Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass
International Neiegkeeten

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

Zu Bréissel war d‘Stëmmung um Donneschdeg eppes méi gereizt wéi

surprise
Iwwerfall op d‘Bijouterie Philippe II: De Fall ass geléist!
International Neiegkeeten

Iwwerfall op d‘Bijouterie Philippe II: De Fall ass geléist!

D‘véier Brigangen déi um Dënschdeg an der Stad eng Bijouterie

Ukrain: E Komiker gëtt President
International Neiegkeeten

Ukrain: E Komiker gëtt President

Et hat sech beim éischten Tour ofgezeechent, datt et bei

Tierkei: Den Erdogan rifft d‘Kurden op hie bei de Wahle vum 24. Juni ze wielen

Tierkei: Den Erdogan rifft d‘Kurden op hie bei de Wahle vum 24. Juni ze wielen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet e Sonndeg, bei engem Rassemblement zu Diyarbakir, d‘Kurden opgeruff, hie bei de virgezunne Wahle vum 24. Juni ze wielen.

Virun dausende Leit huet den Erdogan affirméiert, et wier ëmmerhin seng AKP (Partei fir Justiz an Entwécklung) gewiescht, déi sech an der Regioun am stäerkste fir de Fridden agesat hätt. „D‘Regioun kennt e Fridden, wéi et en zanter 40 Joer net méi ginn huet. (…) De Staat war ni esou no um Vollek“.

D‘Realitéit ass awer enge aner: déi tierkesch Autoritéite bekämpfen an der Regioun de kurdeschen Opstand, deen säin Ursprong am Joer 1984 huet. Déi kurdesch Aarbechterpartei (PKK) – vun der Regierung als Terrororganisatioun verkläert gëtt – huet sech fréier fir en onofhängege Staat agesat, verlaangt haut allerdéngs nëmme méi Autonomie fir d‘Regioun.

Am Ufank vum Joerzéngt hat de Recep Tayyip Erdogan Friddensgespréicher ënnerstëtzt, mee de Waffestëllstand ass 2015 gebrach ginn, an zanterhier kënnt et regelméisseg zur Konfrontatioun tëscht der Arméi an de kurdesche Rebellen. Esou gëtt och den Dout vun dräi tierkeschen Zaldoten, dëse Sonndeg, der PKK zougeschriwwen.

E grousst politescht Gewiicht

D‘Kurden, déi ronn e Fënneftel vun der tierkescher Bevëlkerung ausmaachen, hunn e grousst politescht Gewiicht, a spillen esou eng entscheedend Roll bei de Wahle vum 24. Juni. An déi meescht ënnert hinnen, dierften dann och hir Stëmm der HDP (Demokratesch Vollekspartei) ginn. Mee den Erdogan kann sech op d‘Ënnerstëtzung vun de konservative Kurde verloossen.

A senger Ried zu Diyarbakir, huet den tierkesche President d‘HDP ugegraff: „Mir bauen, si zerstéieren. Si sinn nëmmen do fir d‘Land ze zerstéieren. Sidd dir bereet hinnen de 24. Juni déi Lektioun ze erdeelen, déi si verdéngt hunn?“. D‘AKP beschëllegt dann och d‘HDP déi „politesch Vitrine“ vun der PKK ze sinn, a Kompliz vun der Gewalt déi vun dëser Organisatioun ausgeet.

D‘HDP wéist dës Virwërf zeréck. Ankara weess awer, datt d‘Kurde gewëllt sinn hir Stëmm der HDP ze ginn an do sinn dann och all Mëttel gutt, sech den onbeléifte politesche Géigner vum Hals ze halen. Esou sëtzt den HDP-Kandidat fir d‘Presidentielle, Selahattin Demirtas, säit 2016 am Prisong. Him gëtt virgeworf den Terrorismus ze ënnerstëtzen.

Den Erdogan beschëllegt den Demirtas säit de Manifestatioune vum Oktober 2014, Blutt un den Hänn ze hunn. Deemools waren Dosende Manifestanten ëm d‘Liewe komm, déi meescht dovunner ware Kurden. Den tierkesche President huet dozou gesot: „Fréier oder spéider bezilt hien dofir de Präis“.

mat AFP

Foto: Den tierkesche President huet um Sonndeg zu Diyarbakir géint d‘HDP, déi eigentlech politesch Vertriedung vun der kurdescher Ethnie, gehetzt an d‘Kurden opgeruff hie bei de virgezunne Wahle vum 24. Juni ze wielen. © Kayhan Ozer/Pres.Pal./AFP

Ähnlech Sujeten Kurden, Presidentewal, Recep Tayyip Erdogan, Selahattin Demirtas, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel