Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser
Stories

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg

D‘Loftqualitéit an der EU verbessert sech
Stories

D‘Loftqualitéit an der EU verbessert sech

An der EU gëtt d‘Loftqualitéit lues a lues besser, woubäi

dislike
Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht
Stories

Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht

Den iranesche President Hassan Rouhani huet um Dënschdeg d’Iddi vun

D‘Reform vun de Rettungsdéngschter, erkläert

D‘Reform vun de Rettungsdéngschter, erkläert

D‘Visite zesumme mam Inneminister Dan Kersch, vun den ënnerschiddleche Rettung-Corps’en hei am Land, bitt eis d‘Méiglechkeet e Bléck op d‘ASS (Administratioun vun de Rettungsdéngschter) an op déi geplangte Reform ze werfen. Zu der Reform sief dann och gesot, datt, wann et dem Minister no geet, de Gesetzprojet nach virum Dezember duerch d‘Chamber sollt ugeholl ginn.

De Motto vun der Protection Civile an de Pompjeeë dierft eis erhale bleiwen. Mam neien Zentrum um Rondpoint Glück kritt awer d‘“Base Nationale“ vun der Protex sécherlech en neien Aufgabeberäich (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Historique

Zu Lëtzebuerg féiert d‘Legislatioun iwwert d‘Rettungsdéngschter zeréck bis ugangs dem 20. Joerhonnert. 1905 gouf et dann och en éischt Gesetz (Loi du 22 avril 1905) bei deem et awer an éischter Linn drëms gaangen ass Stéieren ze erhiewen. Geld wat néideg war fir déi verschidde Corpse Materiell auszestafféieren. Duerno war et laang roueg bis an den 80er nei Gesetzer bäikomm sinn (Loi du 10 août 1983/Loi du 27 février 1986/Texte coordonné de la loi communale du 13 décembre 1988).

De GPR (Groupe de Protection Radiologique) ass och nach zu Lëntgen doheem. Et ass ee vun de ville spezialiséierte Groupe déi dofir suergen datt de Bierger roueg schlofe kann. E besteet dann eigentlech nëmmen aus Fräiwëlleger, déi hir Erfarung awer och aus dem Beruff matbréngen. E Virdeel, well esou sinn si ëmmer „up to date“ (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Et huet duerno alt nees bal 20 Joer gedauert, bis dann 2004 d‘Gesetz (Loi du 12 juin 2004) zur Schafung vun enger Administratioun a Kraaft getrueden ass. Hei sinn dunn all déi verschidde Servicer, spezial Eenheeten a besonnesch déi berufflech a fräiwëlleg Déngschter regroupéiert ginn. Allerdéngs war et nach ëmmer de Gemengen opgedroen op hirem Territoire de Sauvetage an d‘Pompjeeën ze organiséieren.

D‘Garagiste vun der Protex zu Lëntgen. Eng formidabel Equipe ei sech net nëmmen ëm gediebelte Blech këmmert. Si halen de Fuerpark an der Rei an kënnen mat hiren Hänn och soss gutt ëmgoen (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Endlech kruten d‘Pompjeeën an d‘Secouriste siwen Deeg extra Congé. Dat fir u Formatiounen oder aner Aktivitéiten am Kader vun hirem fräiwëllegen Asaz deel ze huelen. D‘Käschten, déi dem Patron – egal op Privat, eegestänneg oder Gemeng/Staat – heiduerch entstinn dréit d‘Staatskeess. 2013 kommen dann déi éischt Modifikatiounen (Loi du 1er mars 2013). Heivunner betraff waren d‘Aarbechtsrecht an d‘ASS.

Reform: gefuerdert a noutwenneg

Fir der Evolutioun an den Erausfuerderungen, deenen déi Fräiwëlleg ausgesat sinn, Rechnung ze droen, ass 2015 ee weidere Schratt ënnerholl ginn. A senger Sëtzung vum 31. Juli 2015, huet de Staatsrot de Gesetzprojet iwwert d‘Organisatioun vun de Rettungsdéngschter ugeholl. Hei stoung an éischter Linn d‘Noutwennegkeet de Schwaachstelle vum aktuelle System eppes entgéint ze setzen.

Et ass enk op der BNS vu Lëntgen. Mat der neier, grousser Plattform um Rondpoint Glück bei der Stad, dierften se hei eppes méi Plaz hunn. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Verbessert gi sollten ënner anerem, d‘Ofdeckung vun de Risken. Et war awer och néideg d‘Ressource ze optimiséieren. D‘Schafe vun enger nationaler Struktur als Eenheet fir den Ensembel vun de Rettungsdéngschter war och en zentrale Punkt am Gesetz. Mat enger eenheetlecher Hierarchie sollt engersäits d‘Kommandostruktur gefestegt an d‘Kommunikatioun mat de concernéierte Ministère vereinfacht ginn.

Beim Besuch zu Miersch, huet de Minister Dan Kersch sech am Gëlle Buch dierfe veréiwege. Notze mer hei d‘Geleeënheet fir drop hinzeweisen, datt déi Mierscher am Joer 2016 28 Brandasätz an 204 technesch Asätz haten. Et gëtt den CI-Mierch also net aus Muttwëll. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Domadder war den CDGIS (Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) gebuer. Ënnert dëser Bezeechnung an Eenheet sollten de Staat an d‘Gemengen hir Zesummenaarbecht intensivéieren. Si deelen sech aktuell d‘Verantwortung iwwert d‘Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg. Mat enger eenheetlecher Struktur steet eng integréiert an effizient Gestioun zur Verfügung. Dat huet esouwuel operationell, technesch an administrativ wéi eben och finanziell Avantagen.

Mesuren déi gräifen

E wichtegt Element sinn d‘Synergien. De sougenannten „double emploi“, deen onnéideg Ressource verbraucht kritt de Krich erkläert. Och gëtt dann net méi den Ënnerscheet tëscht der Protex an de Pompjeeë – um kommunalen Niveau – gemaach. Zudeem ass de Finanzement vum Material méi gerecht a virun allem méi dem reelle Besoin ugepasst. Dat bedeit allerdéngs net, datt engem eppes géif ewech geholl ginn.

E ganz besonnesche Corps ass dee vu Berdorf-Bollendorf. De facto ee grenziwwerschreidenden Fusiounscorps vu Lëtzebuerger an Däitsche Pompjeeë. Als „First Responder“ an dozou och nach e Veterinärdéngscht agebonne, leeschten si Pionéieraarbecht. Mat engem Kooperatiounsvertrag ass alles amtlech, esouguer de Bréifpabeier. Fir d‘Jugend ass déi Aart a Weis vun Zesummenaarbecht eenzegaarteg. Den Tëppelchen um I huet den Dr Schoos vun der Déiereklinik Mëllerdall gespent: e VW Bus fir déi nächst Generatioun… natierlech ënner dem Motto „Zwee Länner, Een Team“ (© Martine de Lagardère/Moien.lu)

E Virdeel och de Constat d‘Kreatioun vun enger neier Carrière als Beruffspompjee, ënnert dem Statut als Staatsbeamten. Déi ass op der Basis vun der existenter Carrière am Gemengewiesen, wéi et de Fall bei de Stater Pompjeeën ass, opgebaut. Esou gesäit de Gesetzprojet d‘Integratioun vir, beim erhale vun de Rechter, an de CGDIS, vun der Administratioun vun de Rettungsdéngschter an de Pompjeeën oder Protection Civile vun den eenzele Gemengen.

Mam „Sauvetage“ op der Musel ënnerwee. Den Inneminister Dan Kersch konnt sech iwwerzeegen datt zu Schengen/Remerchen all Handgrëff setzt. (© Martine de Lagardère/Moien.lu)

Och de SAMU an d‘Pompjeeë vum Fluchhafe falen ënnert d‘Gestioun vum CGDIS. Wat déi vum Fluchhafe betrëfft, ass drop hinzeweisen, datt d‘Gestioun fir d‘Administratioun vun der Fligerei gemaach gëtt.

Ouni déi Fräiwëlleg geet et net

Wichteg ass dem Inneministère awer d‘Erhale vun de Fräiwëllegen. Si sinn d‘Häerzstéck vum Rettungsdéngscht. De ganzen Dispositif berout nämlech op der Complementaritéit vun de Fräiwëllegen an de Professionellen. Esou ass sinn dann och am Gesetz zwou Mesure virgesinn, de Fräiwëllegen eng ugemoossen Unerkennung zouzegestoen.

Eng vun de Visittekaarte vun a fir Lëtzebuerg. Ouni am geréngsten d‘Aarbecht vun iergendengem Corps oder Spezialistenteam a Fro ze stellen, d‘Hondsstaffel huet eppes. Et dierf dann och drop higewise ginn, datt si bei sëllechen Auslandsasätz dem roude Léiw all Éier gemaach hunn. (© Martine de Lagardère/Moien.lu)

Festgehale gi muss och, datt dat Gesetz net aus engem Tirang gefall ass. Fir zum Text ze kommen deen elo an der Chamber zum Vote soll kommen, war mat alle concernéierten Acteure geschwat ginn. Un a fir sech, kann d‘Gesetz villes méi einfach maachen, och wann ee sech wäert mussen a Gedold übe bis sech alles agerenkt huet. De Kader steet, elo gëllt och weiderhin um engem Strack ze zéien.

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Lëtzebuerg, Protection Civile, Rettungsdéngschter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel