Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
https://moien.lu/secure-dating-site-in-usa/

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Telegramm un de franséische President Emmanuel Macron, hunn

10 tips on dating a korean girl
https://moien.lu/secure-dating-site-in-usa/

dating a burny les paul

Chef vum „Labour-Party“ an erkläerten Euroskeptiker, sollt sech de Jeremy

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport
https://moien.lu/secure-dating-site-in-usa/

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport

Wat sech am Ament am ëffentlechen Transport ofspillt ass gelënnert

Erënnerung un de Streik vun 1942

Erënnerung un de Streik vun 1942

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un der Gedenkfeier virum nationale Monument zu Éiere vum Streik deel geholl. Zelebréiert ginn ass den 75. Anniversaire vun der Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung, de Streik an den Ufank vun der Ëmsiidlung 1942.

A senger Ried huet de Premier drun erënnert, wéi wichteg déi dräi Evenementer an der Geschicht vun eisem Land sinn. D‘Proklamatioun vum Gauleiter Gustav Simon, mat där d‘Lëtzebuerger gezwonge goufen als Zaldote fir Däitschland ze kämpfen. De Streik, deen zu Wolz an der Liederfabrick ugefaangen hat, a sech rapid op anere Plazen am Land verbreet hat.

E Streik, deen zwar fälschlecherweis zum „Generalstreik“ avancéiert gouf, mee trotzdeem vill Affer gefuerdert huet. Vum Nazi-Standgeriicht waren 21 Männer zum Doud veruerteelt ginn. Am ganze waren 875 Mënsche condamnéiert ginn, wouvun déi meescht an de Prisong oder e Konzentratiounslager koumen. Zur gläicher Zäit hunn d‘Ëmsiidlungen ugefaangen.

Kränz, Gedenkminutten an eng Ausstellung

Nodeems de Xaviel Bettel, mam Chamberpresident Mars di Bartolomeo an dem Buergermeeschter vu Wolz Frank Arndt, de Groussherzog Henri empfaangen hunn, ass bei der fréierer Liederfabrick e Kranz néiergeluecht ginn. Am Uschloss sinn d‘Éieregäscht an de Public am Cortège bei d‘Streik-Monument gaangen. Hei sinn déi 21 Affer, déi den Nazi-Okkupant ermuert huet– sécher fir en Exempel ze statuéieren an dem Vollek d‘Moral ze briechen – eenzel mam Numm opgeruff ginn.

De Premierminister huet hei dann op de Courage an dat virbildlecht Verhale vun den Affer higewisen. Erënnere mer dann drun, datt iert de Nicolas Müller an de Michel Worré zu Hinzert vun der SS erschoss konnte ginn, si dem Okkupant nach e „Vive Lëtzebuerg“ mat op de Wee ginn hunn. Béid Männer goufen den 2. September um 18.30 Auer erschoss, 14 Stonne méi spéit wéi et op den onséilege Propaganda-Plakater geschriwwe stoung.

Den Dag drop sinn déi Wolzer Schoulmeeschter Alfred Brück, Joseph Ewen, Célestin Lommel a Charles Meier um fréie Moie vun der SS higeriicht ginn. Déi sechs, grad wéi déi 15 weider Affer si fir Lëtzebuerg an déi elementaarst mënschlech Wäerter gestuerwen. Hinnen zu Éieren hunn de Groussherzog, de Premier, de Chamberpresident an de Wolzer Buergermeeschter e weidere Kranz néiergeluecht.

Am Kader vum 75. Joresdag ass dann och d‘Ausstellung „De Streik vun 1942“ virgestallt ginn. D‘Invitéë krute bei dëser Geleeënheet d‘Buch „75è anniversaire de la grève – 31.08.1942“ iwwerreecht. D‘Zeremonie ass mat enger Entrevue mat den Zeie vun der éischter Generatioun op en Enn gaangen. (D‘Ausstellung ass bis den 3. September vu 14:00 bis 17:00 Auer fir de Public am Festsall vun der Schoul Reenert zu Wolz ze gesinn)

Foto: (v.l.n.r.) Frank Arndt, Buergermeeschter vu Wolz; de Groussherzog Henri; de Mars di Bartolomeo, Chamberpresident; de Xavier Bettel, Premierminister © Emmanuel Claude/SIP

Ähnlech Sujeten Groussherzog, Streik, Wolz, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel