Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Bam fir d‘Liewen
International Neiegkeeten

Ee Bam fir d‘Liewen

En Donneschdeg 27. Februar haten d‘Krapperten aus der Bëschspillschoul vun

Äerdbiewen an Albanien
International Neiegkeeten

Äerdbiewen an Albanien

Um Samschdegnomëtten ass widderholl zu Äerdstéiss komm. Dat stäerkst Äerdbiewen

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen
International Neiegkeeten

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel

Britescht Parlament erzwéngt Fristverlängerung

Et war nees eng batter Néierlag fir de Boris Johnson a wahrscheinlech fir dat ganzt Kinnekräich

Britescht Parlament erzwéngt Fristverlängerung

Déi britesch Regierung huet also am Numm vum Premierminister elo awer e Bréif op Bréissel geschéckt, mat deem eng Fristverlängerung nogesicht gëtt. Mat 322 Stëmme géint 306 hunn d‘Deputéiert en Antrag gestëmmt, mat deem d‘Entscheedung ausgesat gëtt, bis dat entspriechend Ratifizéierungsgesetz ugeholl ass.

Mat engem Bréif un d‘EU-Kommissioun – well d‘Gesetz et esou wëll – huet déi britesch Regierung elo awer nach missen nofroen, ob een den Austrëtt net awer nach hannert den 31. Oktober leeë ka well et wier ee sech nach net eens. De Rotspresident Donald Tusk huet bestätegt dëst „Schreiwes“ erhalen ze hunn an dat hien elo mat de 27 Staats a Regierungscheffen eng Äntwert berode muss.

Et war allerdéngs keng Iwwerraschung. Keen zu Bréissel, deen op e Minimum u Verstand kann zréckgräifen, ass dovunner ausgaangen, datt London dem „New Deal“ géif zoustëmmen. Elo kéint de Brexit nach bis no Chrëschtdag erhale bleiwen. An déi ënnerschiddlech „Lager“ haten dat laang am Viraus jo och eigentlech onmëssverständlech ugekënnegt. Dobäi wëllen se awer goen…

FristverlängerungDe Boris Johnson sengersäits war nom Vott eppes „opbruecht“ an huet op en Neits erkläert hie wier net verflicht mat Bréissel iwwert eng Verlängerung ze verhandelen. Hien hält weider um geplangten Termin, also dem 31. Oktober fest a kann der Kommissioun net empfeelen der Ufro nozekommen. Dofir wëll hien d‘Gesetz zu Ratifizéierung en Dënschdeg abréngen an driwwer ofstëmme loossen.

Hie wier weder ageschüchtert nach geschockt, sot de britesche Premier no der kaler Dusch am House of Commons. Mat hirer Entscheedung, hunn déi britesch Parlamentarier elo de Ball nees un d‘EU zréck gespillt, an hei sollt et sech elo entscheeden, ob et en haarde Brexit gëtt. Eng schwiereg, well wirtschaftlech net ongeféierlech Decisioun, déi d‘Briten den Europäer ofverlaangen.

Fristverlängerung

Si hunn Europa nach net opginn. © Sweansea4Europe

Dobäi huet jiddereen es déck Sat an kaum e Staats- oder Regierungschef huet nach Loscht op déi stänneg imprevisibel Befëndlechkeete vun der britescher Politik anzegoen. An déi 27 mussen och nach „eestëmmeg“ dëser Verlängerung – déi kee wëll – zoustëmmen. Dat awer géif en zimleche Chaos fir d‘Wirtschaft bedeiten an och aner Liewensberäicher impaktéieren. Net grad einfach…

Op de Stroosse gëtt och debattéiert

Während sech d‘Volleksvertrieder am House Of Commons tëscht „Ooorder“ an „Nay“ verbal keng Kaddoe gemaach hunn, ass et op de Stroossen zu London och ëm de Brexit, den Deal a villes méi gaangen. Woubäi eigentlech wollten déi wäit iwwer 100.000 Brexit-Géigner, déi sech versammelt haten nëmmen eppes: en neie Referendum. D‘Vollek sollt bestëmmen ob et iwwerhaapt nach wëll.

FristverlängerungLaut den Organisateure, sollen et iwwer 1 Millioun Leit gewiescht sinn, déi deelgeholl hunn, vun der Police gëtt dat esou net bestätegt, si hu leedeglech confirméiert datt „vill lass“ war. Mat derbäi, de Londoner Buergermeeschter Sadiq Kahn an iwwer 170 dekoréiert Ween (et war wéi Fuesent) déi duerch Stad gezu sinn an schliisslech um Parvis vum Parlament zesummekomm sinn.

Wéi d‘Resultat vum Vott am Parlament dobausse verkënnt gouf, hunn d‘Demonstrante applaudéiert. A wéi no der Sëtzung d‘Politiker wollte goen, hunn der e puer missen op eng Police-Eskort missen zréckgräifen. Esou d‘EU-Austrëttswirtschaftsministerin Andrea Leadsom, déi sech méi wéi nëmme Beleidegungen huet missen unhéieren. Woubäi et waren net nëmme Brexit-Géigner ënnerwee…

Fristverlängerung

Si bleiwen determinéiert, mee wouhinner soll e méigleche Referendum féieren? © Stu

A wann een elo duerchaus Versteesdemech fir d‘Fuerderung no engem Referendum kann hunn, an ugeholl et wier méiglech dësen ze organiséieren, wat ass wann dësen nees fir en Austrëtt ass? Vill Brite vertriede mëttlerweil d‘Usiicht datt et besser wier en „Enn mat Schrecken“ erbäizeféiere wéi dëst „Schrecken ouni Enn“ matzemaachen. Dat dierft bei de meeschten Europäer net anescht sinn.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Donald Tusk, EU-Kommissioun, No Deal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel