Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SKOBE, de Kënschtler aus enger anerer Dimensioun
Kultur Neiegkeeten

SKOBE, de Kënschtler aus enger anerer Dimensioun

Mat 22 Joer ass den Jeremy Palluce, alias SKOBE, an

surprise
Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU
Kultur Neiegkeeten

Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU

Virum Parlament huet de briteschen Ausseminister gemengt, datt déi europäesch

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt
Kultur Neiegkeeten

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt

Dee vun der Kielener Kulturkommissioun organiséierte Kultur- a Konschtfestival, huet

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!

De Selektiounscomité huet den Ernie Hammes als Komponist vum musikalesche Wierk, dat extra fir d’Gebuertsdagsfeier vu S.A.R. dem Grand-Duc geschaf ginn ass, ausgewielt.

D’Kompositioun vu 4 Minutte fir de Symphonieorchester sollt ee festleche Stil hunn a fir 3 Oboen, 3 Flütten, 3 Klarinetten, 3 Bäss, 4 Coren, 3 Trompetten, 3 Trombonnen, 1 Tuba, 1 Harf, Pauken an 2 weider Perkussiounsinstrumenter entworf ginn („effectif: cordes 14/12/10/8/6“) geschriwwe sinn. D’Wierk dréit den Titel „Regiis Ostium (Royal Ouverture) for symphonic orchestra and choir“.

Um haitegen Nationalfeierdag wäert d’Stéck bei der Zeremonie an der Philharmonie vum OPL zur Erëffnung presentéiert ginn.

Ernie Hammes

© Jean M. Laffitau

Zum Komponist

Den Ernie Hammes ass am Joer 1968 gebuer an ee Virtuos op der Trompett. Donieft agéiert hien als Komponist, Arrangeur an Lëtzebuerger Dirigent. Virun allem am Beräich vum Jazz an der Klassik ass hie musikalesch ënnerwee.

Den Opruff zur Kreatioun vum Gebuertsdagsstéck ass vum Staatsministère an dem Kulturministère ausgaangen. Am Ganzen hu sech 18 Kandidate gemellt. Belount gëtt de Gewënner mat 3.000 € (oTVA).

Opmaacherfoto: © Jean M. Laffitau

Ähnlech Sujeten Ernie Hammes, Nationalfeierdag, OPL, Philharmonie, Regiis Ostium
Nächsten Artikel Virrechten Artikel