament schonn de Fall ass. Mee dat zielt net…

Politiker erfreet esou eppes net

Wann ee bedenkt, datt d‘Stad Lëtzebuerg, d‘Stad Esch an Diddeleng entscheet hunn mam gudde Beispill virzegoen an et nach gëschter geheescht huet, dat de Finanzminister esouguer mat de Banken en Accord fonnt huet, dann ass de Beholl vum Affekot Georges Krieger beschtefalls als „Schänterlech“ ze ëmschreiwen. Mee vläicht stécht jo och e System derhannert, well esouguer wa mir alleguerten an engem Boot sëtzen, muss et fir esou Mënschen eng éischt Klass ginn.

Den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei), deen esou ee Beholl net novollzéie kann huet sech via Facebook dozou als éischte geäussert: Am däitsche Grondgesetz steet: « Eigentum verpflichtet » dat wat den Me Krieger um Radio 100,7 vu sech ginn huet ass en Zeechen dovunner datt en sech senger sozialer Responsabilitéit als Proprietäre net bewosst ass! Et ass eng Ausso déi schlecht altere wäert! Ech weess och net wéi hie vun 2-3 Woche schwätze well mir well an der 2. Woch sinn an d’Enn net a Siicht ass. De Me Krieger soll sech vläicht op den Droit konzentréieren an net probéieren Aussoen ze maachen déi sech net mol Dokteren zoutrauen! Solidaritéit ass wichteg, grad an Zäite vu Krisen, a jidderee muss Verantwortung iwwerhuelen, och d‘Proprietären!“

An hien ass net den eenzegen… Esou huet d‘LSAP haut de Moie mëttels Communiqué och déi ëmwerfend Empathie vun der „Union des Propriétaires“ kommentéiert. Esou heescht do aleedend: „Lëtzebuerg erlieft derzäit eng riseg Well vun der Solidaritéit. Déi gesamt Bevëlkerung setzt sech (…) fir seng Matmënschen an. Déi ganz Bevëlkerung? Net ganz! E klengen Deel entzitt dëser Solidaritéit an dozou gehéiert ‚d‘Union des Propriétaires‘ si huet gëschter hiert tatsächlecht Gesiicht gewisen“. An alles wat si an dësem Schreiwes festgehalen hunn, mécht weesentlech méi Sënn, wéi dem Affekot seng Argumentatioun.

Wann dat awer sollt derzou féieren – zumindest gëtt et do säitens der LSAP Undeitungen – datt sech no der Kris seriéis géint Spekulatiounen a Profitmaximéierung um Immobiliëmaart opgestallt gëtt, da kann een dem Me Georges Krieger vläicht awer nach Dankbar sinn. Hien hätt dann zumindest eppes erreecht, wat weder d‘Gewerkschaften nach déi politesch Oppositioun am Land ronn kritt hunn: de Konsens datt et esou net ka weider goen. Et wier dann och de Wunnengsmaart betraff. Esou gesi wennt sech de Plaidoyer vum Affekot net géint d‘Locataire, mee géint seng Clienten. Cool!

Illustratioun: © Samantha Sophia / unsplash

Ähnlech Sujeten Locataire, Me Georges Krieger, Proprietär, Solidaritéit, Union des Propriétaires, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel