Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grenzkontrollen zu Däitschland lafen um 15. Mee aus!
International Neiegkeeten

Grenzkontrollen zu Däitschland lafen um 15. Mee aus!

Bei der Pressekonferenz vun haut huet den däitsche Bundesminister Horst

money
De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget
International Neiegkeeten

De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget

Et ass ni einfach fir eng Regierung e Budget op

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems
International Neiegkeeten

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems

Säit elo gutt dräi Joer gëtt un der Reorganisatioun vum

Franséischen Deputéierte wëll Pressefräiheet begrenzen

E Gesetzprojet vum Eric Ciotti, Deputéierte vun „Les Republicains“ (LR) suergt bei eisen Nopere fir eppes Polemik

Franséischen Deputéierte wëll Pressefräiheet begrenzen

Een Dag nodeems et zu Minneapolis zur enger – wéi d‘Fransousen et géife bezeechnen – „Bavure policière“ komm ass, bei där den Afro-Amerikaner George Floyd, virun den Aen an den Handye vu Passanten, vum Polizist Derek Chauvin ëmbruecht ginn ass, huet den Deputéierten Eric Ciotti (LR) ee Gesetzprojet deponéiert, mat deem et soll verbuede ginn, Biller vu „Beamten am Déngscht“ ze maachen an ze verëffentlechen.

CiottiDem Deputéierte säi Gesetzprojet 2992 vum 26. Mee war weder grouss ugekënnegt ginn, nach hate vill Leit dovunner eppes matkritt, bis de Journalist, David Dufresne, renomméiert fir seng inzisiv Reportagen a Berichter zu Iwwergrëff a Gewalt vu Polizisten, via Twitter seng Follower iwwert de Gesetzprojet informéiert huet. An dëse Gesetzprojet huet et Fauscht déck hannert den Oueren, well et geet ëm net manner wéi d‘Beschneidung vun der Pressefräiheet.

Et geet dem Deputéierten ëm net manner wéi en Amendement vum Gesetz zur Pressefräiheet, mat deem eng Persoun mat enger Geldstrof an héicht vu 15.000 Euro an engem Joer feste Prisong soll beluecht gi falls et zur „Diffusioun, mat egal wéi enge Mëttel an egal op wéi engem Support, vu Biller kënnt op deene Beamte vun der Police, der Arméi, kommunalen Agenten oder Douaniere kënnt“. Hien ass zudeem net vum selwen drop komm.

Hannert dësem Gesetzprojet steet emol fir unzefänken d‘Gewerkschaft vun der Police „Alliance Police Nationale“ déi scho länger Restriktioune fuerdert, fir esou d‘Polizisten an hir Famillje besser virum Pöbel ze schützen. D‘Poliziste misste virun der Gewalt an de sozialen Netzwierker geschützt ginn, wéi et an engem Tweet an dem derzougehéieregen Trakt heescht. Si freeën sech datt den Eric Ciotti hir Suergen Eescht hëlt.

An dat ass dann och dem Deputéierten säin Haaptargument: „D‘Opnam vu Biller vu Vertrieder vun de staatleche Sécherheetsorganer bei enger Interventioun, an hir Diffusioun an de Medien, besonnesch awer de sozialen Netzwierker, kann zu engem Risiko fir d‘Beamten an hire Famillje ginn“. De wierkleche Grond dierft awer éischter d‘Erkenntnis sinn, datt ëmmer méi „Beamten“ onverhältnesméisseg Gewalt uwennen.

CiottiNodeems dem David Dufresne säi Message d‘Ronn gemaach huet, hu sech déi éischt Stëmme géint de Gesetzprojet erhuewen. Säit dem 28. Mee leeft dann och eng Online-Petitioun op der Plattform „change.org“. Hei gëtt argumentéiert, datt Policegewalt kaum wann iwwerhaapt bestrooft gëtt, an d‘sozial Netzwierker odt de leschte Recours sinn, fir dës Gewalt ëffentlech ze maachen, esou wéi am ganz rezente Fall vu Minneapolis.

An engem gemeinsame Communiqué vun engen zwanzeg Verbänn, Associatiounen a onofhängegen Zeitungen, wéi och dem nationale Syndikat vun de Journalisten (SNJ) heescht et resuméiert, datt wann d‘Anonymat vun de Sécherheetsorganer an hire Beamte gesetzlech festgeluecht gëtt, datt eenzeg derzou féiert, datt Iwwergrëff net méi juristesch kënne verfollegt ginn. „Ouni dës Videoe géif d‘Policegewalt onsiichtbar bleiwen“, esou den zentrale Saz.

CiottiOp Twitter huet de Syndikat nach emol een eegene méi zoutreffende Message verëffentlecht. Datt d‘Gesetz u sech wéineg Chancen huet duerchzekommen, geet aus engem Interview mam Laurent Nunez, Staatssekretär am Inneministère, ervir deen d‘Kolleege vu „Liberation“ gëschter an hire Säite publizéiert hunn. Dobäi ass et net den éischte Versuch, de Medien de Maulkuerf unzedoen. Am Dezember hat et de Senateur Jean-Pierre Grand scho probéiert.

mat indymedia/par

Foto: Den Deputéierte vun „Les Republicains“ Eric Ciotti ass mëssverstane ginn, ëm géif guer net drëms goen, d‘Pressefräiheet anzeschränken. Dat wat d‘Medien zu sengem Gesetzprojet soen, wiere Fake-News, esou de President vun der CNI a Conseiller vum Departement Alpes Maritimes. (Archiv)

Ähnlech Sujeten Député LR, Eric Ciotti, Frankräich, Pressefräiheet, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel