Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger
Gëschter huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eng Konventioun zur Kooperatioun, mat der Presidentin vun der Fondatioun Caritas, Marie-Josée Jacobs, ënnerschriwwen. Zil vun dëser Zesummenaarbecht: Integratiounsklassen an der Erwuessenebildung, op Niveau 5ème.
Mat dëser Konventioun gëtt et ab der Rentrée 2018 sechs Klasse vum Niveau 5ème „générale“, déi an ënnerschiddlecher Schwieregkeetsgraden ugebuede ginn. Beispillsweis mam Schwéierpunkt Franséisch oder Däitsch. Allgemeng gëtt de Studenten och Mathematik a ConMo, esou wéi digital Kompetenz a Orientéierungsseancen ugebueden.
Domatter kréien d‘Kandidaten, a Relatioun mat den Zensuren an engem Orientatiounsrot, de Wee opgemaach, eng weider schoulesch Ausbildung op méi héijem Niveau oder eng Beruffsausbildung ze ergräifen.
Fir déi Kandidaten, déi schonn iwwert en Diplom verfügen, mat deem si Zougank zu héijer Studien hätten, awer net déi Sprooche beherrschen déi noutwenneg sinn fir op der Uni ze studéieren, deene gëtt eng Formatioun an enger Klass ugebueden, déi se doropper virbereet. Zudeem soll et fir déi Leit wou an de System „am Laf vum Joer“ eraklammen, sougenannte „Passerelle-Klasse“ ginn.
Eng Qualifikatioun an d‘Maîtrise vun de Landessproochen, si Viraussetzungen déi et engem Erwuessenen erméiglechen, sech laangfristeg um Aarbechtsmaart ze etabléieren. De Niveau 5ème – equivalent mat enger 9ème – ass d‘Grondlag fir den Accès zu der Héichschoul oder Beruffsausbildung.
D‘Caritas bitt déi sougenannten „Passerelle-Klassen“ säit gutt 10 Joer un. Dat fir jonk Erwuessener an Erwuessener, déi frësch am Land ukommen. Wéinst dem massiven Zouwuess vun Demandeure fir internationale Schutz, huet de Service vun der Erwuessenebildung vum Educatiounsministère, en entspriechenden Dispositiv ausgeschafft.
An deem elo d‘Ressource an d‘Qualifikatioune vu béiden Institutiounen zesummegeluecht ginn, entsteet eng Offer, déi e gréissere Public usprécht a méi Inhalt bitt, an dat schonn ab September 2018.
Foto: Den Educatiounsminister Claude Meisch mat der Presidentin vun der Fondatioun Caritas, Marie-Josée Jacobs. Si hunn de 16. August, eng Konventioun am Beräich vun der Erwuessenebildung ënnerschriwwen. Ab dëser Schoulrentrée, trëtt déi a Kraaft. © sip/MENEJ