Search

You may also like

Editorial: Anti-Rassismus oder schonn Absurditéit?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Anti-Rassismus oder schonn Absurditéit?

Duerch d’Anti-Rassismus-Debatten ass grad a leschter Zäit eng richteg Juegd

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie
Kultur Neiegkeeten

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie

Wien eng zweet Editioun organiséiert, dee muss och un eng

D’Akademie vum Literatur-Nobelpräis muss sech hannerfroen
Kultur Neiegkeeten

D’Akademie vum Literatur-Nobelpräis muss sech hannerfroen

Et huet elo eng Zäitche rumouert, elo schéngt et fest

Erliefnis Baggerweier: E Paradäis fir Naturfrënn, Schwëmmer a Fëscher

Op der Musel setzen se op Qualitéit

Haut de Moie stoung beim Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an dem Tourismus Lex Delles eng Visitt vum Baggerweier zu Rëmerschen um Programm. Am Kader vun #VakanzDoheem gouf e weideren Eck vu Lëtzebuerg ervirgehuewen, deen duerch seng Schéinheet an Diversitéit besonnesch erausstécht. Nieft Waasserspaass an Natur setzt een hei speziell op Inclusioun.

Ugefaangen huet d’Visitt, ëm déi sech de Ramon Hemmer, Direkter vun der Erliefnis Baggerweier Asbl gekëmmert huet, beim neie Carpodrom. Nodeems de klenge Weier Enn lescht Joer opkaaft ginn ass, huet een dëse Beräich vun de Baggerweieren esou an d’Rei bruecht, datt et zu engem klenge Paradäis fir Fëscher ginn ass. Wärend beispillsweis de Papp mat der Angel d’Rou beim Waasser genéisst, kënne Mamm a Kand e puer honnert Meter weider schwamme goen.

Ma, do si mer schonn nees beim Stéchwuert Inclusioun: De komplette Site, dee vun der Erliefnis Baggerweier Asbl geréiert gëtt, soll fir jiddwereen accessibel sinn. Et huet ee sech op d’Besoine vu Persounen am Rollstull baséiert, sou datt dës Idyll zum Erliefnis fir all Bierger ka ginn. Aus dësem Grond ka Persoune mat Handicap och eng Assistance zur Säit gestallt ginn.

Baggerweier

© Martine de Lagardère/moien.lu

Houref op d’Ekipp

De Ramon Hemmer ass immens houfreg esou engagéiert Persoune ronderëm sech ze hunn, an och schwéier Situatiounen, wéi wärend dëser Pandemie, gutt gemeeschtert ze hunn. Hien erkläert„Et war en ongewéinlechen, awer passionéierten Ufank. Eis Ekipp ass d’Erausfuerderung mat engem exzeptionellen Elan an enger Panoplie un exzellenten Iddien ugaangen.“

Och bei de Ministere Bettel an Delles hunn d’Ae geliicht. Heibäi huet de Premier den Upassungsfäegkeet an den innovative Geescht vun der Asbl gelueft. Nom Confinement weist hie sech erfreet, datt een an der Naturreserv vun der Gemeng Schengen dem Alldag entkommen a vun der nationaler Offer profitéiere kann.

Baggerweier

© Martine de Lagardère/moien.lu

D’Sécherheet steet am Fokus

Wat a Saachen Erhuelung a Fräizäitaktivitéiten un der Sauer de Stauséi ass, sinn d’Baggerweieren – dozou gehéiert de Schwamm- a Fëschweier, wéi och de Biodiversum – fir d’Musel. Op enger Fläch vu 25 Hektar kann een am Waasser no Ofkillung sichen, sech iwwert d’Flora an d’Fauna an der Géigend informéieren oder och e schéinen Trëppeltour plangen.

Dobäi war et fir d’Erliefnis Baggerweier Asbl eng Prioritéit déi néideg Sécherheet op der Plaz ze bidden. Esou kënnt et, datt d’Personal den zweete Brevet als Schwammmeeschter muss hunn, fir am Noutfall direkt agräifen ze kënnen. An dësem Joer huet een awer glécklecherweis kee graven Tëschefall gehat.

An Zukunft wëll ee sech nach méi fir dofir asetzen, datt de Baggerweier fir all Alter interessant gëtt. Et hofft een sech mat verschidden Haiser eenegen ze kënnen, sou datt eeler Leit op Rëmerschen kommen, fir zesummen e puer flott Stonnen an der Natur ze genéissen. Och d’Opriichte vun Hochbeeter wier am Gespréich.

An dësem Kader erënnere mir drun, datt een och fir säin Openthalt um Baggerweier eng Online-Reservatioun duerchféiere muss. Mëttlerweil setzt een méi op Qualitéitstourismus, wéi op Megalomanie.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Visitt um Baggerweier zu Rëmerschen © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics #VakanzDoheem, Baggerweier, Carpodrom, Erliefnis Baggerweier Asbl, Fräizäit, Inclusioun, Lex Delles, Musel, Ramon Hemmer, Rëmerschen, Schwammen, Solidaritéit, Spadséieren, Tourismus, Xavier Bettel
Next post Previous post