Search

You may also like

Pedophilie: Den Dalaï Lama wousst vun den Iwwergrëff
Neiegkeeten

Pedophilie: Den Dalaï Lama wousst vun den Iwwergrëff

Op der hollännescher Tëlee huet den Dalaï Lama e Samschdeg

Kommt all an de Mariendall
Neiegkeeten

Kommt all an de Mariendall

E Sonndeg de 15. September mécht de Jugendzentrum am Mariendall

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)
Neiegkeeten

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)

Wann et zoutrëfft datt kee Mënsch fräi ass vu Feeler,

„We are Equal“: D‘Stereotyppen iwwerwannen

„We are Equal“: D‘Stereotyppen iwwerwannen

Et gëtt Mesuren déi Noutwenneg sinn an engem Awer ze denke ginn. Esou huet de Ministère fir d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra (MEGA) gëschter nees eng Rei Mesure virgestallt, mat deenen de sexuéierte Stereotyppe soll begéint ginn. Betraff sinn dovunner nach ëmmer fir eng Rei Beruffer an Aktivitéiten, mee och d‘Bekleedung.

Den Impakt op d‘Beruffsliewe gëtt hei zolidd ënnerschätzt, firwat eng Rei Moossnamen hu missen ergraff ginn. Woubäi ënner Moossnamen elo emol fir unzefänken eng Broschür gemengt ass an där se virgestallt ginn. Déi awer wäert vun enger Rei Events begleet ginn, déi sech op der Internetsäit Rockmega fanne loossen. Och d‘Camionnette vum MEGA ass heifir am Asaz.

E wichtegen Acteur ass hei och den Dokter André Meizer vun der Universitéit zu Lëtzebuerg, dee iwwert de Rôle vun den Gender-Stereotyppe bei Kanner a Jugendleche fuerscht. Hie géif och mat de Schoulen an de Maison Relais schaffen. Hei erkläert den Dokter senge jonken Nolauschterer, datt Decisiounen déi si all Dag huelen, net dierfen op der Basis vun hirem Geschlecht getraff ginn.

Lëtz go Equal

Dës Aktioun gëtt vun enger ganzer Serie Videoclippe begleet, an deenen d‘Protagonisten sech Stereotyppen ausgeliwwert gesinn. (Déi sinn um YouTube-Kanal vum MEGA) Bei der Presentatioun vun der Broschür an dem Hiwäis, datt et eng thematesch Säit gëtt, d‘Camionnette nach ëmmer hir Ronnen dréit an eben déi genannt Videoen, gouf et nach eng Invitatioun.

Esou huet eis d‘Ministesch Taina Bofferding (LSAP) och nach de Sujet zum MEGA-Evenement am Kontext vum Internationalen Dag vun de Fraerechter virgestallt: de 5. Mäerz gëtt um Belval eng d‘Konferenz „Lëtz go Equal in Digital“ ofgehalen, déi an Zesummenaarbecht mat WIDE Asbl* (Women In Digital Empowerment) organiséiert gëtt. Si riicht sech u Studenten an Nerds.

Dëse Konferenzdag gliddert sech an zwee Deeler: moies gëtt et Ateliere fir d‘Schüler/innen aus de Lycéeën an därer déi am digitale Secteur täteg sinn. Nomëttes ginn an enger Konferenz d‘CEOe vu Start-Ups en Abléck an hir Projeten. De Verdacht datt et sech hei ëm eng riseg Marketing oder soss iergendwéi gelagert Aktioun vum Finanzsecteur handelt déi de MEGA subventionéiert hält sech…

Foto: Um Méindeg huet d‘Gläichstellungsministesch Taina Bofferding (Mëtt) mam Jean-Claude Bisenius (l) an dem Maryse Fisch (r) d‘Sensibiliséierungsinstrumenter vum Ministère virgestallt. © MEGA

* WIDE ass eng Asbl déi an éischter Linn vum Finanzsecteur „gedroe“ gëtt an d‘Verkéierssprooch ass englesch/franséisch.

Related topics Finanzsecteur, Jean-Claude Bisenius, Maryse Frisch, MEGA, Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Taina Bofferding, WIDE
Next post Previous post