Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet
International Money Neiegkeeten

Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet

Wie si mir a virun allem wie sinn déi wou

Coronavirus: Roum uerdert d‘Schléissung vun allen net noutwennegen Entreprisen un
International Money Neiegkeeten

Coronavirus: Roum uerdert d‘Schléissung vun allen net noutwennegen Entreprisen un

An Italien, mat eent vun den am schlëmmste, vun der

S.A.R. de Groussherzog zu Besuch beim Service Hygiène
International Money Neiegkeeten

S.A.R. de Groussherzog zu Besuch beim Service Hygiène

Gëschter Mëtteg huet S.A.R. de Groussherzog Henri d’Ekipp vum Service

money

Erfollegräich Wirtschafts- a Staatsvisite zu Dubai

Erfollegräich Wirtschafts- a Staatsvisite zu Dubai

Dräi Deeg Zäit an helle Wull un Entrevuen hunn der Lëtzebuerger Delegatioun bei hirer Visite zu Dubai e strengen Agenda operluecht. Mee Stress ass gutt wann en zum Erfolleg bäidréit, an deen haten d’Membere vun der Wirtschaftsmissioun.

Gëschter war dann och de leschten Dag vun der Missioun. Déi ierfgroussherzoglech Koppel, mat de Ministeren Etienne Schneider a François Bausch, wéi och de Vertrieder vu Lëtzebuerger Entreprisë konnten um Donneschdegowend dann och ee ganz positive Bilan zéien.

No gutt zéng Joer diplomatesch Relatiounen tëscht béide Länner, ass een erfreet doriwwer, datt ee sech méi no komm ass an och gemeinsam Projeten entwéckelt. E Constat deen duerch d’Ënnerschrëft op e sëlleche Verträg an Accorden ze bestätegen ass. Och d’Präsenz vu lëtzebuergeschen Entreprise an de Vereenegten Arabeschen Emirater (UAE) hëlt zou.

Dat beweist datt d’Politik déi Lëtzebuerg géintiwwer den Emirater féiert, esouwuel efficace wéi profitabel ass. De Vizepremier Etienne Schneider huet dann awer och op déi gutt wirtschaftlech Relatioun tëscht béide Länner higewisen.

Wirtschaftlech Interesse béidersäits

Grouss Firmen, dorënner d’BIL, d’Cargolux an ArcelorMittal, ënnerhalen enk Verbindunge mat den Emirater. Verschiddener wéi d’Firma Keller vun Ëlwen, hunn am Land och schonn eng Filial ageriicht. Op de Lien tëscht béide Länner nach ka verdéift ginn, datt wäert sech erginn, wann de Wirtschaftsminister vun den Emirater op Lëtzebuerg kënnt.

Mee wéi Lëtzebuerg, hunn och d’Emirater de Wëllen hir Wirtschaft villsäiteg opzestellen. Et wëll ee net méi vun nëmmen engem Aktivitéitssecteur ofhänken. De Pëtrol ass awer och weiderhin ee vun den ekonomesche Piliere vum Land. De Präisverfall vum Pëtrol ass awer och fir d’Emirater e grousse Problem deen se mussen an de Grëff kréien.

An de Vizepremier stellt Lëtzebuerg als e staarke Partner fir d’Emirater duer. Strategesch, op wirtschaftlechem Niveau gesinn, stellt Lëtzebuerg d’Aganksdier zu Europa duer. Dat selwecht gëllt fir d’Emirater, si sinn d’Entrée an de noen Osten.

Foto: © Jean-Christophe Verhaegen/SIP

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, BIL, Cargolux, Etienne Schneider, François Bausch, Lëtzebuerg, Vereenegt Emirater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel