Den Nawalny wousst wéi et géif goen
De russesche Kremlkritiker Alexej Nawalny wousst viru senger Ofrees zu
De russesche Kremlkritiker Alexej Nawalny wousst viru senger Ofrees zu
[onionbuzz quiz-id=31][/onionbuzz] D’Stad Lëtzebuerg ass souwuel national wéi international vun
Bei dëser Dréchent sollt ee momentan besonnesch Uecht an de Bëscher ginn. Déi meescht Bränn ginn nämlech duerch de Mënsch provozéiert. De Kampf géint ee Feier fänkt soumat bei der Virsiicht un: Vermeit dobausse Feier ze maachen (beispillsweis beim Grillen), geheit keng brennbar Géigestänn (beispillsweis Zigaretten), sou wéi Glas an d’Natur. Och eng Schierbel ka Feier ausléisen.
Stellt Ären Auto just op net-brennbaren, asphaltéierten oder stengege Plazen of. Esou kann een de Risiko verréngeren, datt beispillsweis duerch de Katalysator Flamen entstinn. Generell sollt een och d’Accèsen zu de Bëschweeër fräi halen, sou datt d’Pompjeeën am Fall vun engem Bëschbrand, direkt op d’Plaz komme kënnen.
Wie spadséiere geet, dee sollt sech verhalen, wéi ee schnellstméiglech aus dem Bësch erauskomme kéint. Halt Iech am Schiet op a flücht am Fall vun engem Feier esou séier wéi méiglech vun de Flamen.
Sollt Dir Damp oder souguer Feier gesinn, rufft direkt dem 112 un. Gitt dobäi esou prezis Informatioune wéi méiglech un, sou datt een d’Plaz vum Virfall gutt lokaliséiere kann. Donieft wier et wichteg folgend Beschreiwungen ze iwwermëttelen: present Persounen, Wunnhaiser an der Géigend, d’Richtung an Ausbreedung vum Feier, asw. Stellt Iech uschléissend op eng Plaz, wou d’Asazkräft Iech gutt gesinn, sou datt Dir si guidéiere kënnt. Bleift um Telefon, bis datt den Operateur vun der Zentral all néideg Informatiounen huet.
Opmaacherfoto: © CGDIS