Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie
Kultur Neiegkeeten

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie

Virun enger Woch gouf déi éischt Phas vun der „neier

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!
Kultur Neiegkeeten

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!

Kricher ginn et der aktuell vill ze vill, an awer

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!
Kultur Neiegkeeten

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!

Um 17:30 Auer si gëschter eng Zwanzeg Appelle bei de

Buchpresentatioun vun “Er nannte mich Mile”

Buchpresentatioun vun “Er nannte mich Mile”

Er nannte mich Mile vum Renée Stoll war fir mech een emotionaalt Lieserliefnis. Ech hunn dacks missen u meng Boma denken, ewéi si mir fréier Geschichten iwwert de Krich erzielt huet. Iwwert d’Amerikaner an dat éischt Stéck Schockela.

Si war Schëfflenger, genee ewéi eis 93 Joer al Protagonistin. Villäicht hunn si sech kannt, d’Welt ass schliisslech kleng. Dobäi ass d’Buch ass net nëmmen eescht: d’Milly huet en onverkennbaren Humor, doduerch war ech a Gedanken dacks beim italienesche Film Das Leben ist schön, ee Wierk dat ech immens gär hunn.

De Lieser léiert d’Emilia kennen – hatt bléckt op e laangt a schwéiert Liewen zeréck. Mir sinn dobäi wann seng Elteren sech kenneléieren a begleeden d’Famill duerch d’Joren. An da sinn d’Preisen e bemol do! Eng ganz Welt verännert sech.

Si gi vun den Nazie verschleeft a mussen an engem Lager schwéier schaffen. All Dag ass e Kampf, net jiddweree géing bei dësen traumateschen Erliefnisser den Iwwerliewenswëlle behalen. Et huet mech erféiert, ma et war en ustrengende Wee bis zu der Fräiheet. Voller Péng, Angscht a Verloscht – mat engem Fonken Hoffnung.

Et ass e vun de Bicher, déi dech Stéck fir Stéck auserneen huelen – fir datt ee sech dono erëm als Ganzt fillt. Esou Geschichte gi mir ëmmer ënnert d’Haut. Ech konnt d’Buch net an enger Kéier liesen, hunn divers Pausen dertëschent gebraucht. Hunn mech gesammelt, d’Tréine gedréchent, d’Nues gebotzt an erëm an d’Géigewaart fonnt.

Mile

© Steve Halama / Unsplash

Et ass kee fiktive Roman, d’Milly krut domat en Häerzenswonsch erfëllt. Tëscht de Buchdeckele stécht e Stéck Lëtzebuerger Geschicht. Menger Meenung no ass et net einfach de Spagat tëscht Eeschthaftegkeet an Humor ze fannen, ma hei ass en gelongen, op eng immens authentesch Aart a Weis.

D’Buch ass vu grousser Bedeitung sollt an de Schoule gelies ginn – fir datt och d’Millenium Generatioun (an déi dono) net vergësst. D’Erënnerungen an all déi Liewen däerfen net fir näischt sinn …

Erweist dem Milly Respekt a léiert hatt kennen, déi Stonnen déi Dir mat him verbréngt, wäerten net fir näischt sinn.

An engem hallwe Joer sinn d’Walfer Bicherdeeg (oder och net, wien weess dat schonn). Ech géing mir wënschen, datt dëst Buch fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert gëtt. E wär verdéngt.

Wien sech iwwert de Confinement an iwwert eise Krich mam Coronavirus opreegt, soll dëst Buch liesen fir ze verstoe wat wierklech Angscht ass. Mir hunn et nämlech zimlech kamoud getraff a sollten eis iwwert eist Gejéimers schummen.

Ech soen den Editions Schortgen, der Autorin Renée Stoll an dem Milly Merci!

Opmaacherfoto: Er nannte mich Mile vum Renée Stoll © Editions Schortgen

Ähnlech Sujeten Aarbechtslager, Buchpresentatioun, Editions Schortgen, Er nannte mich Mile, Geschicht, Milly, Nationalsozialismus, Renée Stoll, Vergaangenheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel