Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Metalfestival zu Koplescht – méi wéi just Musek!
Stories

Metalfestival zu Koplescht – méi wéi just Musek!

Vergaangene Samschdeg war zu Koplescht am Centre Wirtspesch eng méi lass:

Volleyball D1: Fenteng motivéiert, Belair gutt opgestallt
Stories

Volleyball D1: Fenteng motivéiert, Belair gutt opgestallt

Um Samschdeg stoungen sech um Belair déi zwou Equippe géinteniwwer,

Editorial: Et sinn ëmmer déi aner Schold
Stories

Editorial: Et sinn ëmmer déi aner Schold

De Verfall vun der tierkescher Lira ass „dramatesch“, an awer

Erausfanne wat Google iwwert ee Weess, erkläert

Erausfanne wat Google iwwert ee Weess, erkläert

Datt e beim Internetsurfe vill Spueren hannerléisst, dat ass gewosst, mee wat „déi aner Säit“ alles vun engem weess, ass villen net ëmmer bewosst. Wien awer gäre wéisst, wat Google esou vun engem weess, hei de Wee wéi een et kann erausfannen.

Wien Google-Déngschter benotzt hannerléisst (vill) Spueren, op Sichmaschinn, Applikatioun (APP), YouTube oder einfach „Säiten“ besiche geet… alles gëtt gespäichert. All dës Date kann ee sech ukucken, et kann ee se esouguer Läschen an och d‘Sammele vun den Daten „unhalen“.

An et ass zimlech einfach. Op „https://myactivity.google.com/“ muss ee sech mat sengem Google-Account umellen. Do kritt een dann eng Iwwersiicht iwwert alles wat ee jeemools mat Google-Déngschter gemaach huet. Vun der Sich no Informatioune bis hin zur Navigatioun.

Alles wat ee „gesicht“ huet ass opgelëscht. Interessant: et ass méiglech eenzel Anträg oder Themeberäicher ze läschen. Wie mat „Android“ schafft, kann zudeem och gesi wéi eng App wéini a wéi oft genotzt gëtt. Ënner „Web & App Activity“ kann een e Krop setzen, a scho ginn zukünfteg Sich-Ufroen net méi gespäichert.

Personaliséiert Reklamm, Lokalisatioun an Zougrëff op Daten

Well sech Google an de Kapp gesat huet, all Mënsch seng personaliséiert Reklamm unzebidden, gëtt vun all Notzer e Profil erstallt. Dofir kritt ee keng Froe gestallt, Google fënnt dat selbststänneg eraus.

Et sinn d‘Online-Aktivitéite vum Notzer, déi mat engem Algorithmus ausgewäert ginn, an et Google erméigleche gewuer ze ginn, wéi eng Virléiften an Interessen den Notzer huet. Déi personaliséiert Reklamm, léisst sech ënner „https://adssettings.google.com/u/0/authenticated?hl=de“ och „Ofschalten“.

Google iwwerwaacht awer net nëmmen déi Saachen, no deenen ee sicht oder déi ee sech ukuckt. Nee et gëtt och gespäichert wou een iwwerall war. An dat kritt de Notzer schéi propper ënnert „https://adssettings.google.com/u/0/authenticated?hl=de“ op enger Landkaart ugewisen.

Wie mat Android ënnerwee ass, wäert méi „Punkten“ op der Kaart gesi wéi Apple-Notzer, woubäi all déi, wou sech och am Ausland iwwert hire Google-Mail Account ugemellt hunn, gesinn wou se sech iwwerall opgehalen hunn.

Eppes wat vill Leit oft iwwerginn: „Google Permissions“. Heivunner sinn all Smartphone betraff. Ënner „https://myaccount.google.com/permissions“ kritt een en Iwwerbléck iwwer d‘Applikatiounen déi een installéiert huet, a wéi eng dovunner Zougrëff op d‘Donnéeë vum Notzer hunn.

„Big Data“

Firwat elo Google all déi Date sammelt, dofir huet Google en Argument: ëmsou méi ee vun de Notzer weess, ëmsou besser loossen sech d‘Déngschter un se upassen. Beim „Upassen“ gëtt awer an éischter Linn nees un d‘Reklamme geduecht, ëmmerhi wëll Google och Geld verdéngen.

Sënn an Zweck d‘Reklamm op de „Client“ ofzestëmmen, ass manner de Wonsch Leit eppes unzebidde wat se kéinte sichen, wéi dem Annonceur d‘Reechwäit vu senger Annonce ze verdäitlechen. Den Annonceur wëll jo och wësse wat him d‘Reklamm kann abréngen.

Et ass dann och esou, datt Google vun den Android-Notzer méi weess. Dat läit dorunner, datt Android-Smartphonen nëmme mat engem Google-Account lafen (esou wéi ee beim i-Phone muss bei Apple ugemellt sinn).

Alles wat een also mat sengem Android-Smartphone mécht: Surfen, Sichen, Onlineshopping, an esouguer wou een sech ophält (GPS Daten erméiglechen dat); dat alles leeft iwwert een eenzegen Zougang. Wäertvoll Donnéeën a wirtschaftlech Grondlag vun der Entreprise.

Selwer entscheeden

Als kleng „Klamer“ ass et awer wichteg drop hinzeweisen, datt Apple genee esouvill Donnéeë sammelt. Wat Apple mat den Date mécht ass net esou liicht erauszefannen, an d‘Entreprise verhält sech an dëser Fro och zimlech bedeckt. Hei kritt de Notzer keen Iwwerbléck, iwwert den Ëmfang vun de gesammelten Daten.

Wat genee Google mat den Donnéeë vu senge „Notzer“ mécht ass wuel och net ganz kloer, firwat et wichteg ass selwer ze entscheeden, wat ee Google „matdeele“ wëll. Wann een also net alles „erziele“ wëll, muss ee sech schützen.

Ofgesi vun den Astellungen (wéi uewe beschriwwen), wou ee villes ka verhënnere wat engem net geheier ass, roden Dateschützer zu weidere Moossnamen. Eng ganz einfach: Méi Google-Accounts notzen. Een Account fir de Smartphone an ee fir de Mail. Zudeem sollt ee scho bei der Umeldung, net bereetwëlleg all verlaangten Informatiounen hierginn.

A wann et engem egal sollt sinn, well e jo näischt ze verstoppen huet, esou muss op dëser Plaz verdäitlecht ginn, datt d‘Sammele vun Daten och en Agrëff an d‘Privatsphär ass. Wien also net wëll hunn dat den Aarbechtskolleg alles vun engem weess, soll dat och Google net erzielen.

Ähnlech Sujeten Android, Dateschutz, Google, Smartphone
Nächsten Artikel Virrechten Artikel