Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg
Cool Crazy Neiegkeeten

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter

coollove
Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren
Cool Crazy Neiegkeeten

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren

Kanada huet e weidere Schratt a Richtung Legaliséierung vum rekreative

Konventioun vun Istanbul: Méi Gerechtegkeet fir d’Fraen an d’Meedercher
Cool Crazy Neiegkeeten

Konventioun vun Istanbul: Méi Gerechtegkeet fir d’Fraen an d’Meedercher

Um Freideg hunn d’Ministesch Lydia Mutsch (Chancëgläichheet) an de Minister

cooltongue

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden

De Suchtverband Lëtzebuerg Asbl, an Zesummenaarbecht mat der UNI-Lëtzebuerg, huet sech de Problemer vun den Drogesüchtegen zu Lëtzebuerg ugeholl, an der Gesondheetsministesch e Méindeg Léisungsvirschléi virgeluecht. E Programm dee Courage a Moyene verlaangt, vun deenen ee sech froe kann, wou se hir komm sollen.

Et wier ze einfach d‘Ae virun engem Problem ze verschléissen, deen awer reell ass, heescht et säitens dem Suchtverband, enger Federatioun vun Acteuren, déi sech d‘Zil gesat huet, déi betraffe Persoune seriö ze begleeden. An esou riichten si en Appell un déi politesch Verantwortungsträger, sech de Conclusioune vun hirem Nationalkongress aus dem Hiecht 2017 unzehuelen.

Hei haten sech déi ronn 150 Mataarbechter aus dem Sozialsecteur, déi um Terrain am Drogemilieu schaffen, sechs prioritär Theme fixéiert. An Aarbechtsgruppe sinn déi behandelt ginn. Et sinn dunn Léisungsvirschléi ausgeschafft an Erwaardungen un d‘Regierung gestallt ginn. D‘Conclusiounen si vum Generalsekretär René Meneghetti an dem President Jean-Pierre Nico, presentéiert ginn.

Fir eng Gesondheets- a Fuerschungspolitik am Beräich vun der Drogenofhängegkeet op d‘Been ze stellen, misst een emol fir unzefänken, déi aktuell Situatioun begräifen. Esou war dann och den éischte Sujet deen zréckbehale ginn ass, déi sozial Gläichstellung fir den Accès zu Soinen. Eenzeg d‘Residenten déi den RMG (respektiv de REVIS) erhalen, gi medezinesch betreit.

D‘Prise en Charge assuréieren

An dësem Kontext huet de Suchtverband drun erënnert, datt eng 600 Mënsche keng Affiliatioun bei der CNS hätten, an der dovunner d‘Hallschent e Suchtproblem hunn. Gesäit en emol dovunner of, datt déi Leit am „Noutfall“ behandelt ginn, esou ass et awer uschléissend esou gutt wéi onméiglech si medezinesch, am Fall vun enger chronescher oder infektiéiser Krankheet, ze behandelen.

Dobäi ass hei nach net emol rieds vun enger Prise en Charge am Sënn vun „Entzuch“ oder esouguer enger laangfristeger Therapie. Hei schwätzen d‘Experten dann och vun enger Situatioun déi fir déi betraffen diskriminéierend ass. Si fuerderen dann och eng „Couverture universelle“ ouni Karenzzäit an erwaarden, fir méi Transparenz ze hunn, datt de Süchtege vum Sozialdéngscht begleet gëtt.

Hei ass dann och drop higewise ginn, datt Drogesüchteger an Alkoholiker ganz oft och psychesch Problemer hunn, dee an de seelenste Fäll behandelt ginn. Dat alles zesummegeholl mécht dann awer och däitlech, datt massiv Humankapital muss agesat ginn. Mënschen – op Dokter, Infirmier, oder Educateur – déi een entspriechend forméiert muss.

Domatter ass et a punkto „Investissement“ net gedoen. Et erfuerdert, esou d‘Experten, och Soinen op psychiatreschem Niveau, besonnesch oder grad bei de „Basis-Strukturen“ (Nuetsfoyeren, an Opfaangstrukture wéi Stëmm vun der Strooss, Obridago, asw…). Natierlech muss och verstäerkt an d‘Preventioun investéiert, an den duebelen Diagnostik systematesch duerchgefouert ginn.

Och déi Süchteg fänken un an den Alter ze kommen

Mam Réckgang vun de Risiken an dem verstäerkten Asaz vu Substitutiounsmëttel, sinn d‘Chancen och mat der Ofhängegkeet an den Alter ze kommen, enorm gestigen. Eng laang Zäit an där de Süchtegen seng „psychotrope“ konsuméiert huet, huet hien isoléiert. Den Drogesüchtege gehéiert zum Prekariat, huet oft säi Liewen tëscht der Psychiatrie an dem Prisong verbruecht.

Dofir, esou de Suchtverband, mussen nei Strukture geschafe ginn, déi de spezifesche Besoine vun dëser Populatioun ugepasst ass. An wann et engem Eescht wier, misst een och op der Universitéit eng Ausbildung an der Suchtmedezin ubidden. Engem Wonsch deem scho mat der Rentrée 2018 – am Kader vum Bachelor a Sozialwëssenschaften – kann entsprach ginn.

Mee d‘Experte fuerderen och nach, datt endlech eng Etüd gemaach gëtt, déi sech mat de Besoine vun den „alen“ Drogesüchtege beschäftegt. Woubäi sech net alles op den „drëtten Drogenalter“ konzentréier soll. Och déi „Jonk“ op Konsument oder net, misst ee bei hirer Entwécklung zum Erwuessene begleeden. Preventioun sollt schonn am Fundamentalunterrecht ufänken.

A Fro stelle kann een dann awer d‘Fuerderung no der Entkriminaliséierung vun de „Jonken“ an der Schoulflicht bis 18 Joer, dat mam Argument, déi Jugendlech kéint een esou besser begleeden. An da gëtt et am Land och keng Struktur, wou aktiv Drogesüchteger enger Beschäftegung kéinten nogoen. Dat ass nawell eng grouss Lëscht u Wënsch, déi dem Lydia Mutsch virgeluecht ginn ass.

Ähnlech Sujeten Alkoholsucht, Drogesucht, Gesondheetsministère, Suchtverband Lëtzebuerg Asbl, Uni-Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel