Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt
International Neiegkeeten

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt

Um Samschdeg haten de Gesondheets- an de Kooperatiounsminister op de

China gëtt op der UNO iwwert de Programm zur Internéierung vu Mosleme befrot
International Neiegkeeten

China gëtt op der UNO iwwert de Programm zur Internéierung vu Mosleme befrot

China gëtt en Dënschdeg vu den UN-Memberlänner iwwert säi Programm

dislike
Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker
International Neiegkeeten

Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker

Datt bei engem Indiespill den Entwecklerteam iwwerschaubar ass, si mer

Tierkei: Den Erdogan féiert seng Victoire an e gestäerkte Mandat

Tierkei: Den Erdogan féiert seng Victoire an e gestäerkte Mandat

Den tierkesche Staatschef, Recep Tayyip Erdogan, ass e Sonndeg schonn am éischten Tour fir en neit Mandat mat nach méi Muecht bestätegt ginn. Hien huet sech erwaardungsgeméiss géint eng zolidd opgestallten Oppositioun duerchgesat.

Säit elo 15 Joer herrscht den Autokrat iwwert d‘Tierkei. Hien ass elo bei virgezunne Walen nach emol fir 5 Joer am Amt bestätegt ginn. An de staarke Mann vun Ankara huet seng Victoire sichtlech genoss, wéi hien sech an der Nuecht op e Méindeg, virum Haaptquartéier vu senger islamesch-konservativer AKP, un seng Unhänger gewannt huet.

„De Gewënner vun der Wal, dat ass d‘Demokratie, de nationale Wëllen. De Gewënner vun dëser Wal, dat ass all eenzele vun den 81 Millioune Bierger“, esou den Erdogan ënnert dem Applaus an dem Gejäiz vu senge Supporter.

Vun den tierkeschen Autoritéite war am fréie Méindeg gewuer ze ginn, datt de Recep Tayyip Erdogan déi absolut Majoritéit vun de Suffragen erhalen huet. Domatter ass hie schonn am éischten Tour gewielt, an dat trotzt enger hëtzeger Campagne, wéi se beispillsweis den Oppositiounspolitiker a Sozialdemokrat Muharrem Ince gefouert hat.

A mat dëser Wal huet sech den Erdogan als de mächtegsten tierkeschen Dirigent, zanter dem Grënner vun der Republik, Mustafa Kemal, duerchgesat. Den Autokrat huet d‘Tierkei verännert, dat mat gewoten Infrastrukturprojeten a der Befreiung vum reliéis Fundamentalismus. Doriwwer eraus, ass dem Erdogan gelongen aus Ankara en „diplomateschen Acteur“ ze maachen.

Net vun alle gelidden

Dem Erdogan seng Géigner werfen dem 64 järege „Reis“ vir seng Muecht ze mëssbrauchen. Dat besonnesch säit dem Putschversuch am Juli 2016, dee vu massive Pürge begleet gouf, an deem nieft Oppositionellen, Beamten a Journalisten och Enseignanten an Professeren agespaart goufen. Et Fait deen och an Europa denoncéiert ginn ass.

Seng Victoire um Sonndeg, huet dem Recep Tayyip Erdogan seng Muecht nach emol verstäerkt. Dat well dës Wahlen de Passage vum parlamentaresche Regime zum presidentielle Regime markéieren, wou de Staatschef déi gesamt exekutiv Muecht op sech konzentréiert, esou wéi dat mam parlamentaresche Referendum vun 2017 beabsichtegt war.

Laut der staatlecher Agence Anadolu, huet den Erdogan, nom Ausziele vun 99 % vun de Stëmmen, 52,5% vun de Suffragen erhalen. D‘Allianz, déi vun der AKP dominéiert gëtt, huet beim legislative Volet vun der Wal 53,61% vun de Stëmmen op sech gezunn.

Säi gréisste Géigner, de Sozialdemokrat Muharrem Ince, kënnt mat 30,7% op déi zweete Plaz. Fir déi anti-Erdogan Allianz, déi vun e puer Oppositiounsparteie forméiert gi war, sinn um Enn beim legislative Volet vun der Wal, op 34% komm. De Muharrem Ince huet um Sonndegowend d‘Resultat vun der Wal net kommentéiert, mee fir e Méindeg eng Pressekonferenz ugekënnegt.

„Si“ waren iwwerzeegt

Dausenden Unhänger vum Erdogan haten sech um Sonndegowend bei der Residenz vum President zu Istanbul zesummefonnt. Si hu gesongen a mat de Fändele gefuchtelt. „Mir woussten zu 100% datt mir géife gewannen. Den Erdogan ass eise Champion. (…) D‘Resultater änneren sech net. An de leschte 16 Joer war et ëmmer den Erdogan dee gewonnen huet. Mir stinn als Natioun hannert him“.

D‘Victoire vum Erdogan ass incontestabel e Zeeche vu senger grousser Popularitéit beim tierkesche Wieler. Besonnesch beim konservative Wieler aus de ländleche Géigende vun Anatolien huet dat Zousproch fonnt. Mee och seng Standfestegkeet géintiwwer enger vereenter Oppositioun huet him vill Stëmmen abruecht. Esou d‘Analys vum Jana Jabbour, eng Doktesch déi dem CERI/Politesch Wëssenschaften ugeschloss ass, an als Spezialistin fir d‘Tierkei gëllt.

Woubäi et och hätt kënne schif goen. Den Erdogan hat geduecht all d‘Chancen op seng Säit ze zéien, an deem hie während dem „Etat d‘Urgence“ d‘Wahle virgezunn huet. Während der Campagne awer, war dem tierkesche President d‘Verschlechterung vun der wirtschaftlecher Situatioun dertëschent komm. Hie war dann och vun enger gutt opgestallter Oppositioun iwwerrascht ginn.

An et war dann och, well si erkannt hunn, datt et déi lescht Wale wiere mat deenen den Duuscht no Muecht vum Erdogan ka gebremst ginn, wou esou ënnerschiddlech Parteie wéi d‘CHP (déi sozialdemokratesch Partei vum Muharrem Ince) oder Iyi (Nationalisten) a Saadet (Islamistesch) eng eenzegaarteg Allianz, zesumme mat der HDP (pro-kurdesch) bilde konnten.

Elo huet nach just een d‘Soen

De Muharrem Ince, en engagéierten Deputéierten déi d‘Faarwe vum CHP bei der Presidentewahl verdeedegt huet, huet sech als Haaptgéigner vum Erdogan erwisen. Hie konnt d‘Leit uechtert dem ganze Land begeeschteren, an eng Oppositioun oprëselen déi vu ville Néierlage gezeechent war.

An den Erdogan presentéiert de neie presidentielle System als Noutwennegkeet, fir d‘Tierkei mat enger stabiller Exekutive auszestafféieren. Seng Géigner beschëllegen hien awer d‘Muecht wëllen u sech ze räissen. Mat der Reforme gëtt d‘Funktioun vum Premierminister gestrach, an et ass dem President erlaabt per Dekret ze regéieren.

Dozou muss erwähnt ginn, datt déi ganz Campagne vun enger besonnesch ongläicher Couverture an de Medie begleet ginn ass. Déi tierkesch Medien haten sech ganz op d‘Säit vum Erdogan gestallt, an d‘Televisiounschaînen hunn all Ried an all Optrëtt a voller Längt iwwerdroen.

An dann ass do och nach de Fall vum pro-kurdesche Kandidat vun der HDP, Selahattin Demirtas, dee gezwonge war seng Campagne aus enger Zell eraus ze féieren. Hie sëtzt am Prisong, wou him de Virworf gemaach gëtt „terroristesch Aktivitéiten ze ënnerstëtzen“. Den Demirtas sëtzt zanter 2016 an Untersuchungshaft.

Laut de partielle Resultater, huet den Selahattin Demirtas ronn 8% vun de Stëmmen erhalen, a seng Partei d‘HDP hätt eleng iwwer 10% op nationalem Niveau erreecht. Domatter sollt hien dierfen am nationale Parlament e Mandat hunn.

Hale mir nach fest, datt gefaart gi war, datt et bei de Walen zu „Gefuddels“ kéint kommen. Dat notamment am Südosten, wou d‘Kurden d‘Majoritéit hunn. D‘Oppositioun, déi eng Arméi un Observateure mobiliséiert hat, hunn dann och Onregelméissegkeeten denoncéiert, esou beispillsweis an der Provënz vu Sanliurfa.

mam Luana Sarmini-Buonaccorsi an dem Gokan Gunes/AFP

Foto: Mat sech an der Welt zefridden: D‘Emine an den Tayyip Erdogan um Sonndegowend, nodeems sech ofgezeechent huet, datt hien säin erhoffte Mandat erhale géif. Mat 52,5% vun de Suffragen, ass den tierkesche President schonn am éischten Tour bestätegt ginn. © Adam Altan/AFP

Ähnlech Sujeten Muharrem Ince, Recep Tayyip Erdogan, Selahattin Demirtas, Tierkei, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel