Search

You may also like

Police: Wat op eise Stroossen esou lass war
Kultur Neiegkeeten

Police: Wat op eise Stroossen esou lass war

Et war nees en ustrengenden Donneschdeg fir eis Polizisten. Si

Petitioun zum Verbuet vum Handel mat Haiflossen – Är Stëmm zielt!
Kultur Neiegkeeten

Petitioun zum Verbuet vum Handel mat Haiflossen – Är Stëmm zielt!

Stell Dir et einfach emol vir: Du läis gemitterlech um

Peking reagéiert verstëmmt op d‘US-Gesetzer
Kultur Neiegkeeten

Peking reagéiert verstëmmt op d‘US-Gesetzer

Nodeems den Donald Trump déi vum US-Kongress virgeluechten „Hong Kong

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn

Zu Esch-Uelzecht ass ee beméit nees esou eppes Normalitéit ze fannen, an esou kann sech elo och nees dem Kulturellen zougewennt ginn. De Schäfferot huet elo also entscheet, sech sengem kulturellen Optrag am Kontext vun Esch 2002 (europäesch Kulturhaaptstad) nees eppes méi konkret unzehuelen. An enger Visiokonferenz huet de Kulturschäffen déi nächst Schrëtt resuméiert.

Fir den Affekot an Deputéierte Kulturschäffen, Pin Knaff (DP) geet et emol primär, d‘Interaktioun tëscht de verschiddenen Acteuren, dem Public, de ville Stäipe vun der Gesellschaft, den diverse Kulturschafenden an den Institutiounen ze erméiglechen. Dat setzt viraus, datt et Standuerter gëtt, déi dës Interaktioun a Verbindung zouloossen. Dräi esou „Standuerter“ huet de Schäffe genannt.

Dat sinn dat fréiert Miwwelgeschäft „Lavandier“, d‘Bridderhaus an d‘Gebai N°4 op der Friche zu Esch-Schëffleng. Déi zwee éischt genannte Standuerter sinn elo net nei, si goufe widderholl bei anere Geleeënheet genannt. Wat d‘Gebai N°4 op der industrieller Friche zu Esch-Schëffleng ugeet, esou soll datt an der Kommunikatiounsstrategie vun Esch 2022 eng zentral Roll anhuelen.

Dës Infrastruktur gehéiert wuel nach ëmmer ArcelorMittal, mee ass mat senge ronn 3.000 Qm ideal fir als Uert vun der Begéinung an der kollektiver Erprouwung genotzt ze ginn. Vill Plaz also fir Aktiounen ouni „Etikett“ ze organiséieren, well d‘Raimlechkeeten net „festgeluecht“ sinn an den Notzen net virbestëmmt ass. An de Kulturschäffe geet hei nach ee ganze Schratt méi wäit.

Op dëser Plaz sollen déi sozial Innovatioun an d‘Kreatioun matenaner verbonne ginn, an hie kann sech esouguer virstellen, datt een sech hei nei Liewensforme virstelle kann. Wat dorënner ze verstoen ass, mussen d‘Leit elo awer selwer erausfannen, den Detail, respektiv de Sënn dozou, gouf an der „Presentatioun“ leider net verständlech erläutert. Dofir huet et awer aner Detailer ginn.

Jidderee ka matmaachen

Esou gëtt ronn en Drëttel vum Espace fir „permanent Residente“ reservéiert. Acteure vu kulturellen a soziokulturelle Projeten, wéi d‘Associatioun Hariko, ee Projet vum Lëtzebuerger Roude Kräiz. Mee och „Independent Little Lies“, den SNJ an den Zentrum fir ekologesch Bildung vun „Transition Minett“ sollen hei hir fest Plaz zougestane kréien. Et gëtt also awer Raum festgeluecht.

Fir de Recht bleift d‘Gebai N°4 en Uert deen allen opsteet, wëll, esou de Pim Knaff, „jidderee muss op déi eng oder aner Manéier dierfen u kënschtlereschen Aktivitéiten deelhuele kënnen, an dem Prozess vun der Kreatioun eppes bäisteieren dierfen. Zudeem soll jo och vun de gutt 5.000 Qm Alentoure profitéiert ginn. E Raum fir Artisten an Associatiounen ouni „Residenz“…

Den neien artisteschen Direkter vun Esch2022, Christian Mosar, iwwerhëlt dann och hei déi kulturell Direktioun. Hie kann sech hei op d‘Zesummenaarbecht mat der Associatioun frEsch Asbl stäipen, déi kierzlech gegrënnt ass. Dat zum Zweck fir déi kulturell Strategie „Connexions“ vun der Stad Esch ze implementéieren, an deem si d‘Gestioun oder d‘Begleedung vu Projeten iwwerhuelen.

frEsch Asbl huet och den Optrag d‘Ierfschaft vun Esch 2022 virzebereeden, an esou de Projeten ee Sënn ze ginn, an déi ganz Dynamik an der Regioun ze geréieren. Woubäi et hei net drëms geet, sech deene Projeten unzehuelen, déi net vun Esch 2022 zréckbehale goufen. D‘Associatioun kritt och keen Zougrëffsrecht op den Inhalt vun dësem Event, mee soll komplementar sinn.

Illustratioun: Wéi vill Geld hei ArcelorMittal fir d‘Gebai N°4 kritt ass net gesot ginn, mee vu datt net betount ginn, ass datt de Stolkonzern d‘Raimlechkeeten zur Verfügung stellt, ass dovunner auszegoen, datt d‘Gemeng hei wäert musse Loyer bezuelen. Sollt deem wierklech esou sinn, wier dat schued. © Gemma Evans / unsplash

Related topics Christian Mosar, Esch 2022, Esch-Uelzecht, Kultur, Pim Knaff
Next post Previous post