Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert
Neiegkeeten

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert

Beim Begrëff Eng-Millioun-Awunner-Staat kritt muencheree Panik: domatter wier d’Land voll,

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Halloween Night am Ciné Scala

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!
Neiegkeeten

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!

Den Äisbier braucht dat arktescht Mieräis fir Robben ze joen.

Méi Autonomie, mee och méi Verantwortung fir d’Gemengen

Erfreeleches aus dem Inneministère

Méi Autonomie, mee och méi Verantwortung fir d’Gemengen

Et muss méi einfach ginn, besonnesch wat déi ganz Prozeduren ugeet, déi de Gemengen oft de leschten Nerv kaschten. Vill vun dëse Prozedure sinn esou obsolet wéi iwwerflësseg an dat, esou d‘Inneministesch muss sech änneren. Deem kann de Syvicol nëmmen Zoustëmmen.

Ënnert dem Motto: „matenee fir eng Modern Gemeng – Gemengereform am Dialog“ hunn d‘Ministesch Taina Bofferding (LSAP) an de President vum Syvicol Emile Eicher (CSV) gëschter annoncéiert datt et am Kontext vun der Gemengereform zolidd Fortschrëtter gëtt, an et zu enger gréisser Gestiounsautonomie vun de Gemenge komme wäert, déi der haideger Zäit entsprécht.

Vun der Reform, déi eng Erliichterung vun der Tutelle bedeit, profitéieren awer och, nieft de Gemengen an dem Ministère, d‘Bierger. D‘Hallschent vun den Approbatiounen déi de Ministère muss handhaben, falen esou ewech, wat et de Gemengen erméigleche soll, Projete méi séier an Ugrëff ze huelen, Transaktiounen ofzeschléissen a noutwenneg Posten ze schafen.

Eng ganz al Fuerderung

Den Emile Eicher, éiwege Buergermeeschter vu Klierf, huet drop verwisen, datt de Syvicol schonn 20 Joer laang (also och vun den CSV-geleete Regierungen) eng Reform vun der Tutelle gefuerdert huet. Mat der Koalitiounsregierung un där d‘CSV bekanntlech net bedeelegt ass, schéngt sech säin an de Wonsch vu ganz ville Buergermeeschter, dann elo endlech ze realiséieren.

Inneministère

© Martine de Lagardère/moien.lu

Elo also soll, mat dëser Reform, déi der Chamber zäitno wäert virgeluecht ginn (am Regierungsrot ass et ugeholl, elo muss de Staatsrot nach driwwer kucken) villes ewechfalen. Dat heescht, datt an Zukunft d‘Gemengen hir Budgeten an d‘Amenagement-Pläng (PAG/PAP) nach musse validéiere loossen, déi meescht aner Saache sollen dann nach just dem Inneministère virgeluecht ginn.

Dës Prozedur déi sech „transmission obligatoire“ nennt, erlaabt et der Gemeng aktiv ze ginn, ouni mussen op den Accord vum Ministère ze waarden. Woubäi dat kee Fräibréif fir d‘Gemenge gëtt, well den Inneministère kann nach ëmmer agräifen an den „Akt“ suspendéieren, jo esouguer annuléiere wann dësen net Gesetzkonform ass, oder géint den ëffentlechen Interessi verstéisst.

Berodung a Begleedung

Fir deem virzegräife wëll den Inneministère méi Staark d‘Gemenge begleeden a beroden, wat besonnesch fir déi kleng Gemenge ganz Sënnvoll ass, wëll si net iwwert déi Experte vun de gréissere Stied am Land verfügen, an esou am Virfeld préiwe, respektiv ëm Rot froe kënnen.

A fir den Emile Eicher, deen dëse Fortschrëtt begréisst, ass et wichteg drop hinzeweisen, datt esou awer d‘Verantwortung vun de Gemengen erhéicht gëtt. Eng weider Neiegkeet, ass d‘Aféierung vun Delaien. Demanden déi dem Ministère zur Approbatioun virgeluecht ginn, mussen da bannent dräi Méint verschafft ginn, oder si gëllen als „ugeholl“. Dat suergt fir méi juristesch Sécherheet.

Beim Syvicol ass dat eleiten awer nëmmen en éischte Schratt an déi richteg Richtung. Den Emile Eicher géif et begeeschteren, wann och all déi aner Ministèren dem Beispill vum Inneministère géifen noäiferen. Bis dat awer antrëtt, muss elo emol an der Chamber déi legislativ Prozedur ofgeschloss ginn. Et ass net dovunner auszegoen, datt d‘Oppositioun sech wäert widdersetzen.

Déi nächst Schrëtt

Mat der administrativer Vereinfachung an eppes méi Autonomie ass den Ufank gemaach, vun deem wat als allgemeng Reform vum Kommunalgesetz betruecht gëtt. D‘Taina Bofferding insistéiert hei, datt dës integral Erneierung vum Gesetz, sech am Gespréich a mam Concours vun de Gemenge realiséier wäert. En Avant-Projet vum Gesetz soll bis 2021 virleien, esou zumindest de Plang.

Inneministère

(v.l.n.r.) Alain Becker (Inneministère), Emile Eicher (President Syvicol), Taina Bofferding (Inneministesch), Laurent Knauf a Mireille Cruchten. © Martine de Lagardère/moien.lu

Och an der Diskussioun, de Cumul vun de Mandater. Do hu jo eng Rei Parteien an der Chamber gemengt, datt een deem misst entgéintwierken. D‘LSAP gehéiert net zu deenen déi de Cumul „kritesch“ gesinn, an esou ass et net verwonnerlech, datt d‘Taina Bofferding hei éischter d‘Reform vum politesche Congé géif virzéien. Eng Fuerderung déi et esou ähnlech och vum Syvicol gëtt.

An et soll dann elo och eng deontologesch Charta fir d‘Membere vum Gemengerot ginn. Dat gëllt natierlech och fir de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot. Säit zwee Joer schafft de Syvicol un engem sougenannte Code de Conduite. Eng Aarbechtsgrupp soll dëse finaliséieren, iert en vun engem groussherzogleche Reglement offizialiséiert gëtt. Hei ass nach Gedold gefuerdert.

Foto: Den Emile Eicher (l) an d‘Taina Bofferding si gläichermoossen erfreet iwwert déi gutt Fortschrëtter déi erziilt goufen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Emile Eicher, Gemengesyndikat, Inneministère, Reform Kommunalgesetz, Syvicol, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel