Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ILNAS: Zwee E-Bikes sinn komplett duerchgefall!
Neiegkeeten

ILNAS: Zwee E-Bikes sinn komplett duerchgefall!

Viru kuerzem huet ILNAS, déi sech ëm Qualitéit, Sécherheet a

EU-Kommissiounspresident am Spidol
Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident am Spidol

Entspriechend dem Communiqué vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker senger Spriecherin Mina

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)

Eng Kéier war ech een drénken. Eigentlech alles gutt bis

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess

Vill Solidaritéit fir d‘Salariéeë vun der BCEE

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess

Genee ee Joer no hirer leschte grousser Manifestatioun, huet d‘CGFP gëschter mat enger weiderer Protestveranstaltung – wann och bewosst an engem méi „klenge Kader“ – den Drock op d‘Politik erhéicht, fir den därege Sträit mat der BCEE-Direktioun enger Léisung zouzeféieren.

Mat där 2015 a Kraaft getruede Reform vum ëffentlechen Déngscht, sinn och bei der Staatsbank eng Partie Moossnamen ëmgesat ginn. Déi wichtegst Bestëmmung awer, déi unhand vu klore Linnen a Strukturen, d‘Befërderung vun de Beamte regelt, ass awer bis ewell nach net bei der Spuerkeess agefouert ginn. Dat obwuel d‘Regierung deem ausdrécklech zougestëmmt hat.

Esou stoungen se en Dënschdeg zu hirer 400 Männer a Frae virum Direktiounsgebai vun der BCEE. Gutt ausstafféiert mat Banner a Plakater, ausgerëscht mat engem Megaphon an och soss net ze iwwerhéieren, hunn si hir Fuerderungen nach eng kéier däitlech ënnerstrach. Et war dem President vun der CGFP, zoukomm, e puer motivéierend Wierder un dës kritescher Mass ze riichten.

En Appell un d‘Vernonft

Op der Metzer-Plaz, gutt vun den eegene Leit encadréiert, huet de Romain en däitleche Message un d‘Regierung geriicht: „Iwwerhuelt är Verantwortung a suergt derfir, datt déi Accorden, déi d‘CGFP mat der Regierung erziilt huet, och bei der Staatsbank ëmgesat ginn“. Och déi Leit déi net esou mam Bankesecteur „vertraut“ sinn, sollte wësse, datt nëmme gefuerdert geet wat zougesot gouf.

Fir de President vun der APBCEE (Personalvertriedung) Georges Dennewald, muss een ee fir allemol däitlech maachen, datt d‘Direktioun vun der Spuerkeess hir Spuermoossnamen net um Bockel vum Personal beschléisse kann. Sollt een si hei net zur Asiicht beweegt kréien, géif sech d‘Situatioun rapid verschlechteren, a méiglecherweis an engem zolitte Sozialstreik endegen.

D‘Salariéeë vun der Spuerkeess si bei hire Revendicatioune vu Beamten aus anere Secteuren, wéi beispillsweis der Post, oder der FGEC (Gemengebeamte/-Aarbechter) ënnerstëtzt ginn. Dat sollt dem „Patronat“ ze denke ginn, well esou zumindest kloer ass, datt wien sech mat enger vun den CGFP-Memberorganisatiounen uleet, dee kritt et mat der ganzer „Famill“ ze dinn, an wëll keen.

Besonnesch ervirzehiewen, ass d‘Solidaritéit am grousse ganzen: esou hunn den CGFP-Partner FGFC, d‘Kollege vun der ALEBA an dem OGBL mee och d‘Syprolux, sech virun an hannert hir Komerode vun der Spuerkeess gestallt, an ënnerstëtzten déi berechtegt Fuerderung vun der CGFP. Solidaritéit hunn och d‘KPL an déi lénk mat hirer Presenz op der Plaz gewisen.

„Et huet missen en Zeeche gesat ginn!“

Sënn an Zweck vun dëser iwwert d‘Mëttegstonn organiséiert Protestveranstaltung, ass et e kloert Zeechen ze setzen. Dat am Kontrast zu enger Regierung déi et schéngt drop unzeleeën, d‘Problemer innerhalb der BCEE ze vertuschen. Zesumme mat der Personalvertriedung, huet d‘CGFP de Leit am Land virun Ae gefouert, datt derzäit bei der BCEE d‘Kromm an der Heck läit.

D‘Leit hunn dann och d‘Nues gestrache voll. Eng Situatioun déi de Mediateur, mat senger Aart a Weis de Problem unzegoen, éischter verschlechtert. Säin „eesäitegen Asaz“, mat deem Patronat- a Regierungswënsch berécksiichtegt ginn, mussen d‘Gewerkschaften als „inakzeptabel“ zréckweisen. Dat werft kee gutt Liicht op d‘Funktioun vum Mediateur, deen hei keng Kredibilitéit méi erhält.

Elo heescht dann awer emol ofwaarden, wat sech aus der grousse Ëmfro ergëtt, un deenen déi ronn 1.800 Salariéeë vun der Spuerkeess sollten deelhuelen. Si ginn ëm hir Meenung zu de Virschléi vum Mediateur gebueden. An da muss een elo och emol kucken, op de Protestpiquet op der Metzer-Plaz bei der Regierung net nëmmen zur Kenntnis geholl gëtt, mee een eventuell gewëllt ass anzegräifen.

Wien de Warnschoss net héiert, ka béis iwwerrascht ginn

Op dëser Plaz sollt een drun erënneren, datt déi Aktioun virum BCEE-Direktiounsgebai vu gëschter, beschtefalls als Warnschoss ze betruechten ass. Déi sech bildend Dräierkoalitioun weess scho méi laang, datt et der Gewerkschaft batter eescht ass, an si et dës kéier net aussetze kann. D‘Hänn an de Schouss leeën, dat war fir CGFP an hir Memberorganisatiounen nach eng Optioun, also opgepasst.

Sollt et an dësem Dossier net zur Berécksiichtegung an dem Anhale vu längst ënnerzeechneten Accorde kommen, kann ee gewerkschaftlech Moossnamen – dozou zielt och de Streik – net méi ausschléissen. An dat alles, well et eng ënnerschiddlech Betruechtung am Kontext vun der Befërderung bei der Spuerkeess gëtt? Hei hat d‘CGFP vill Kompromëssbereetschaft gewisen.

Et ass dann alt nees op Patronatssäit, wou ee sech ofgehuewen an iwwermächteg ze fille schéngt. Déi Damen an Hären aus der Direktioun stellen sech dann och iwwert d‘Gesetzer. Esou wëllen si nach net emol dat groussherzoglecht Reglement vun 1993 zum Statut vum BCEE-Mataarbechter, textkonform ëmsetzen. Et ass jo méiglech, datt „déi“ sech net mussen u Recht an Uerdnung halen.

Fotosgalerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten APBCEE, BCEE, CGFP, Regierung, Sozialkonflikt, Spuerkeess, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel