ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours

Israel huet gëschter Owend bei der Final zu Lissabon, fir déi véierte Kéier a senger Geschicht, den Eurovisiounsconcours gewonnen. Dat mat engem Lidd dat vum #MeToo Esprit inspiréiert ass, a bei der grousser Majoritéit vu Milliounen Zuschauer Zoustëmmung fonnt huet.

D‘Lidd „Toy“, en Opruff fir déi feminin Emanzipatioun a géint all Form vu Belästegung, ass vun der israelescher Sängerin Netta Barzilai (25) interpretéiert ginn. Eng jonk Fra, déi mat hirem liichten Iwwergewiicht, esou ganz de Géigendeel vun der „typescher telegener Diva“ duerstellt.

„Merci datt dir den Ënnerscheet ugeholl an d‘Diversitéit zelebréiert hutt“, esou déi éischt Reaktioun vu Sängerin. Mat Tréinen an den Aen, huet si an der Altice Arena, dem gréisste Concertssall vu Portugal, den 11.000 Enthusiasten déi sech mat Fändelen oder Kleedung an de Faarwe vun hire Natiounen ausstafféiert haten, zougeruff: „Ech hu mäi Land gären“.

„Ech sinn tatsächlech iwwerrascht a immens frou. Et ass eng ganz flott Aart a Weis de 70. Gebuertsdag vum Staat Israel ze feieren“, esou den Temoignage vum Ariel Lopstein, en 43 järege Fan deen extra vu Madrid ugereest war.

Mat „Toy“ engem Lidd dat vum Mouvement #MeToo inspiréiert ass, huet d‘Netta zur Emanzipatioun vun de Fraen an géint all Form vu Belästegung opgeruff. © Franciso Leong/AFP

Mat senger kräfteger Stëmm, senge Grimassen an vum Rhythmus gesteiert, huet d‘Netta den Duell fir sech entscheet. En Duell, an deem et sech der griichescher Sängerin mat albanesche Wuerzelen, dem Eleni Foureira, dat fir Zypern ugetrueden ass, huet misse stellen. D‘Eleni hat mat „Fuego“ eng Performance higeluecht, déi him de Verglach mam Shakira oder Beyoncé abruecht huet.

Et kann nëmmen ee Land gewannen

Dem Netta seng Victoire huet an Israel eng grouss enthusiastesch Well ausgeléist. Israel hat den ESC schonn 1978, 1979 an 1998 fir sech entscheet. An esou war kee verwonnert, datt honnerte Supporter mat Danzen, virun der Märei vun Tel Aviv, hir Freed zum Ausdrock bruecht hunn.

Och de Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet sech net zréckgehalen, an d‘Sängerin no senger Victoire ugeruff. Hie soll dem Netta gesot hunn: „du bass déi beschten Ambassadrice fir Israel, mir hunn dech gären“.

Mat senger Victoire trëtt d‘Netta Barzilai d‘Nofolleg vum portugisesche Sänger Salvador Sobral un. Him war mat enger jazzescher Ballade, 2017 den Exploit zu Kiew gelongen. Nodeems de Salvador nach déi leescht Woch gemengt hat, datt „dat“ Lidd schrecklech wier, huet hien dann awer dierfen der Sängerin de Präis iwwerreechen.

Wien den ESC gewënnt dierf säi Lidd nach emol virbréngen, an d‘Netta huet et sech net huele gelooss mat der Trophée dem Publikum eng „Zugab“ ze ginn. © Franciso Leong/AFP

An de Wettbüroe vun dëser Welt awer war d‘Netta, schonn zanter Wochen de Favorit. D‘Israelitin war kuerzzäiteg op déi zweet Plaz gerëtscht, mee konnt sech um Enn awer behaapten. Dat mat Hëllef vun de Punkten, déi vun den Tëleeë-Spectateure vun den 43 Länner déi matmaachen.

Bis dohinner hat den éisträichesche Kandidat Cesar Sampson fir d‘Iwwerraschung gesuergt. Hien hat sech nom Vote vun der Jury op der éischter Plaz positionéiert. Vill Hoffnung hat et och am franséische Lager ginn. Am Virfeld vun der Finale, war dem Duo „Madame Monsieur“ mat „Mercy“ eng gutt Placéierung virausgesot ginn. Um Enn ass et awer nëmme Plaz 13 ginn.

Lëtzebuerg hat och dëst Joer nees kee Kandidat fir den ESC opgestallt, dofir erreechen eis däitsch Nopere mam Michael Schulte eng ganz gutt véiert Plaz. Ronn 200 Milliounen Tëleeë-Spectateuren hunn den 68. Eurovision Song Contest begleet, a mat hirem Vote dem Netta d‘Victoire abruecht.

mam Thomas Cabral/AFP

Foto: D‘Gewënnerin vum 68. Eurovision Song Contest (ESC) ass d‘Netta Barzilai aus Israel. Déi aussergewéinlech Persoun huet mat „Toy“ net d‘Jury mee d‘Zuschauer virun hiren Tëleeën iwwerzeegt. © Franciso Leong/AFP